Spëtzen-Wonner

Et ass sou wäit: de Summer ass an der Endphase, d’Bikinisträife fänken un gläich ze verschwannen an a puer Wochen paken d’Butteker d’Chrëschtdeko an hir Vitrinnen. Wat elo vun der Vakanz an Italien nach bleift sinn zwee Pasta-Kilo méi op der Wo, an dreschen Hoer. Jo, léif Dammen, wien kennt et net: et gouf sech gecrèmt, gebräunt a gedréint fir awer och wierklech all winzege Sonnestral op der Plage opzesuckelen a mam perfekte Bronze-Teint erëm heemzegoen. Net esou roseg gesäit et no 14 Deeg „dolce far niente“ fir eis Hoerspëtzen aus, well UV-Stralen, Salzwaasser a Co. hannerloossen hir Spuren, besonnesch an de Längten. D’Resultat sinn dreschen a verblatzte Fliichten, déi sech nom Summer anscheinend guer net méi wëlle bändege loossen. A Werbung hin oder hir, mee dass futtis Spëtzen a Spliss sech och mam beschte Produit net méi zesummeflécke loossen, dat huet wahrscheinlech mëttlerweil och déi leschten Optimistin missen agesinn. Do hëlleft och keen „Öl magique“ méi.

Et ass also decidéiert, mindestens en Zentimeter muss fort. Fir d’Hoer gëllen awer déiselwecht Reegele wéi fir brong Haut: wann s de dech net wëlls schielen, ma da muss de dech crèmen. Punkt. De Bléck an de Portmonni nom Congé weist awer ganz schnell, dass „la bella vita” (an déi dräi nei Bikinien, zwee Shorten, Bijouen, …. bon, dir wësst wat ech mengen) net méi vill Bores gelooss huet fir deier Fleegeprodukter, zumindest net bis déi nächst Paie kënnt. Déi eenzeg Rettung: selfmade. Richteg héieren, wat dir braucht, ass eng Do-it-yourself deep conditioning mask, direkt aus ärem Frigo. D’Ingredienten hunn déi meescht vun eis wahrscheinlech d’office op der Akafslëscht stoen, mee hei dann nach eng Kéier den Detail:

 

 

Een Naturjoghurt

Ee Läffel Hunneg

Een Avocado

Ee Läffel Argan- oder Olivenueleg

Zitrounenjus

Dat Ganzt gëtt ganz einfach zu enger Crème vermëscht an an déi frësch gewäschen, viischt Hoer verdeelt. Fir de leckere Schmorri um Kapp da gutt ze verpaken, einfach der Mamm hir rosa Duschhauf driwwerzéien a mindestens eng hallef Stonn awierke loossen. Wien den Extra-Effekt wëll, kann de ganze Bataklang nach mat engem Duch oder enger Wärmehaube ëmwéckelen, sou ass d’Mask direkt duebel effikass. Ze laang draloosse kann een des selwergemaachte Mixtur net, iergendwann ass och mol gutt an dann dierfen Avocado, Hunneg a Co. erëm iwwert der Bidden oder am Lavabo ausgewäsch ginn. Zum Schluss nach eng Drëps normale Conditioner drop fir d’Kämmbarkeet, et voilà!

Besonnesch bei gebleechten Hoer oder Mächen, déi vum Mierwaasser richteg stréieg gi sinn, kann d’Mask richteg Wonner bewierken. De klenge Plus: ausser dem Conditioner, deen een net muss benotzen, kréien d’Hoer nëmmen dat of, wat d’Natur u Guddem ze bidden huet. Keng onnéideg Chimie also a garantéiert och näischt, wat un Déiere getest gouf, versprach! A wien sech mat der Doséierung fir seng Hoerlängt net ganz sécher ass, dee brauch sech keng Suergen ze maachen, well d’Mask hannerléisst net nëmme gefleegten Hoer, mee schmaacht och nach gutt. Also léif Ladies: Fanger dran, ofschlécken a lass, well et gënnt een sech jo soss näischt!

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply