Seefe-Kätti

E klenge Chemieslabo fir Doheem – esou ongeféier kéint een dem Andreia Pereira säin homemade Seefenatelier beschreiwen. Viru fënnef Joer ass déi jonk Educatrice op de Goût vum Selwermaache komm an huet säitdeem seng Leidenschaft (quasi) perfektionéiert. “Am Ufank hunn ech d’Seefen amfong just fir mech gemaach, well ech ëmmer Eczema un den Hänn hat a vun enger Frëndin senger Mamm selwergemaache Seefe krut, déi mir wierklech gehollef hunn”, erënnert sech dat 26-Järegt. Op Facebook ass d’Andreia kuerz drop op en Event vu “Lili’s bubble dreams” gestouss an huet sech direkt fir de Cours beim Liliana Horta Coelho ageschriwwen. Am Workshop gouf dunn net nëmmen erkläert, wéi Seef gemaach gëtt, ma och wat alles an deene Produiten dran ass, déi een iwwerall fäerdeg ze kafe kritt. “Mech huet et immens schockéiert, dass dat wat d’Seef zum schaime bréngt, fréier eigentlech benotzt gouf fir Teppecher ze botzen. Dat ass weder ëmweltfrëndlech, nach gutt fir d’Haut a schued eisem Ökosystem enorm“, esou d’Andreia.

Fir hatt war kloer: ab do wéilt hatt just nach selwergemaache Seefe benotzen – an hierstellen. D’Rezept vu „Lili’s bubble dreams“ huet d’Basis gi fir des nei Missioun, ma no villen Experimenter doheem an der Kichen hat d’Andreia iergendwann den Trick eraus an huet ugefaangen, seng eege Formullen ze entwéckelen: „Meng Schwëster huet e Buch mat der ganzer Theorie zum Thema Seefe fonnt a wärend der Quarantän dëst Joer hunn ech dunn ugefaangen, richteg lasszeleeën. Et muss ee vill Rechnunge maachen an extrem präzis doran sinn.“ Aus der Léift fir Selwergemaachtenes ass esou bei der Educatrice och eng Léift fir d’Chimie dohannert entstanen. An des brauch et och, wann ee Seef wëll maachen, ouni sech dobäi d’Fanger ze verbrennen.

Natriumhydroxid ass d’Basis fir de Verseefungsprozess an am Ufank héichätzend. Wann een domat schafft muss ee wierklech oppassen, dofir lageren ech et och esou, dass keen aneren drukënnt“, verréit d’Andreia.

Equipéiert mat Mondschutz an Händschen huet dat 26-Järegt sech sou säin eegene Labo opgebaut – de Numm „Andreia’s lab“ war fir säi klenge Business also nëmme passend. Dat wat seng Kreatiounen awer virun allem ausmécht, sinn déi reng natierlech Inhaltsstoffer, déi d’Andreia benotzt. „Meng éischt Seefe ware ganz basic Naturseefe mat Sheabotter, Kokosnossueleg an Olivenueleg. Déi si perfekt fir sensibel Haut.“ Mëttlerweil huet seng Gamme u Produiten sech awer erweidert a vun Handseef iwwer Lipbalm bis hin zu „no poo“ haardem Shampoing fir fetteg Hoer fënnt een op senger Insta-Säit alles, wat eng natierlech Kierperfleeg beinhalt. „Meng läscht Kreatiounen si Salbei-Rosmarin-Seefen, vegan Schokelasseef a Seefe mat Macadamia a Mandel“, esou d’Andreia. Wien et léiwer e bësse méi fruuchteg huet, dee gëtt mam Aprikosen-Lipbalm fündeg, soss stinn op der Lëscht och nach Saache wéi Raséierseef oder Chantilly de karité.

Parfum gëtt an de Seefe vun „Andreia’s lab“ kee benotzt, nëmmen ätheresch Ueleger, déi dem ganzen nach de besonneschen Touch ginn.

„Alles wat ech kafen ass Bio, a lo wou ech fäerdeg si mat der Uni hunn ech mir och wierklech vill a gutt Material fir d’Produktioun vu menge Saache gegënnt“, seet d’Educatrice happy.

D’Suen déi hatt mam Verkaf vu senge Produite mécht, wanderen dofir och net wierklech a seng eegen Täsch, ma ginn a méi héichwäerteg Zoutaten investéiert.

„Mäin Zil ass et net e Business opzebauen, mee de Leit ze weisen, wéi et och anescht geet an dass Selwermaachen amfong ganz einfach ass.“

De „grénge“ Liewensstil huet d’Andreia perséinlech scho méi laang fir sech entdeckt:

„Et huet amfong ugefaange wéi ech bis eleng gewunnt hunn a feststelle misst, dass ech nom Akafe mat dräi Tuten erop an d’Wunneng gaange sinn a rëm mat enger Tut voll Plastik erofkoum. Dat huet mech immens gestéiert.“

No an no huet dat 26-Järegt dowéinst ugefaangen, seng Gewunnechten ëmzestellen a méi nohalteg ze liewen.

„Ech fille mech doduerch immens mat der Natur verbonnen, och wann ech meng Seefe maan“, seet d’Andreia.

Ëmsou méi freet et d’Educatrice, dass säin Ëmdenken och en Afloss op säin Emfeld huet an ëmmer méi Frënn sech him uschléissen an op Bienenwachsfolie, Shampoing am Stéck a Co. statt Plastik zeréckgräifen.

„Am Ufank ass et zwar relativ deier, mee op laang Weil gëtt et dech vill méi bëlleg, well vill Saachen einfach vill méi laang halen a benotzt kënne ginn.“

Gedold muss déi jonk Creatrice och bei der Produktioun vu senge Seefen hunn, well dës sinn net vun haut op muer direkt ready to use: „Et dauert dräi bis véier Deeg bis een se aus der Form huele kann a da mussen se mindestens véier bis aacht Wochen dréchnen. Wat se méi laang leien, wat se besser ginn.“ Op eng Oliveseef waart een esou eng gutt sechs Méint – dem Andreia seng gëtt deemno dësen Oktober fäerdeg. Ma d’Waardezäiten si fir d’Educatrice awer keen Thema, well mëttlerweil sinn seng Regaler doheem gutt mat Eegekreatioune gefëllt a prett, fir verschéckt ze ginn. Wien eppes bei „Andreia’s lab“ bestelle wëll, dee kann hatt einfach bei Instagram uschreiwen.

„Ech maache Seefe fir ganz vill verschidden Hauttyppen a maachen dës och ëmmer en masse, dat heescht et misst fir jiddereen eppes dobäi sinn“, seet dat 26-Järegt.

Den Ament bastelt d’Andreia nach e bëssen u sengem Packaging fir och do eng Optioun ze fannen, déi genau dat representéiert fir dat hatt steet: Natierlechkeet. Bis et esou wäit ass, gëtt einfach mat dem geschafft, wat hatt souwisou doheem trëllen huet. A wien seng flott Seefe bis gesäit, deem ass dat Ronderëm eigentlech iergendwéi och egal – et geet jo schliisslech em dat, wat dran ass. Well nieft hire ville gudden Eegenschafte fir d’Haut an d‘Natur hunn dem Andreia seng Kreatioune virun allem eppes: e Look, deen zwar simpel ass, mat der richteger Presentatioun awer iergendwéi fir dran ze bäissen ausgesäit. Praktesch, wann een en Hobbyfotograf mat engem Aan fir Ästhetik als Frënd huet an dësen sech och fir all Projet begeeschtere léisst.

Ma wéi kéint een och net begeeschtert vum Andreia senge Seefe sinn, zemools an Zäite vu Corona wou Hänn wäschen d’A an O vum Alldag ass. De gréisste Fan vun „Andreia’s lab“ ass wuel awer d‘Créatrice selwer: D’Leidenschaft fir dat wat hatt mécht, gesäit een him op all eenzel Foto of: „Et ass einfach mega wann s de an de Keller kënns an et richt schonn no Seef, dat mécht direkt frou!“ Bei souvill Enthusiasmus gëtt esouguer dat permanent Geschrubs en Tick méi attraktiv, a wien dann trotzdeem kee Bock op Seef huet: E Schnatz Chantilly de karité klengt dach och verlackend 😉

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply