Sprong an d‘Vergangenheet

De Stol an d’Eisen hunn Lëtzebuerg zu dem gemaach wat et ass. Ma ech war mir nach ni ukucke wou eise Räichtum iwwerhaapt hierkënnt. Ganz nom Motto „Vakanz heiheem“ fueren ech ganz gespaant op Rëmeleng an de Musée des Mines. Als Éisleker Meedche gëtt et fir mech nach vill am Süden ze entdecken.

Um Site www.mnm.lu kucken ech no wéini d’Visite guidéen ugebuede ginn. Zu Rëmeleng ukomm gesinn ech Familljen an Touriste virun der Entrée vum Musée. Wéi ech den Ticket kafen, kréien ech en Casque fir op de Kapp, ab elo kann ech et nik erwaarden an den Zuch ze klammen, deen eis an de Stolle féiert, ech gi richteg vun der Abenteuerloscht gepaakt.

 

 

De klengen Zuch huet extra grouss Fënsteren, fir dass een alles vu baussen gesäit. Mir fueren dräi Kilometer eran an d‘Minn. Dës Streck war och fréier d’Haaptstreck vun der Grouf op där d’Eisenäerz eraustransportéiert gouf. Et kann ee just mam Zuch bis eran a raus fueren an awer och eng Visite Guidée matmaachen. Famillje mat klenge Kanner fueren haaptsächlech gär mat dësem besonneschen Zuch mat, wat eleng schonn en klengt Abenteuer ass.

An der Minn ukomm ass et direkt scho vill méi kal an natierlech donkel. Vun 1891 bis 1963 war dëse Stolle vum Biergwierk 70 Meter ënner der Äerd op. De Roland eise Guide hëlt eis mat op eng Rees an d’Vergaangenheet a léist mat sengen Anekdoten, d’Biergleit rëm waakreg ginn. Ganz am Ufank gouf et nach keng Elektrizitéit, d’Biergaarbechter hunn mat selwer gebastelte Lanterne geschafft. Alles dat ass nogestallt an et gesäit ee wéi geféierlech an ustrengend dës Aarbecht war. Den Eisenäerz ass aus dem Stolle gesprengt ginn an dat ëmmer op eng nei Aart a Weis. Déi ganz Geschicht erzielt ze kréien an och dozou déi passend Maschinnen ze gesinn ass immens interessant. Mir tauchen an eng Welt an déi ee just aus de Filmer kennt. Mat der Zäit sinn d’Leit ëmmer méi duerch Maschinnen ersat gi bis d’Biergwierk 1963 zou gemaach an no an no als Musée ëmgewandelt gouf. An dësem Rondgang léiert een esouvill bäi. Ee Stéck Geschicht vu Lëtzebuerg.

 

 

Wéi mir erëm aus der Grouf erausfueren denken ech un all déi Männer fir déi dës Minn hiert Liewe bedeit huet, well si hunn ze soe just geschafft an dat ganz haart. All Schaffdag war fir si liewensgeféierlech. Sou eppes kënne mir eis guer nik méi virstellen.

 

 

D’Visite am Musée des Mines zu Rëmeleng war en richtegt Erliefnis, wat een op alle Fall eng Kéier sollt matgemaach hunn. Et brauch ee wierklech nik wäit ze reese fir eppes Spannendes ze erliewen, mir hunn et virun eiser Dier. Grouss a Kleng wäerte begeeschtert sinn an dat bei Reen a Sonn. Denkt just drun eng Jackette matzehuele well et ass kill an der Minn.

 

 

Text: Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply