Super Service

Den éischte Schnéi fir dëst Joer hate mir jo schonn a spéitstens elo denkt dann och jiddereen doru fir seng Wanterpneuen op den Auto ze montéieren. Ech sinn doran en Spätzünder a këmmere mech ëmmer eréischt de leschte Moment dorëms an da muss et séier goen.

Ech buche mir en RV an der Garage Losch zu Bäreldeng ganz einfach online. Well et schnell goe muss ginn ech de Schlëssel einfach an der Boîte baussen of, dëst kann een och den Dag virdru scho maachen an den Auto da schonn ofstellen. Fir déi di léiwer de perséinleche Kontakt hunn, kënnen dat natierlech och ganz klassesch an der Receptioun maachen. D’Ramona Weiler aus dem Service Team vun der Garage Losch Bäreldeng beréit mech perfekt. Ech hunn keng Anung vu Pneuen a fir mech sinn sou Saache wierklech lästeg, vläicht well ech och keng Anung hunn. Mee bei him fillen ech mech nik domm wann ech eng Fro hunn.

 

 

Hatt erkläert mir och dass et een Ënnerscheed gëtt vum Rad-oder Pneuwiessel. Wann ee véier Felgen huet, dann handelt et sech em ee Radwiessel am anere Fall ginn d’Felge gehalen an de Pneu ronderëm gëtt gewiesselt. De Pneuwiessel dauert méi laang, well et méi opwändeg ass. D’Summerpneuen oder Räder ginn da bei hinne gelagert. Fir d’éischt gëtt awer nach gekuckt ob d’Pneuen nach gutt sinn oder ob een am Summer besser neier bestelle soll. All dës Infoe kritt ee matgedeelt.

Am Duerchschnëtt dauert dat Ganzt eng Stonn. Zäit fir gemittlech en gudde Kaffi an der Kaffilounge ze drénken. Ech sinn erstaunt, wéi gutt de Kaffi ass. Sou kleng Detailer si fir mech wichteg. No enger Stonn kréien ech gesot, dass mäi Kabrio en Update gemaach misst kréien, sou wéi den Handy och reegelméisseg en neien Update muss gemaach kréien. Falls eppes mam Auto nik an der Rei ass fannen d’Garagisten dat dee Moment vum Pneuenwiessel eraus a setzen een direkt a Kenntnis, sou dass een sech ëmmer sécher ass, dass den Auto a senger beschter Form d’Garage verléisst.

 

 

Ech loossen den Update dann och nach maachen an drénken an där Zäit nach en weidere Kaffi. Wann alles fäerdeg ass, kënnt d’Ramona mech sichen. Ech kréien en Ziedel mat allen Infoe vum Auto mat. Sou weess ech, wou ech drun sinn.

Dono kann ech erëm flitzen. Normalerweis hunn ech et wierklech gehaasst meng Pneue wiesselen ze loosse mee an der Garage Losch zu Bäreldeng ass de Service esou super, dass ech wierklech gär dohi ginn. Et ass wéi eng Famill déi sech ëm mech këmmert an ech spiere mech wuel a sécher opgehuewen.

 

Text: Mady Lutgen

Fotoen: Anne Lommel

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply