Stäerekanner

Wann e Kand stierft, ass dat wuel dat Schlëmmste wat Elteren am Liewe ka geschéien. Virun allem wärend der Schwangerschaft ass den Doud dat Lescht u wat een denke wëll. Erschreckend heefeg sinn d’Fäll vun enger fausse couche virun der zwielefter Woch an och méi spéit an der Schwangerschaft ass de Risiko nach ëmmer do.

Et war Fréijoer 2017, d’Nina war Mëtt 30, gesond a Mamm vun engem klenge Bouf. Wou d’Noriicht vun der zweeter Schwangerschaft koum, war d’Freed grouss. Bei der éischter Kéier war alles verlaf, wéi et soll – quasi eng Schwangerschaft wéi aus dem Billerbuch. An och deen zweete Bëbee huet sech monter ugekënnegt. Bis déi eeleft Woch. „Duerch mäi Beruff war mir scho bewosst, wat alles ka schiiflafen, mee ech duecht ëmmer mir kéint dat net geschéien.“ Beim Sport huet d’Nina op eemol eppes gespuert, wat net normal war: “Wéi ech gekuckt hunn, hat ech eng Bluddung. Ech sinn immens erféiert a wousst direkt, do ass eppes net gutt.“ D’Recherche op Google huet dem Nina seng Angscht nach vergréissert an hatt huet decidéiert an d’Urgence ze fueren.

Bei der Ënnersichung war den Häerzschlag vum Puppelchen awer normal ze héieren an d’Doktesch huet der jonker Mamm verséchert, dass alles an der Rei wier. Ma doheem hunn d’Bluddungen net opgehalen an och den Uruff beim Gyneko konnt d’Nina net wierklech berouegen: „Ech si vill leie bliwwe fir mech ze schounen. Mëttes hat ech dunn eng Frëndin op Besuch, an op eemol hunn ech Krämp kritt wéi bei der Reegel.“ Et sollt sech erausstellen, dass d’Nina eng Zort Mini-Wéie kritt huet. „Ech hu probéiert se onopfälleg ewechzeotmen, well mäi Jong war jo dobäi an ech wollt hien net beonrouegen.“ Wéi säi Mann bis do war, huet d’Nina sech an d’Buedzëmmer zeréckgezunn – hatt wollt dat wat elo geschéie géif eleng maachen.

„Ech wousst do scho wat lass wier. Ech hunn och mat mengem Bëbee kommunizéiert an em gesot, wann s de wëlls goen, da géi. Dat hunn ech missen akzeptéieren a lassloossen.“

Op d’Welt komm ass e klenge Knäuel, nach net wierklech an der Form vun engem Puppelche ma trotzdeem net manner wäert. Fir déi jonk Mamm ass engWelt zesummegebrach.

 „Oft gi Kanner eréischt als Kand gesinn, wann se bis do sinn. Mee fir dech ass et schonn däi Kand, egal wéi fréi oder spéit an der Schwangerschaft.“

Op d’Trauer déi dunn koum, hätt awer keen d’Nina kënne virbereeden. „Du fills dech immens eidel, fir eis hate mir schonn ugefaang eng kleng Famill ze sinn.“ Och fir säi Mann war de Verloscht vum laang erwaarten zweete Kand e Schock. Ma hien ass anescht domat ëmgaangen an huet dem Nina déi Zäit gelooss, déi hatt fir seng Trauer gebraucht huet.

Froen, op hatt eppes falsch gemaach hat, firwat säi Kierper déi zweet Schwangerschaft net gepackt huet – alles dat ass der jonker Mamm wärend Méint duerch de Kapp gaangen. „Et versicht een natierlech duerch dat Rationaalt ze relativéieren. „Ech schaffen am Beräich mat Kanner mat spezifesche Bedürfnisser a weess natierlech, dass et e Grond gëtt, firwat e Puppelchen am Bauch stierft.“ Ma gehollef huet dem Nina dat Wësse leider net. Säi Leed huet hatt mat esou ville Leit wéi méiglech gedeelt, e richtege Kader fir dat Ganzt ze verschaffe war awer iergendwéi net do. Vun der Initiativ „Eidel Äerm“ hat d’Nina schonn emol héieren, ma tëscht Fraen, déi hire Puppelchen zum Schluss vun der Schwangerschaft verluer hunn, huet hatt sech awer iergendwéi fehl am Platz gefillt. Hatt war mat senger Trauer eleng.

Ee Joer méi spéit duerft déi kleng Famill erëm opootmen: d’Nina war schwanger. Wann een d’Nina haut freet, wéivill Kanner hatt huet, seet hatt ëmmer dat hei:

 „Ech war dräimol schwanger an och wann ech elo just nach zwee Kanner hunn, bleift dat anert a mengem Häerz.“

U seng Matmënschen huet déi jonk Mamm eng ganz kloer Fuerderung: „Jidderee versicht ze hëllefen, d’Leit soen dass et esou vläicht besser ass, well de Puppelche soss krank op d’Welt komm wier. Si wëssen net, dass se een domat immens verletzen. Als Mamm brauch een dee Moment net onbedéngt vill Wieder, mee einfach Versteesdemech. Och wann et nach eng fréi Schwangerschaft war.“

Och d’Sylvie* wees wat et bedait, em säi Kand ze traueren. Dee selwechte September wéi beim Nina, gëtt déi jonk Mamm gewollt schwanger. D’Freed iwwer Kand Nummer zwee ass riseg. Bis déi 38. Woch verleeft alles gutt an d’Sylvie fillt sech iwwert dem Bierg. “Wärend enger Schwangerschaft beschäftegt een sech mat allem. Déi éischt 12 Wochen denkt een, hoffentlech geschitt näischt. No der 20. Woch gëtt de Bauch méi deck, de Puppelchen entwéckelt sech an et hofft ee just, dass et kee Frühche gëtt.” Un eng Feelgebuert hätt d’Sylvie am Dram net geduet an erwäänt gouf des Méiglechkeet vum Dokter och ni.

“Ech war an engem Infomëtteg an der Maternité wou vill iwwer Kannerkrankheeten no der Gebuerte geschwat gouf, mee et ass ni och nëmmen een eenzegen Toun komm, dass et fausse couchen och esou spéit an der Schwangerschaft nach gëtt.”

Ma dass och haut nach e Risiko besteet, sollt d’Sylvie am Mäerz 2018 op tragesch Aart a Weis selwer ze spiere kréien. Et war en Dag wéi all aneren, vläicht en Tick méi stresseg, mee d’Sylvie huet net weider drop opgepasst. Owes ass him dunn opgefall, dass et säi Bëbee de ganzen Dag iwwer net gespuert hat: “Ech wousst vu menger éischter Schwangerschaft, dass zum Schluss d’Kandsbeweegunge kënne manner ginn.” Den Dag drop war d’Mamm dunn awer onroueg an huet bei hirem Gyneko en EKG maache gelooss. “D’Häerztéin waren immens niddereg, dofir hunn si mech an d’Klinik geschéckt. Mäin éischte Gedanke war, oh nee elo muss de e Keeserschnëtt gemaach kréien.”

Beim zweeten CTG am Spidol koum dunn déi Noriicht, mat der kee gerechent hätt: d’Häerztéin, déi ze héiere waren, ware net dem Puppelchen seng, mee déi vun der Mamm. Direkt goung et fir d’Sylvie an den Ultraschall. “Ech schaffe selwer am Gesondheetsberäich an hunn gesinn, dass do näischt méi war.” D’Diagnose: Kandsdoud am Bauch.

“Ech hu gejaut a gekrasch a geduet du stierfs elo. Ech hat kee kierperlecht Wéi, mee ech duecht, elo war et dat.”

Op den éischte Schock koum dem Sylvie direkt en zweete Gedanken: hatt konnt net einfach stierwen, hatt hat jo nach en anert Kand doheem, wat et gebraucht huet. Ab do ass alles viru sengen Aen ofgelaf wéi e Film. Den zweeten Avis, d’Confirmatioun vum Doud vu sengem Puppelchen, d’Aleedung vun der Gebuert.

“Ech wollt eng Cesarienne, ech hat d’Gefill ech misst d’Kand direkt kréien.” Ma d’Dokteren hunn dem Sylvie dovun ofgeroden, eng Gebuert op natierlechem Wee wier fir seng Psych déi besser Optioun. Eppes, wat déi jonk Mamm an hirem Leed net verstoe konnt: “Ech hunn dat ganz schlëmm fonnt. Firwat wollten si mech net befreien? Mir net hëllefen? Elo annerhallef Joer dono weess ech, dass alles wat d’Doktere mir soten och richteg war.” Freides Moies ass dem Sylvie säi Meedchen dunn op d’Welt komm. “D’Gebuert war perfekt. Bei mengem éischte Meedchen huet et extrem laang gedauert an hatt huet misse mat der Saugglocke geholl ginn. Dat war keng esou schéin Erfarung. Mee hei hat ech kee Wéi, ech hunn net misse gebitzt ginn, et war einfach perfekt.” Eigentlech eng schéin Ausso, ma am Géigesaz zu all den anere Mammen um Stack konnt d’Sylvie kee Bëbee mat heem huelen.

“Mir konnten esou laang bleiwe wéi mir wollten an eist Meedche bei eis halen. Ech gouf gefrot, op ech wéilt Fotoe mat mengem Kand maachen”, esou d’Sylvie. Wat hatt an deene puer kuerze Momenter mat sengem Puppelche verspuert huet, war keng richteg Freed, mee e minimaalt Glécksgefill, wéi hatt et beschreift:

“Einfach, dass et do war. Et war wichteg fir mech mäi Kand ze gesinn, et unzepaken, um Aarm ze hunn.”

Duerno hunn d’Sylvie a säi Mann sech misse vun hirem Bëbee trennen. Doheem war der jonker Mamm hiren éischte Gedanken: “Wat hues du dengem Mann ugedoen?” Virun allem awer déi éischt Begéinunge mat anere Mammen oder Bekannte ware fir d’Sylvie all Kéiers wéi e Schlag an d’Gesiit.

 “Wéi ech aus mengem Zëmmer an der Maternité fortgaange sinn, sinn all d’Mamme mat hire Puppelcher aus dem Gank verschwonnen. Si wousste wahrscheinlech, wat mir geschitt wier a wollte mir hiert Gléck net ënnert d’Nues reiwen.”

Och spéider, wann d’Sylvie entzwësch eng Kutsch gesinn huet, war d’Gefill net méi dat wéi virdrun.

“Ech freeë mech fir all Mënsch, deen e Kand kritt, mee meng Freed ass anescht. Ech denken, hoffentlech geet alles riit an si mussen dat ni erliewen.”

Ma an eng Behandlung wollt d’Sylvie awer net, seng Famill an d’Hiewamm, op déi hatt trotz Feelgebuert e Recht hat, hunn him duerch déi schwéier éischt Wochen erduerch gehollef. “Mir hunn déi Zäit ganz intensiv matenee verbruet an och eisem Meedchen seng Froen all beäntwert.” Et huet d’Famill zesummegeschweesst, och wann den Doud vun hirem zweete Kand vill Spueren am Liewe vu jidderengem hannerlooss huet.

“Et steet een all Moien op an et geet een owes an d’Bett an et denkt een un säi Kand. Dat vergeet ni méi.”

Ma d’Leit ronderëm hatt hunn dem Sylvie Kraaft ginn. “Duerno hunn ech vill eeler Fraen aus de Nopeschdierfer begéint, déi viru 35 Joer och e Kand verluer hunn an déi bei mech komm sinn a gesot hunn, et gëtt erëm besser. Du gesäis, dass déi Fraen hiert Liewen awer gemaach hunn a souguer aner Kanner kritt hunn an dat hëlleft.” Eng drëtt Kéier schwanger ginn ass d’Sylvie bis ewell nach net, dofir sëtzt de Schmäerz nach ze déif. An och d’Trauer em säi Puppelche wäert hatt wuel ni verloossen, mee eppes huet hatt duerch dëst Erliefnis iwwer sech selwer geléiert:

“Et muss een eng staark Fra si fir esou eppes ze iwwerstoen. Et bleift engem näischt aneres iwwreg, mee et muss een och wëllen. Ech weess, dass et virugoe muss, ma ech wëll, dass et schéi virugeet.”

D’Monique Fey-Sunnen huet selwer virun 20 Joer e Kand verluer a weess, wéi déif d’Trauer e Liewe laang sëtzt. Haut leet si de Beräich “Eidel Äerm” vun der Initiativ “Liewensufank” a begleet Mammen a Pappen duerch déi schwéier Zäit.

Ursprénglech als eng Aart Selbsthilfegrupp geduet, gestalt sech d’Berodung mëttlerweil gréisstendeels a Form vun engem individuellen Austausch. Einfach esou, wéi d’Elteren et brauchen. Als geléiert infirmière graduée pédiatrique, déi laang an der Neonat geschafft huet, huet d’Monique och déi néideg berufflech Erfarung fir ze wësse, wéi ee mat Betraffenen ëmgeet.

“Frae weisen no baussen oft d’Symptomatik vun enger Depressioun, mee dat ass et net. Et ass situatiounsbedingt. Wann Elteren, Grousselteren oder de Partner stierft, ass dat zwar schlëmm, mee et bleift am Beräich vum Normalen. Iergendwann muss jidderee goen. Ma e Kand ass eng ganz aner Dimensioun, dat sprengt alles”, esou d’Infirmière.

Als bedéngungslos Léift beschreift si dat, wat vill Mammen zu hirem Puppelche verspieren – egal zu wéi engem Zäitpunkt an der Schwangerschaft.

Fir d’Koppel ass de Verloscht liewensverännerend: déi eng stäipen sech géigesäiteg an hirem Leed, anerer zerrappt et vu bannen a féiert zur Trennung. Ma egal wéi mat der Trauer ëmgaange gëtt, eppes wëll d’Monique jidderengem un d’Häerz leeën:

 “Mammen an och Pappe musse wëssen, dass et ok ass sech bei eis oder enger anerer Ulafstell ze mellen. Et ass ok Hëllef ze sichen an hei gëtt kee jugéiert. Trauer ass eppes, wat jiddereen anescht verspiert an dat muss respektéiert ginn.”

Och bei Omega 90 fannen Elteren déi e Kand verluer hunn Berodung, d’Croix Rouge bitt mat hirem Service “Weesen-Elteren” e spezifesche Beräich fir dëse Besoin un. Wann den Austausch mat anere Betraffenen awer net sollt duergoen, da ginn et Psychologen, mat deenen déi ënnerschiddlech Associatiounen a guddem Kontakt stinn an déi sech och mat dëser Form vun Trauer auskennen.

 

*Numm vun der Redaktioun geännert

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply