Vakanz check!

D’Vakanzesaison ass voll am Gang a vill vun eis fuere mam Auto fort. Och ech fueren an e puer Deeg an d’Provence. Well et eng laang Faart ass, wëll ech op Nummer sécher goen a loosse mäi Kabrio virdrun nach eng Kéier beim Garage Losch zu Bäreldeng ofchecken.

Ech sinn nach ni sou wäit elleng mam Auto gefuer, dofir ass et mir wichteg keng Panne ënnerwee ze kréien. Huele mir de Rv fir en Vakanzencheck an der Garage Losch zu Bäreldeng ganz einfach online op https://losch.lu/fr/concessionnaires/garage-m-losch–bereldange. Et kann een ewer och uruffen an en Rv ofmaachen oder bei hinnen an der Receptioun laanschtgoen. Ech hunn Rv beim Ramona Weiler, mat him kucken ech wat bei mengem Kabrio nogekuckt gi soll. Hatt réit viru laange Faarten en Vakanzencheck ze maachen, zemools wann dee leschten Autocheck méi wéi sechs Méint hier ass. En Vakanzencheck dauert ongeféier 30 Minutten, en normale Check ëm déi dräi Stonnen.

D’Garage Losch vu Bäreldeng kann engem och en Auto léine fir déi Zäit wou den Check duerchgefouert gëtt, ma et soll een dat am beschten direkt scho soe wann een de RV ausmécht, well si si limitéiert sinn un den Autoe fir ze verléinen.

 

 

Fir den Auto bei hinnen ofzeginn huet ee puer Méiglechkeeten. Et kann een de Schlëssel vum Auto an enger Enveloppe loossen den Dag virdru schonn an hir Boîte geheien, dat kann een och den Dag selwer esou maachen, fir allem Stress aus dem Wee ze goen oder de Schlëssel an der Receptioun ofginn.

Beim Vakanzen -Check gi virun allem déi Saache gekuckt, déi fir dat séchert Fuere verantwortlech sinn ewéi d’Bremsen, den Uelegstand, den Auspuff an esou weider. Wann dem Mecanicien eppes Extraes opfält, kritt ee Fotoen oder souguer en Video op säin Handy geschéckt an si ruffen engem och un fir ze erkläre wann eppes futti ass a soen engem och direkt wat dat kaschte géing fir et ze flécken. Et muss een nik alles maache loossen. Allerdéngs wann een eppes nik flécke léisst wat d’Sécherheet vum Fueren ubelaangt, muss een dono eppes ënnerschreiwen, dass een sech dees bewosst ass an d’Garage bei engem Accident keng Responsabilitéit iwwerhëlt.

 

 

Bei mir war alles an der Rei, den Auto ass jo och nach ganz nei, d’Ramona huet mir just den Ueleg nogefëllt an och d’Scheiwenwischerwaasser. Den Auto an d’Schlëssele sinn och nach eng Kéier grëndlech desinfizéiert ginn éier ech en zréckkréien. Och fir en sichen ze goe leeft dat Ganzt onkomplizéiert of, et kritt ee gesot wéi laang de Check dauert an den Auto ass dann och pünktlech fäerdeg, oder et geet een en einfach no senger Aarbecht sichen.

Elo fillen ech mech sécher a freeë mech op meng Vakanz. Gidd léiwer eng Kéier ze vill an en Autoscheck éier dir iech är Vakanz duerch eng Panne verschäisse loosst. Natierlech kann ëmmer eppes um Auto sinn, well den Check ass just eng Momentopnam vum Auto, mee dir kënnt awer scho villes esou vermeiden an et geet ëm är Sécherheet.

 

 

Iech all eng schéi Vakanz gewënscht a kommt gutt a sécher un!

 

Mady Lutgen mat der Garage Losch vu Bäreldeng

Fotoen: Tammy Schuh

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply