Wann de Wee rifft

Zanter dem Mëttelalter ass de Camino de Santiago, de Jakobswee, eng vun de gréisste Pilgerstätte vum chrëschtleche Westen. De Camino bezeechent eng Rei vu Pilgerweeër déi duerch Europa verlafen an all a Richtung vum Apostel Jakobus sengem Graf zu Santiago de Compostela a Spuenie féieren. Och hautzedaags besichen all Joer honnertdausende vu Mënschen aus allméigleche Länner de Jakobswee. MADI huet mam Nadine a mam Sandra aus Lëtzebuerg geschwat, déi sech dëst Joer zesummen op d’Rees a Richtung Santiago gemaach hunn.

Et ass net d’Relioun, déi beim Nadine a beim Sandra den Ausléiser war fir de Camino ze goen, mee d’Sich no Rou, Natur an Zäit, zu sech selwer ze fannen.

Obschonn et fir déi zwee net déi éischt Kéier war, dass si déi laang Rees op sech geholl hunn, beschreiwe si et als eng nei Erfarung. Net just well si dës Kéier zesummen ënnerwee waren, mee och well de Camino een ëmmer erëm virun nei Erausfuerderunge stellt an domat alles ännert.

“De Wee zerräisst dech, mee e fléckt dech och erëm zesummen”, esou d’Sandra.

A genau dat Zesummeflécken ass et, wat d’Efforten derwäert mécht an d’Batterien opluet.

Um Jakobswee ass all Dag en neit Abenteuer an et weess een ni wierklech wat een erwaart.

“All Dag ass ewéi e ganzt Liewen”, seet d’Sandra.

Wäit ewech vum Alldagsstress huet een Zäit, zu Fouss d’Natur op eng ganz besonnesch Artaweis ze erliewen an a sech selwer ze goen. D’Nadine beschreift, dass engem de Wee dobäi Äntwerten op Froe gëtt, déi ee sech am Fong net bewosst gestallt huet. Och d’Sandra stëmmt deem zou: de Camino gëtt engem eppes wat ee brauch mee wat een net gefrot huet. An och wann ee mol 10 Minutte leide muss da kann ee sécher sinn, dass een dofir belount gëtt. No engem schwéiere Bierg waart zum Beispill e wonnerschéine Sonnenopgang. Et ass wéi am Liewen och, just dass hei alles méi direkt ass.

“Iergendeppes geschitt ëmmer, a wann et net dat ass wat ee sech gewënscht huet dann ass et nach méi schéin”, beschreift d’Sandra.

Wiem d’Virstellung elo Angscht mécht, honnerte vu Kilometer ze trëppelen, dee brauch sech keng Suergen ze maachen. Weder d’Nadine, nach d’Sandra hu sech grouss op hir Rees preparéiert well si sech ganz op d’Abenteuer aloosse wollten. Fir béid war et eng relativ spontan Entscheedung well hinnen allen zwee kloer war, dass et de richtegen Zäitpunkt fir de Camino war. Well jiddereen a sengem eegene Rhythmus pilgert an och keen Zäitdrock herrscht brauch ee sech och kierperlech net grouss virzebereeden. Et kënnt virun allem dorop un, dass een net zevill Gepäck mathëlt.

“De Wee rifft wann et souwäit ass”, erklären si.

Hir Tipps fir all déi wou plangen de Camino ze goen: nëmmen e Minimum apaken well op der Platz alles Néideges zur Verfügung steet, onbedéngt e Wanderführer mathuele fir d’Distanze realistesch ze plangen, a gutt Schong. Ansonste soll ee sech ganz einfach op d’Erfarung aloossen an dem Wee vertrauen.

An och wann d’Nadine an d’Sandra hir gemeinsam Zäit um Camino immens genoss hu rode si, dass een am bäschten eleng pilgert.

“Du héiers deng Gedanke besser kennen a bass méi mat dir selwer connectéiert. Dobäi léiers de deng Grenze kennen, mee och wous de dech kanns drécken.”

Si sinn zwar och bei dëser Rees deels e puer Stonne getrennt getrëppelt, fannen awer dass dëst net dat selwescht Erliefnis ass. Fir déi zwee ass awer op alle Fall kloer, dass et net hire läschte Besuch vum Jakobswee war. Si si sech eens, dass de Camino ee verännert. E rappt een eraus aus senger Comfort Zone an doraus entstinn nei Gedankegäng déi engem erlaben, als Mënsch ze wuessen an dës nei Energie mat heem ze huelen.

D’Nadine an d’Sandra deelen hir interessant Erliefnesser an Iwwerleeungen zum Camino de Santiago op hirer Facebook-Säit “Op Schratt an Tratt”. Wien also méi iwwert hier gemeinsam, an och getrennten Zäit a Spuenie wëll wëssen, dee fënnt déi zwee ënnert dem folgende Link: https://www.facebook.com/Op-Schratt-an-Tratt-122849232849214/

 

Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply