Smile now

Wäiss Zänn gehéieren einfach zu engem schéine Laachen dozou. Wien seng Zänn gär pärel wäiss wëll hunn, kënnt un engem professionelle Bleaching nik dolaanscht. Normalerweis kann een dat just bei engem Zänndokter maache loosse wat richteg deier kascht an dës Methode gräift och d’Zänn un. Mir hunn fir iech eng super Alternativ fonnt…

Ganz nei matzen am Zentrum vun der Stad ass viru kuerzem eng Bleaching Bar “Smile now” opgaangen, déi mir testen.

De Rv huele geet ganz einfach via hirem Internetsite. Et kritt een direkt d’Bestätegung per Sms. Si bidde 4 Formullen un: De Simple Smile, den Happy Smile, de White Smile an den Diamond Smile. Ech entscheede mech fir den Diamond Smile, dat sinn 100 Minutte Bleaching Zäit an domat kritt een dat beschte Resultat.

Ukomm bei Smile now kréien ech ganz genau erkläert wéi d’Methode funktionéiert. D’Bleache vun den Zänn geschitt hei mat reng natierleche Produiten ouni Chimie, dofir ginn d’Zänn och nik ugegraff. D’Zänn ginn och natierlech wäiss an nik sou kënschtlech wäiss wéi een et vun anere Bleaching Methode kennt. Mir maachen eng Foto vu mengen Zänn fir dono de Vorher/Nachher Effekt ze hunn. Meng Zänn si verfierft duerch de Kaffi a roude Wäin.

Ech ginn an enger Lounge installéiert wou ech bequem sëtze mat enger Decken an ech ka mir och Musek oder souguer Netflix umaachen. Dann gëtt e Gel op meng Zänn opgedroen an dono kënnt d’LED Luucht drop. Ech genéissen déi Zäit als Metime wou dat eng 20 Minutte wierkt. Dono kucke mir d’Resultat, ech maachen nach weider 2 Sessions bis ech mam Resultat zefridde sinn. Meng Zänn si super wäiss ginn an ech sinn immens frou. An dat Bescht um Ganzen ass, dass alles sou einfach gaangen ass. Ech konnt d’Zäit op der Platz genéissen, den Traitement huet nik wéi gedinn a meng Zänn oder d’Zännfleesch sinn och nik ugegraff ginn. Nom Bleache soll een een Dag op Alkohol a Kaffi oder Téi verzichten a keng rout Rommelen iessen oder soss Liewesmëttel déi d’Zänn erëm kinnte verfierwen. Wann dir nik zefridden mam Resultat sidd, kritt dir souguer en Bong fir dass dir nach eng Kéier kënnt rëmkommen.

Wann een säi wäisst Laachen dotëscht mol rëm wëllt opfrëschen ass dat séier mat enger Session vun 20 Minutte gemaach. Ech si begeeschtert.

Wann dir och vun engem wäisse Laachen dreemt, da gitt bis laanscht bei Smile now oder clickt op hire Site, et lount sech op alle Fall!

Text: Mady Lutgen mat Smile now

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply