Superfra

Businessfra, Mamm, Fra, eng Sexbomb an och nach Hausfra sinn. Sou gesäit den Alldag vu ville Fraen aus. Déi modern Fra vun haut muss alles kënnen an dierf nik schwaach sinn. Dat ass dat Bild, wat d’Societéit an d’Medien eis vermëttelen. No baussen alles top an no bannen…flop?

„Mir gesinn hei souvill Mamme mat Burnout, an et ginn der ëmmer méi“, erzielt d’Lizzie Seven, Psychotherapeutin beim Mamer Haff. Mee wourunner leit dat?

Dem Lizzie sengen Aussoen no, hunn fréier méi Generatiounen ënnert engem Daach gelieft a jiddereen huet deen aneren ënnerstëtzt. Och d’Nopere ware méi agebonnen. An haut lieft jidderee fir sech. Dës Iwwerfuerderung vun den Elteren hunn Folge fir d’Kanner, weess d‘Lizzie: „Wann d’Kanner an enger onstabiller Relatioun mat hiren Eltere liewen, wäerten si dono selwer onstabil Erwuessener ginn“. Dofir ass et esou wichteg sech Hëllef ze sichen an no senger eegener Stabilitéit ze kucken.

Haut des Daags musse Mann a Fra schaffe fir sech hiert Haus an hir zwee Autoe kënnen ze leeschten. Vill Kanner verbréngen hiren Dag an enger Maison Relais, méi Zäit mat frieme Leit wéi mat hiren Elteren. Hausfra an Mamm ze sinn ass total out ginn oder och bei deene meeschten einfach finanziell nik machbar. Mee brauch jiddereen en grousst Haus an zwee Autoen a schafft just nach dofir? Vläicht wier méi ee klengt Doheem och eng Optioun? Oder en anere Job, een deen ee méi erfëllt, eppes wat engem méi Spaass mëscht? Egal wat d’Noperen an d’Societéit dozou soen…

„Mir sinn op d’Funktionéiere getrimmt“, erkläert d’Lizzie weider. An am Funktionéiere si mir jo och all ganz gutt. Antidepressiva hëlleft géint déi schlecht Stëmmung, géint déi Stëmm déi seet: „Esou geet et nik wieder“. An d’Schlofpëllen hëllefe beim Schlofen. Froe brauch een sech also sou keng ze stellen, well jo alles rullt. Mee si mir och wierklech zefridden an d’Kanner och? Dat ass d’Fro déi jidderee fir sech selwer muss beäntwerten! An wann nik ass vläicht elo de Moment fir STOP ze soen an sech Hëllef ze sichen an och mol ze soen, dass een et esou nik packt. Dat ass nik schwaach, ganz am Géigendeel.

Et ass ni ze spéit fir eppes ze änneren an nëmme wann ee selwer frou ass, kann een wierklech säi Bescht gi fir sech a fir déi aner.

 

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Comments (4)

  1. madi du hues ganz recht an ech sin sou eng betraffe mamm! mee waat man? wei? fann mol hei am land een anstännegen dr oder therapeut den dech net mat 10 verschiddenen psychopharmaka heem scheckt??! dei ech all net mei huelen well..
    well:huel deng pellen an haal de back, ech well a kann dat net mei matmachen!!!
    ech weilt hausmamm kenne sin oder e beruf eng arbecht hun, dei mech erfellt. an ech geif mech och dofir aschränken!! mee et as net dran…
    schwemss de geint de system da gees de enner. schwemms de mat kriss de dech sou just iwer waasser gehal. sou geseit d’realitéit hei aus.
    an dat war nii main wonsch a virstellung an hätt ech dat gewosst,dann hätt ech keng kanner an d’welt gesat.. traureg mee dat as d’wourecht!

  2. Madi, du stells schon déi richteg Froen 🙂 Wéi wier et wann eis Régierung den Familjen méi Verantwortung géing ginn? Wéi wier et wann MIR den Choix hätten? Mir kréien eng gratis Betreiung ugebueden fir datt mer rem schaffe goen kënnen, mee e Papp oder eng Mamm wou sech entscheed fir doheem ze bleiwen kritt naischt. Ech soen net, datt ech dogéint sinn datt een rem schaffe geet oder datt een seng Kanner net dierft an eng Crèche ginn, mee ech soen einfach datt et schéin wier wann en Famill de CHOIX selwer treffen dierft! Jidereen fir sech. Déi Suen déi an d’Betreiung geet (sierf et Crèche, Maison Relais oder wat och ëmmer) hätt dach een Hausmann oder eng Hausfra zegutt? Oder? 🙂

  3. Merci Sophie fir deng schéin Reflexioun! 🙂

  4. Carole dat ass och guer nik einfach! Ech kennen ewer puer gutt Therapeuten déi nik direct eppes verschréiewen, wanns Du wëlls mail mir op mady@madilu. Courage! Du mëschs dat super sou!

Leave a Reply