Who cares? We care!

Mat dëse Wieder ginn haut am ganze Land Fraen a Meedercher op d’Strooss. Gemengt ass nieft dem offensichtlechen Interêt awer eppes, wat ville Leit bis ewell nach kee Begrëff war: Care-Aarbecht. En Job, deen esou villfälteg ass ewéi déi vill Fraen, déi en ausüben. Botzen, kachen, Pampers wiesselen, d’Kanner erzéien, dem Bop seng Medikamenter ginn: all dëst sinn Aarbechten, déi am Alldag ufalen, a meeschtens un dem weibleche Partner am Stot hänke bleiwen. Komplett onbezuelt, oder awer ze wéineg par Rapport zu hirem männleche Géigepart. A genau dowéinst ass haut, een Dag virum Weltfraendag, zu Lëtzebuerg alles mauve. Mauve Kleeder, mauve Badgen, mauve Fändelen, an dëst fir auszedrécken: mir wëlle Gläichberechtegung. Schonn zanter Jore ginn an anere Länner Fraen  de 7. Mäerz op d’Strooss, dëse Wanter huet sech der Beweegung dann och Lëtzebuerg ugeschloss.

De Background

D’Iddi vun engem internationalen Dag vun de Frae baséiert op engem Streik an den USA. 1908 huet sech fir d’éischte Kéier eng Grupp vu Sozialistinnen an engem nationale Kommitee zesummegedoen, fir fir en allgemengt Fraewalrecht ze demonstréieren. D’Aktioun war e vollen Erfolleg, virun allem duerch de Fait dass sech der Beweegung och déi faméis Suffragetten ugeschloss hunn an esou souwuel Memberen aus der Aarbechterklass, ewéi och aus méi héije Gesellschaftsschichte fir e gemeinsaamt Zil zesummen op d’ Strooss gaange sinn. De Funken ass e puer Joer drop och a Russland iwwergesprongen an huet 1917 dozou bäigedroen, dass Fraenaktivistinnen aus der Textilbranche maassgeeblech um Ausbroch vun der Februarrevolutioun bedeelegt waren. An och 1970 waren et Fraen, déi sech dem Antikrischmouvement ugeschloss hunn an zu iwwer 50.000 hire Wonsch no méi Selbstbestëmmung no baussen an d’Welt gedroen hunn. Spéitstens säit dëser zweeter Well vum Feminismus ass kloer: déi weiblech Power sollt een net ënnerschätzen an dat weisen all Joer méi a méi Länner.

De Streik

Ma géint wat gëtt dann haut eigentlech demonstréiert? Dës Fro hu mir eng Woch virun der Maniff véier jonke Frae gestallt, déi all aktiv un der Organisatioun vum grousse Fraestreik bedeelegt waren.  D’Milena ass 29, Aktivistin an zoustänneg fir d’Kommunikatioun vun de Streikenden. D’Michelle ass der 34 a Responsabel vum OGBL Equality. D’Maxime huet 26 Joer an ass d’Präsidentin vun de femmes socialistes an d’Julie ass der 22 a schafft beim Luxembourg Institute of Socio-Economic Research. All hunn si ganz spezifesch Grënn, firwat si sech als bekennend Feministinne wëlle fir aner Frae weltwäit asetzen. “Aus engem rezenten OXFAM-Bericht geet ganz kloer ervir, dass am Beräich vun der Care-Aarbecht eng riseg Inegalitéit besteet. Pro Dag investéiere Frae ronn zwou Stonnen an Aktivitéiten, déi gréisstendeels doheem stattfannen a fir déi si net bezuelt ginn. Des Zäit nieft hirer regulärer Schaff féiert dozou, dass si vill manner aktiv sinn a Beräicher wéi Politik, Sport oder dem Soziale Milieu, wéi dat bei Männer de Fall ass. Fir dësem Desequiliber entgéint ze wierken, hu mir Revendicatiounen ausgeschafft, déi sech an dräi grouss Sailen opdeelen: méi Zäit, méi Suen a méi Respekt”, erkläert d’Michelle. Déi grouss Themen hänken dobäi all zesummen, well wien méi doheem mécht, deen ass entweder manner present um Büro oder huet en Dag, wou 24 Stonnen eigentlech net duerginn.

D’Revendicatiounen

“Eng vun eise Fuerderungen ass eng Aarbechtszäitverkierzung an d’Investéieren an Infrastrukturen, sief et a staatlech Ariichtunge wéi Crèchen, oder awer an d’Mobilitéit, well dës ass absolut net un d’Besoine vu Fraen ugepasst”, esou d’Michelle. Et wier wichteg, Här a Meeschter iwwer seng eegen Zäit ze sinn, ouni dobäi vum Partner ofhängeg ze ginn. Dat féiert zum zweete Punkt: Bezuelung. “Geschichtlech gesinn hu Fraen ni geschafft a waren ëmmer an enger wirtschaftlecher Ofhängegkeet. Fir awer eng finanziell Fräiheet ze garantéieren, muss éischtens de pay gap tëscht Männer a Frae verschwannen, zweetens de Mindestloun generell gehéicht ginn an drëttens am Beräich vum Logement eppes geschéien”, seet dat 34-Järegt. D’Chiffere vun der Chambre des Salariés maache schnell kloer: vill méi Frae schaffen nëmme fir de Mindestloun a bei der Pensioun leie weiblech Aarbechtskräft bei ronn 43 Prozent manner Renten-Akommes wéi dat bei de männleche Kolleegen de Fall ass – den héchsten Taux an Europa.

D’Milena schwätzt e weideren Aspekt un: “D’Situatioun vun de Fraenhaiser ass hei a Lëtzebuerg a grousse Problem. Mamme mat Kanner kommen an en Fraenhaus, well se doheem mësshandelt ginn, mee wann se bis do sinn, kommen se quasi net méi eraus an dat ass den onméiglech héije Logementspräisser hei am Land geschold. Hinne bleift also just de Choix, am iwwerfëllte Foyer ze hauséieren, oder erëm zeréck bei hire gewalttätege Partner ze goen.” Et ass awer net nëmmen déi physesch Gewalt, mat der vill Frae weltwäit ze kämpfen hunn. “Ee vun de Problemer ass déi verbal a symbolesch Gewalt, spréch dass Fraen net eescht geholl ginn, a Reklammen objektivéiert ginn oder hir Kompetenzen dauernd a Fro gestallt an si réng op dat Äusserlecht reduzéiert ginn”, esou d’Julie.

Dobäi ass d’Fro vum Respekt eng, déi sech fir vill Fraen a Secteure wéi dem Nettoyage oder dem Kommerz stellt, besonnesch do, wou Kanner am Spill sinn, esou d’Milena: “De Fraen hir Aarbecht gëtt oft net gewäertschätzt oder si schaffe carrement schwaarz a sinn doduerch total invisibel an der Gesellschaft an à la merci vun deem, deen si engagéiert.” Beispiller, déi och am räiche Grand-Duché leider keng Eenzelfäll sinn. “Lëtzebuerg ass keng Insel. Hei gëtt et grad esou en gender pay gap oder catcalling, also sexuell Belästegung op der Strooss, ewéi an anere Länner. Ech soen ëmmer: et ass zwar 2020, mee et ginn nach ëmmer 2020+ Grënn fir ze streiken”, deklaréiert och d’Julie. Kritik un dëser Iwwerzeegung kann d’Maxime nëmmen esou beäntweren: “D’Leit sinn ëmmer bereet, sech géint allméiglech Ongerechtegkeeten anzesetzen, mee esou laang d’Hallschent vun der Gesellschaft net gläichberechtegt ass, dann huet een amfong keng Basis fir sech fir aner Saachen anzesetzen.”

An deem Kontext stellt dat 26-Järegt leider oft fest, dass et um Begrëff “Feminismus” hapert: “Et ass nunmol sou, dass dat Wuert hautdesdaags immens negativ konnotéiert ass a falsch verstane gëtt. Dobäi geet et bei Feminismus eigentlech em dräi Saachen: Gläichberechtegung, de Kampf géint Diskriminatioun a virun allem Selbstbestëmmung. Dass ee bei Débats ëmmer iergendwellech Fronte kreéiert a Kritik kritt, ass normal. D’Fro ass hei awer, wéi mir all déi aner Leit mat an d’Boot kréien.” Einfach, ass dëse Plang definitiv net, ma Step by Step ass hei d’Devise: “Villes sinn einfach Verhalensmuster, déi iwwer Generatioune verierft goufen. Mee de Mënsch ass immens upassungsfäeg a gewinnt sech erstaunlech schnell u nei Habituden, dat hu mir zum Beispill mat der inklusiver Sprooch festgestallt”, esou d’Maxime.

Ma grad do, wou de Wëlle fir Verännerung nach net do ass, muss een sech zu Wuert mellen, fënnt d’Julie: “Esouguer wann ee selwer net concernéiert ass oder d’Gefill huet, ongerecht behandelt ze ginn, da muss een sech fir anerer asetzen, déi vläicht net esou privilegéiert sinn.” Eng moral duty also, déi hir Berechtegung huet, seet dat 22-Järegt: “Hei si vläicht vill Saachen net esou frappant, mee wann ee bis aus sengem Cocon erauskënnt, da gesäit een, wéi grouss den Ënnerscheed tëscht Mann a Fra nach ëmmer ass.”

D’Aktiounen

Ma wéi gëtt dann elo genau gestreikt? “D’Streikrecht hei zu Lëtzebuerg ass zimmlech strikt, dofir setze mir vill op kleng Aktiounen. Mir hoffen natierlech, dass deen Dag keng Hausaarbecht gemaach gëtt, och net déi Saachen, déi mat de Kanner ze dinn hunn. D’Leit kënnen sech awer och Fändelen an d’Fënster hänken oder an hire Betriber Badgen undoen. Mir hunn och en Opruff un d’Gläichheetsdelegéierten an all Entreprise gemaach, fir eng Plenière ze organiséieren. Et kann een awer och e Walk-out maachen a virun d’Dir goe fir ze weisen: ‘Mir sinn do, mir sinn zu vill a mir si wichteg, well ouni eis geet et net’”, erkläert d’Michelle. Ma och Zeeche wéi e feministesche Lunch oder e kuerze Solidaritéitsmessage an den E-maile si vu Bedeitung, well nëmmen an der Unzuel läit de Fraen hir Stäerkt. “Wat immens un dëser Beweegung ass, ass dass esou vill verschidden Organisatiounen doru bedeelegt sinn an zesummen déi selwecht Fuerderunge stellen. Dat ass eng Powerstruktur, déi wäit iwwer eis feministesch Bubble erausgeet an och néideg ass, fir eescht geholl ze ginn”, esou d’Milena.

Um 15.00 geet de Streik haut dann op der Plëss lass, duerno gi virun der Chamber déi konkret Revendicatioune virgelies, bis et da via eng ganz Rëtsch un Aktiounen op d’After-Streik-Party an d’Rotondes geet. Beim Nolauschtere vun de villen engagéierte Frae gëtt kloer: hei muss nach villes sech änneren. Ma d’Fuerderunge sinn awer net eleng fir Fraen, esou d’Michelle: “Et sinn zwar Fraerevendicatiounen, mee wann se bis ëmgesat ginn, da sinn se extrem bénéfique fir déi ganz Gesellschaft, och d’Männer, déi doduerch net méi an hiren eegene Stereotyppe gefaange sinn a méi fräi liewe kënnen.” Dass vill Leit dëst mëttlerweil verstanen hunn, weist d’Engagement, wat och solidaresch Männer de Streikdamme bei hiren Aktiounen entgéintbréngen. Bei engem sinn sech déi véier Interviewees op jiddefalls sécher, mam éischte Fraestreik zu Lëtzebuerg kënnt eppes an d’Rullen, wat et esou hei nach net ginn ass a wat ville Sisters dobausse weist: Dir sidd net eleng.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply