Sober Socials

Den 22. Oktober, also dëse Samschden, organiséiert d’Jessica Weis déi éischt “sober socials” (Link: https://sobersocialsluxemburg.org/) zu Lëtzebuerg. Tëscht 16 an 20 Auer kënnen sech Leit, déi entweder selwer keen Alkohol drénken, driwwer nodenken, hire Konsum ze reduzéieren/ze bëennegen, oder sech einfach fir d’Thema interesséieren am Bazaar an der Stad treffen, fir hei interessante Virträg nozelauschteren, alkoholfräi Cocktailen, Béier an Drinks ze probéieren an einfach zesummen eng gutt Zäit ze verbréngen. Hei heescht et nämlech net “It’s whine o’clock”, mee “It’s my o’clock”!

“D’Liewen ass net ëmmer einfach, mee et ass vill méi einfach, wann een e klore Kapp huet.“ Zanter iwwert engem Joer ass d’Jessica Weis „sober“ – dat heescht, hatt drénkt keen Alkohol méi. 2020 hat d’Jessica an engem Podcast d’Erfarungsberichter vu Fraen a Mammen héieren, déi hiren deeglechen Alkoholkonsum op Null geschrauft hunn, an sech säitdeem vill besser fillen. “Dat hänkt natierlech vum Konsum of, mee wann een e sougenannte ‘grey-area drinker’ ass, wéi ech et war, also méi drénkt, wéi ee sollt an awer kee klasseschen Alkoholiker ass, da spiert een sech iergendwann de ganzen Zäite kierperlech a mental midd, an esou wollt ech mech einfach net méi fillen”, seet dat 41-Järegt.

Ganz jonk schonn ass d’Jessica op de Goût vum Alkohol komm, mat 19 ass hatt dunn op London geplënnert a säi geleeëntlecht Drénken huet eng nei Envergure ugeholl. “Ech hunn ëmmer zimmlech Vollgas ginn a wann ee jonk ass, da verkraaft een déi Quantitéiten, déi een drénkt, och vill méi schnell. Den Hangover dauert da just een Dag, mee dat huet sech mat de Joren awer geännert.” Et wier zwar net ëmmer alles negativ gewiescht a vu ville Soiréeë gëtt et och flott Erënnerungen, ma iergendwann ass aus dem Weekend-Prosten eng Aart Däiwelskrees ginn, dee sech duerch déi ganz Woch gezunn huet.

“Du bass gestresst vun der Aarbecht oder vun de Kanner, kënns heem a wëlls e bëssen erofkommen, also drénks de mol e Glas Wäin. Du drénks emol net wierklech aus Genoss, mee fir ze relaxéieren”, erkläert d’Jessica. Iergendwann géif dat Ganzt zur Routine ginn, ma vum Alkoholkonsum vum Dag virdru wier een nach méi midd – ergo géifen aus een, zwee Glieser op eemol eng ganz Fläsch ginn. “Mir haten ëmmer vill Wäin am Haus, well meng Famill an déi vu mengem Mann all gären drénken, also war meng Toleranz och deementspriechend héisch.” Wärend sech de Patt an der Woch just op Owes beschränkt huet, hunn d’Jessica a seng Frënn weekends schonn deels Moies ugefaangen: mam Apero, dem Glas Wäi beim Mëttegiessen, duerno d’Béier um Dëppefest, nees den Apero virum Owend, den Digestif.

“Oft war ech net wierklech voll, well een sech jo awer bremst, mee wann s de dann owes ufänks mat zielen, wat s de alles gedronk hues, dann erschrecks de gäre mol.” Op der Aarbecht huet d’Jessica eng Positioun mat vill Responsabilitéit an och doheem muss hatt als Mamm kucken, dass de Buttek rullt. Wann de Kapp am Passé also net kloer war, dann huet een dat alt verstoppt. “Mat der Zäit sinn ech awer ëmmer méi midd ginn a meng mental Gesondheet huet dorënner gelidden. Ech hunn ugefaangen, ënnerlech nervös ze sinn an Angoissen ze maan”, esou d’Jessica. Aus Gewunnecht a fir d’Äis ze briechen, besonnesch a soziale Kontexter, huet hatt also weidergedronk – well wat mécht ee soss mat sengen Hänn, respektiv wéi kënnt ee soss an d’Gespréich?

Genee d’Kommunikatioun mat senge Matmënsche war awer ee vun den Aspekter, déi him am Nachhinein als vum Alkohol beanträchtegt opgefall sinn: “Oft ass een eigentlech ze midd fir vill ze schwätzen oder et huet ee keng Loscht enzwësch hinzegoen, dann drénkt ee nees fir sech a Stëmmung ze bréngen. Ech hat da scho mol Diskussioune mat Leit, déi mir wierklech perséinlech Saachen erzielt hunn, sech den Dag drop awer emol net méi u mech erënnere konnten. Et ass alles esou syntheetesch an iergendwann frees de dech: firwat?”

Nodeems d’Jessica nom Gebuertsdag vu sengem Mann d’lescht Joer dunn säi klengt Meedchen an d’Bett bruecht huet, sech selwer den Dag drop awer net méi dorun erënnere konnt, ass him lues awer sécher bewosst ginn, dass hatt eppes ännere misst. “Ech hat a mengem Liewe scho vill Blackouts an dat ass ëmmer penibel. Wann s de awer bis ufänks, dech an deng Matmënschen a Gefor ze bréngen, da muss de eppes maan.” Wärend de Gedanke schonn a sengem Hannerkapp geschlummert huet, huet d’Ëmsetzung nach e bëssen op sech waarde gelooss. De Weekend drop hat nämlech dem Jessica säi Schwoer Gebuertsdag, an och do ass nees gutt geschluppt ginn – Autofahrt heem inclus.

“Ech hunn ënnerwee mengem Mann ugeruff an um Telefon gelallt. Wéi ech heem komm sinn, hunn ech mir nach roude Wäin ausgeschott a wéi mäi Mann mech dunn gekuckt huet, hat ech es genuch an hunn alles ausgeschott”, erënnert sech d’Jessica. Den Dag drop wollt hatt näischt méi drénken, an huet dat och gemaach, duerno nach en Dag an nach een, bis doraus elo schonn e ganzt Joer ginn ass. De Wee wier net ëmmer einfach, well et misst een sech selwer komplett nei kenneléieren an et géif een och mierken, wien aus dem Entourage d’Entscheedung ënnerstëtzt. “Et gi Phasen, do fills de dech staark, dass du dat wierklech duerchzitts an dat gëtt dir Kraaft, wéi wann s de eng Superpower häss. Du fills dech awer och oft eleng, well net jiddereen huet Versteesdemech.”

Lëtzebuerg hätt eng laang an dauerpräsent Drénkkultur a kee Fest géif gefeiert ginn, ouni en uerdentleche Patt. Och Autofueren an Alkohol ginn hei Hand an Hand, dofir wier d’Äntwert “Cola” op “Wat wëlls de drénken?” net ëmmer gäre gehéiert. “Virun allem am Ufank ass net alles roseg, well et war ee gewinnt, am Summer eng Sangria oder e Rosé ze drénken a wann s de dann op eemol eng Waasser bestells, kënns de dir oft vir wéi e Kand.” Wärend anerer mat Ausriede géifen de Froe vu Kolleegen auswäichen, wollt d’Jessica awer éierlech sinn, virun allem mat senge Kanner, well déi solle wëssen, wat ze vill Alkohol alles uriichte kann.

“Mir schaffen all fënnef Deeg d’Woch an déi Zäit, wou mir eisem Kierper eigentlech sollten eng Paus gënnen, iwwerluede mir en mat Alkohol: retox, detox, retox. Ech hat ëmmer vill Haut- an Niereproblemer, déi elo fort sinn, a wann een sech emol ë bësse mam Sujet ausernee setzt, realiséiert een och wéi schiedlech Drénken eigentlech ass.” Ville Leit wier net bewosst, dass Alkohol e Klass A Risiko fir Kriibs duerstellt, oder se géifen dëst verdränge mam Argument, et kéint ee jo och vun anere Saache Kriibs kréien.

 

 

“Ech sinn awer net hei fir de Leit ze soen, wat se dierfen oder mussen. Et geet net drëms een ze beléieren, mee do ze si fir déi, déi sech wëllen informéieren”, seet d’Jessica. Et misst zur Normalitéit ginn, dass ee mat sengem Virgin Mojito an der Disko steet oder mam alkoholfräien Gin ustéisst, ouni dass dëst zu Rechtfäerdegungszwäng féiert oder een ausgeschloss gëtt. “Ech hunn duerch meng Instagram-Säit (https://www.instagram.com/sobermonkey_4seasons/) immens vill interessant Leit kennegeléiert, déi mir esou vill méi ginn un Inspiratioun a Motivatioun, ewéi iergendeen um Comptoir, dee sech den Dag drop emol net méi u mech erënnert”, fënnt d’Jessica.

Säit hatt keng Drëps Alkohol méi drénkt, ass hatt méi calme ginn, hatt schléift besser an huet ofgeholl. “D’Leit an ech selwer hunn ëmmer geduecht, ech wier en mega soziale Mënsch, dee gär erausgeet a Party mécht. Elo hunn ech awer emol gemierkt, dass ech eigentlech och introvertéiert sinn. Ech war soss ni gär eleng, mee elo huelen ech mir meng Zäit an déi brauch ech och.” Et wier flott, wann ee kéint soen ‘Ech drénken ee Glas a méi net’, mee zu der Zort Leit géif hatt einfach net gehéieren: “Fir mech ass et méi einfach, mir e Glas Waasser rauszeschëdden, wéi mech beim Alkohol ze bremsen, dofir loossen ech et elo einfach ganz mam Drénke sinn.”

Podcasts, Bicher an den Austausch mat anere via d’sozial Medien (Link: https://www.instagram.com/sober_socials_luxemburg/) hätten him op sengem Wee vill gehollef a géifen et nach ëmmer nees opmonteren, wann emol en klengen Down sech ubaant: “Et ginn eben Deeg, do geet et engem net esou gutt, mee amplaz dass een sech dann e Glas Wäin erausschëtt, tauscht een sech mat aneren aus. Et gëtt ëmmer méi einfach, virun allem, well een iergendwann gesäit, wéi aner Leit beim Iessen op eemol een nom aneren ëmfale wéi d’Mécken an ee weess, dass et hinnen den Dag drop wäert richteg schlecht goen, ee selwer awer wäert fit sinn an dës Energie ka gebrauchen, fir aner Saachen, wéi sech nees ewechzegeheien”, esou d’Jessica.

Mëttlerweil hëlt hatt säin eegent Gedrénks mat, wann hatt bei Frënn invitéiert ass an ënnerstëtzt och anerer dodran, manner am Alldag ze drénken – dëst awer, ouni ze jugéieren. “Mäi Mann drénkt zwar nach ëmmer Alkohol, mee vill méi bewosst an hie mécht och elo de ‘sober october’.” Et wier einfach eng aner Liewensaart a -weis, déi hatt mat aneren deele wëllt. “Du evoluéiers immens als Mënsch, schaffs Saachen op, virun deenen s de virdru fortgelaf bass a liefs vill méi produktiv a bewosst wéi virdrun. Fir mech ass et eng immens positiv Erfarung, och wann een natierlech konstant doru schaffe muss”, esou d’Jessica.

Säin Dram wier et, zu Lëtzebuerg en Gedrénksstore mat coolen net-alkoholeschen Drinks opzemaachen, wéi et se an Amerika gëtt, oder vläicht eng “sober bar” wéi zu Amsterdam oder London. “Et ginn am Ausland mega ‘sober events’ mat super gudde Mocktails, dat wëll ech och hei am Land erreechen.” Aktuell strieft dat 41-Järegt eng Kooperatioun mat der Fondation Cancer un, déi all Joer am Januar schonn d’”Sober Buddy Challenge” organiséiert, passend zum “dry january”. “An der ‘sober community’ huet all Mount e Motto a wann een et bis eng Kéier probéiert huet, dann ass engem säi Mindset och ganz anescht an et passt ee méi op, op säi Konsum.”

Den 22. Oktober soll genee dëst erreechen: net, dass een sech muss oute wéi bei den Anonymmen Alkoholiker, ma dass een an engem normale Kader ka schwätzen, déi eege Relatioun mam Alkohol iwwerdenken oder einfach e gudde Moment ënner bekannten a neie Kolleege verbréngt – well dat geet definitiv och ouni Alkohol.

Sober Socials Info:

Wéini: den 22. Oktober vun 16 bis 20 Auer

Wou: Bazaar Luxembourg um Knuedler

Präis: 15€

Highlights:         – Infos zu engem “sober retreat” a Spuenien

– Presentatioun  vum Buch “Alcohol Explained”

– Virtrag vum Coach James Wolff vun der Initiativ “Objectif 0 verre”

– Virtrag vun der Mindset-Coach Amy Viola

– Tasting vu Mocktails, alkoholfräiem Béier vun der Lëtzebuerger Mark “The Twisted

Cat” an anerem Gedrénks

Facebook: https://www.facebook.com/sobersocialsluxemburg

 

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply