Sexy zweet Haut

Eis Ënnerwäsch ass wéi eis zweet Haut, dofir ass et immens wichteg, dass mir eis domat wuelfillen, a virun allem och sexy spieren. Déi richteg Dessous ruffen d’Femme fatale an eis waakreg, ënnerstëtzen eist Selbstbewosstsinn an ënnersträichen eis Perséinlechkeet. Ma et ass nik sou einfach déi perfekt Ënnerwäsch ze fannen, déi gutt sëtzt an natierlech och gutt ausgesäit. Mir hunn en Site entdeckt, wou dir är Wonschdessous ganz einfach selwer designe kënnt.

Wien kennt de Problem nik, d’Patricia vun Apodesme huet viru Joren Ënnerwäsch gesicht fir bei een Oweskleed an huet einfach nik dat fonnt wat et wollt. Doropshin ass d’Iddi vun engem Internetsite entstanen op deem een seng Dramdessous selwer designe kann. D’Patricia schafft nëmme mat héichwäertegen Textilien, a sicht déi genausten aus. D’Dessouse ginn a Frankräich bei enger extraer Dessous Schneiderin op der Hand gebitzt. Dat kléngt bal ze schéi fir wouer ze sinn. Dofir teste mir dëse Site fir iech.

 

Op www.apodesme.com kann ee mat just puer Klicken seng Dramzweethaut zesummesetzen. Et wielt een am Ufank seng Hautfaarf aus, dono kënnt d’Form vu sengem Kierper drun. Et soll een éierlech sinn, well et kritt een nämlech unhand vu senger Form déi passend Méiglechkeete vun Ënnerwäsch ugewisen, déi een nach méi schéi soll ausgesi loossen. Dono muss ee sech op verschiddene Platze moosse fir dassen d’Dessous perfekt passen. Hei kritt een um Site ganz genau erkläert wéi een sech am beschte moosst. Dann sicht een sech de Stoff an och d’Faarf eraus aus deem de Soutien an d’Ënnerbox solle bestoen. Et kann ee wielen tësche Spëtzt, Seid a Lieder. Zum Schluss kënnt dann nach den Design selwer drun wou ee verschidden Designs zur Auswiel huet fir unzeclicken. Den Highlight ass, dass een och nach ka Steng oder Putschen eraussichen, fir d’sexy Kombinatioun nach méi extra ze maachen. D’Draamdessous, richteg Unikater ginn dono bestallt an se brauchen ongeféier zwou Woche bis se ukommen.

Ech sinn erstaunt wéi einfach et ass alles rauszesichen an et ass immens spannend sech selwer Dessous ze designen. Ech wollt schon ëmmer eng Kéier Liedersdessous. D’Virfreed ass jo wéi se soen déi gréisste Freed, ganz nom Motto „Le Désir avant le plaisir“.


 

Wann d’Dessous ukommen ass et wéi Chrëschtdag an Ouschterdag zesummen. Voller Spannung rappen ech déi schéin verpaakten Këscht op an moossen d’Lingerie un. Se sëtzt wéi eng 2. Haut, einfach perfekt an ech fille mech richteg classy a sexy domatt. Een schéine Kaddo fir mech selwer.


 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply