Wellness Oase

Du sichs eng Platz déi all dat verbënnt wat dir gutt deet, fir däi Kierper an deng Séil: Yoga, Wellness a Selfcare? Mir hunn dës Platz fonnt am Grace zu Hamm.

Am Summer ass dës Oase nei opgaangen. A wien lo mengt, dass dëse Yoga Center nach ee weider en, langweilege Center an der Yogiszene ass, deen iert sech. Grace steet fir vill méi wéi just Yoga Couren. Grace ass eng Liewensphilosophie vun der Grënnerin Myriam Jacqueline Von Knobelsdorff, wat genau dës Philosophie virlieft.

Natierlech fënnt een hei och déi gängeg Yogacouren: Vum Hot Yoga bis zum Heavenly Yin Yoga, extra Männeryoga a Yoga fir schwanger Frae bis hin zum Aerial Yoga. Du gesäis schonn un dësem Angebot, dass du hei am Yoga-Himmel bass a bei Grace punkto Yogacoure kee Wonsch méi oppe bleift.

Ma bei Grace steet nik just eleng de Yoga am Mëttelpunkt. Si bidden och Shapingcouren un. Pilates, Hot Pilates, Barre, Trampolin Bounce an Tabata. An esouguer Danzcourse vum Ballet fir Kleng a Grouss bis hin zum Jazzdance. An et ginn ëmmer ërem Worshops organiséiert zum Beispill mam Geoff Brooks oder Bryan Kest.

Dat Bescht ass, du kanns souguer däi Kand matbréngen, well bei Grace ginn d’Kanner an der Moana Crèche versuergt wärend du dir eng Metime gënns an no dir kucks. Hei gëtt also wierklech no dir an denge Besoine gekuckt.

Fir dech richteg ze entspane steet d’Infaroud Sauna Lounge dir zu Verfügung. Grad elo am Wanter deet sou eng Saunasession dem Kierper an der Séil immens gutt. Dës Infraroud-LED Saunae sinn déi Neisten déi et am Moment um Marché ginn. Se gi bis op 44-55 Grad, wat besser ze erdroen ass wéi déi normal Saunae vu 65-85 Grad. Dës Sauna reegt d’Immunsystem un, hëlleft dir ze relaxéieren an hëlleft och bei Muskelverpaanungen oder Wéi, suergt fir en bessere Schlof, wierkt « Anti Aging » op deng Haut well et d’Produktioun vu Collagen an dem Elastin ureegt. Detoxéiert däi Kierper duerch d’Schweesse well et op den Zelle wierkt wou Toxiner sëtzen. En richtegt Wonnermëttel also.

Mir hunn Grace fir dech getest:

Ganz éierlech konnt ech dat Wuert Yoga nik méi héieren. Et mengt een et misst ee Yoga maache fir inn ze sinn, fir dobäi ze gehéieren. An da wann ee Fotoe vu Yogacoure gesäit, huet een dachs d’Impressioun et wier just eppes fir ganz dënn Fraen. Fir unzefänken hunn ech mir den Heavenly Yin Yoga erausgesicht, dee Méindes Owes stattfënnt. Ech sinn iwwerrascht, dass ech an Ufank vum Cours all Zort vu Fra gesinn. De Sall ass wonnerschéin dekoréiert, ech fille mech richteg wuel. Wéi gesot hunn ech nach ni Yoga gemaach, ma d’Veronique wat de Cours hält, weist mir all Übung an ech komme ganz einfach mat. Bei dëser Zort Yoga steet den Otem an de Stretching am Fokus. En Yoga dee perfekt ass fir all Ufänger. Ech genéissen et déi Zäit just bei mir ze sinn, ze ootmen a mäi Kierper ze spieren. Et kritt een duerch déi Übungen ee ganzt anert Gefill fir säi Kierper. Zäit verflitt. Ech fueren dono heem frou a komplett relaxéiert. An den Dag drop hat ech Muskelkater. Tjo och doucen Training ass en Training. An ab elo wäert ech mir dee Cours all Woch gënnen. Eng Stonn fir mech, fir mäi Kierper a meng Séil. A wanns Du nach ni Yoga gemaach hues oder einfach op der Sich bass no engem Training fir dech, da probéier Grace mol aus. Ech verspriechen dir, du wäerts et nik bereien.

Oder spill mat am MADI Adventskalenner a gewann puer Testséancen!

 

Mady Lutgen mat Grace


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply