Wann d`Alm rifft

Rou fannen. Dat wollt ech no enger stresseger Phase, einfach ofschalten, wandere goe mam Jetti mengem klenge Mupp, d´Natur genéissen an an d`Sauna goen. No enger klenger Recherche hunn ech genau dat Richtegt fonnt. D´Puitalm bei Arzl im Pitztal an Tirol. Si hunn eréischt leschte Summer hir Dieren opgemaach…

Den Navi weist mir 6 Stonne Faart un, ma mat dem Touristentraffik an e puer Pippi-Pause wéinst dem Jetti, hunn ech 8 Stonne gebraucht. Zu Arzl ukomm geet et eng Kéier riets erop mat ville Kéieren an och zimmlech géi….an da gesäit een d´Puitalm ganz eleng an enger wonnerschéiner Kulisse stoen.

 

 

D´Hildegard, d´Inhaberin an och déi gutt Séil vum Haus kënnt mir entgéint wéi ech ukommen, et fillt sech un wéi heemkommen. Et weist mir mäin Appartement, mam Bléck iwwert d´Alpen, ech ginn op d´Terrasse an ech kann einfach nik ophalen ze staune wéi wonnerschéin des Vue ass. An d´Jetti krut souguer ee Bett extra fir sech an och Leckerlien. Kleng Detailer déi vill ausmaachen. Op de Koppen hannert den Appartementer lafe kleng  Réi a souguer kleng Bambien. Ech fille mech e bësse wi d´Heidi op der Alm. Wat super ass, dass ech a mengem Appart ka kachen a Moies kréien ech ee Kuerf mam Frühstück virun d´Dier gesat.

 

 

Ech wëll direkt wandere goen, d´Natur entdecken. Vun der Puitalm aus ass een direkt op verschidde Wanderweeër. Vu liicht bis schwéier, alles ass dobäi. An déi Rou…an Natur et ass een Dram.

 

 

Nom wandere well ech mir et sou richteg gutt goe loossen an hei ass hire Wellnessberäich einfach perfekt. Dräi verschidde Saunae mat Bléck op d´Alpen , een Dampfbad an een Infinity Pool warden op mech. Dat ass nik ze toppen!

 

 

Och am Restaurant ësst ee super a wann ech eng Fro hat huet d´Tine an der Receptioun mir direkt gehollef, hatt ass dem Hildegard säi Meedchen. Et spiert een dass di ganz Famill d´Puitalm mat richtigem Häerz féieren an et gëtt een direkt Deel vun dëser Famill. Ech wäert sécher erëmkommen. Wanns Du Rou sichs an dech wierklech erhuele wëlls, ass d´Puitalm d´Äntwert.


Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply