Trendy a fair

Wann een sech Ökokleedung virstellt, huet een direkt dat Bild am Kapp vum Léngen-Stoff mat komesche Printmusteren. Et gëtt ewer scho längst Fair-Kleedung ugebueden déi genau sou trendy ass wéi Fashion vun hippe Marken. De Karel Lambert vum Akabo Buttek wëll dat Bild wat Leit vun där Kleedung hunn, änneren:

„D’Leit sinn ëmmer erstaunt wann se an eisem Buttek gesinn, dass mir cool Saachen ubidden“

Mee elo mol vu vir. De Karel huet 2002 eng Weltrees gemaach an huet deemools och Kleederfabricken an Indonesien besicht. Dës Biller vun de schlëmmen Aarbechtskonditiounen hunn sech am Karel sengem Kapp agepräägt. Wéi seng Kanner op d’Welt komm sinn, huet hien a seng Fra Lyne hire Klengen nëmme Bio a Fair Kleeder wollten undinn, well si do wousste wéi di Kleeder entstane sinn a wat an dësen dran ass. Si selwer wollten sech deemno och mat fairer Kleedung akleeden. Si hunn ewer keng wierklech flott Saache fonnt. 2014 ass doropshin d’Iddi entstane moudesch fair Kleedung fir Erwuessener zu Lëtzebuerg unzebidden. Fir ze teste wéi d’Kleeder bei de Leit ukommen ass de Karel am Ufank mat sengem Akabobus ronderëm gefuer an ass virun allem bei Ökobutteker stoe bliwwen.

Virun dräi Joer huet de Karel dunn am Garer Quartier den Akabo Buttek mat Berliner Flair opgemaach. Hei spiert een, dass Leit hannendrun stinn, deenen d’Qualitéit wichteg ass.

„D’Clientë mengen fair Kleedung wier méi deier, ma se ass net méi deier wéi soss qualitativ héichwäerteg Kleedung“,

erkläert de Karel, dee fir dëse Challenge seng fest Platz bei der CFL opginn huet. Am Akabo Buttek fënnt een nieft stylesche Kleeder fir Männer a Fraen ewer och flott Accessoiren. Well de Buttek an de Bus ze vill goufen, konzentréiert de Geschäftsmann sech elo virun allem op de Buttek.

2018 ass de Karel an Indien geflu fir sech do en Bild vun de Fairtrade Kotteng-Fabricken ze maachen. Well et him wichteg ass, ze wësse wouhier seng Kleeder kommen a wien hannendru stécht:

 „Mir mussen déi Leit op der anerer Säit vun der Welt respektéieren. Genau sou wéi mir hei d’Aarbecht wäertschätzen an dofir bezuelen, musse mir ophalen nëmme puer Cent fir en T-shirt wëllen auszeginn“

De Karel Lambert wëll mat sengem Akabo Buttek d‘Denkweis vun eis all ureegen an eis motivéieren eist Kafverhalen ze änneren an dat op eng stylesch Aart a Weis.

 

 

Mady Lutgen an Zesummenaarbecht mam Akabo Buttek

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply