Wien sinn ech?

„Ech hu gelieft an och net gelieft“, dee Saz beschreift wuel am beschten, wéi et sech muss ufillen, am falsche Kierper gebuer ze sinn. Gender, sexuell Orientéierung an Identitéit sinn ëmmer méi oft d’Thema vu politeschen Debatten an och an de Medien huet d’LGBTQ+-Community mëttlerweil eng Plaz fonnt. Ma wat sech no baussen eng gewëssen Toleranz erkämpft huet, bedeit fir den Eenzele meeschtens en haarde Wee, dee guer net esou roseg ass, wéi een dat vläicht unhëlt.

Als roseg kann een dem Olivier säi Liewen definitiv net beschreiwen. Mat 34 ass hie fir fënnef Wochen an Thailand geflunn, an zréckkomm als “hatt”. Mat engem neie Kierper an enger neier Identitéit. Bal aacht Joer ass dat elo hir, ma nach haut gesäit een dem Caroline of, wéi eng Spuren seng Vergaangenheet hannerlooss hunn. Ëmmer erëm kuckt hatt wärend eisem Gespréich op e Bild, wat ech net gesinn. Et sinn Erënnerungen un Szenen, u schwéier Momenter, déi d’Caroline duerch seng Transsexualitéit erlieft huet an déi eng Péng hannerlooss hunn, déi déif sëtzt. Haut kann d’Fra oppen iwwer hir Geschicht schwätzen, ma och elo muss d’Caroline sech nom Interview zréckzéien, fir sech erëm ze sammelen: “Dat wullt erëm alles op.”

Verständlech, well wat hatt erzielt, kënnen sech déi meescht Mënsche sécherlech emol net virstellen. Dat Gefill, dass iergendeppes net “normal” ass, net ze wësse wien een ass oder wat ee vum Liewe wëll. A virun allem déi Inakzeptanz vun de Leit ronderëm. Deenen, déi engem eigentlech am nooste stinn an déi et dach amfong verstoe missten.

1977 ass d’Caroline als Olivier zu Tréier gebuer, mat zwee Joer koum de klenge Bouf op Lëtzebuerg. D’Kandheet um Belair war net einfach, Mobbing a Frechheete stoungen an der Schoul um Dagesprogramm. “Ech gouf vill gehänselt. Als Kand hat ech de Spëtznumm ‘petit prince’”, erënnert sech d’Caroline. An der Pubertéit ass him dunn wierklech bewosst ginn, dass eppes net gestëmmt huet:

“Ech konnt mäi Kierper ni unhuelen”. Mat 18 huet den Olivier dunn ugefaangen, sech op d’Sich no senger wierklecher Identitéit ze maan.

“Ech hu meng Sexualitéit ausgelieft, sinn a Cabarete gaangen an hunn immens vill Sue fir Prostitutioun ausginn”

Eng Kéier nuets koum dunn déi éischt vu villen Eskalatiounen: Am Olivier senger Kummer huet seng Mamm hire Jong mat Dammestiwwelen um Bett fonnt, an hien direkt bei de Schoulpsycholog geschéckt. Ewéi bei esou ville Gespréicher mat soi-disant Professionellen ass den Olivier duerno heemgaangen, a war net méi schlau ewéi virdrun. “Wat ass Transsexualitéit? Wat ass Travestie?

„Ech wousst näischt a konnt de Leit och net soen, wat mat mir lass war. Ech hunn als Jonken vill nuets gelieft, war oft bei enger Frëndin am Café. Alles ëmmer, fir meng identité personnelle ze fannen. Swingerclubs, Alkoholkonsum, Telefonsex“

De Problem: Dem Olivier säi Familljennumm: “Wann s de aus engem Haus kënns wou de Papp e gewëssenen Numm huet, da bass de ni onbekannt.” Dem Olivier seng Elteren hate kee Verständnis fir d’Eskapade vun hirem Kand. Och d’Fraëkleeder an der Kummer hunn si net als dat verstanen, wat se waren. “Et war ëmmer Aggressivitéit do, ni mat feine Wieder”, erënnert d’Caroline sech.

Mat 21 huet hatt aus Verzweiwlung e Psychiater opgesicht. Deen wollt seng ënnerlech Sich awer op eng Jalousie op seng Schwëster schiiben, wat doheem ëmmer méi Léift an Unerkennung vum Papp kritt huet. Déi Joren dono ware fir den Olivier gepräägt vu weidere laangen Nueten an dem Fokus op dat Äusserlecht:

“Ech hunn laang Zäit vill op Ästhetik gehalen. Ech hat meng Neel ëmmer gefleegt, hunn Epilatioune gemaach, deier Schong kaf an u Frëndinne verschenkt”

Ma dat, wat eigentlech déi schéinste Jore vun der Jugend solle sinn, war fir den Olivier en Albdram. “Et goufe vill schwiereg Momenter, vill Ierger, vill Telefonen wou meng Famill an ech eis géigesäiteg agehaangen hunn.” Als androgyn Persoun huet de jonke Mann zäitweis versicht, déi vill Froen a sengem Kapp ze beäntweren. Ma weder dat, nach Therapieversich oder Kuren hunn zu eppes gefouert. D’Diagnos: Eng Perséinlechkeetsstéierung. Op Transsexualitéit ass deemools kee komm. Seng Duebel-Identitéit an de Liewensstil, deen domat zesummenhoung, hunn dem Olivier méi wéi eng Kéier Problemer besuergt:

“Ech hat jorelaang e gudde Kolleg den Taxi-Chauffeur war a mech aus deenen onméiglechste Situatioune gerett huet”

2008 koum dunn e Liichtbléck: Duerch eng bekannten Assistante sociale bei der Krankekeess ass den Olivier un e speziellt Therapiezenter vermëttelt ginn, wou hatt dräi Méint eng Kur maache sollt. Den Ufank war batter, hatt konnt a wollt näischt vu sech präisginn an d’Leit hunn ugefaangen, sech vun him ze distanzéieren. Als Stëmmungskanoun gouf den Olivier ugesinn, ma fir ze laache war et him awer bannendran eigentlech guer net. No enger intensiver “bonding-Therapie” huet de jonke Mann säi ganze Courage dunn zesummegeholl an e Bréif u seng Mamm geschriwwen. Eng Familljentherapie war säi Wonsch, just eng Woch laang. “Meng Mamm ass dunn och komm an dat war déi Hell. Mir hunn eis d’Käpp ageschloen an et ass net een Dag eriwwergaangen, wou ech net d’schwaarzt Schof war”, esou d’Caroline. “Der unmögliche Olivier” war de “Kosenumm”, deen seng Mamm fir hie parat hat.

Ma trotz vill Misär huet d’Therapie dem Caroline awer op eng Manéier gehollef, a Kuerzem wëll hatt och nach eng Kéier fir dräi Méint zréckgoen. De richtegen Dréipunkt koum dunn awer duerch eng Sexualberoderin vun der Uniklinik Frankfurt, déi den Olivier un eng Therapeutin vu Köln weidergeleet huet.

“Dat war op ganz haarder Basis. Et huet ugefaangen, dass ech e ganzt Joer misst als Fra liewen. Mat undinn, Dammentoilette an dem ganze Programm”

Dem Olivier seng Chance: Säin Direkter an der Abtei Neimënster hat Verständnis fir d’Situatioun an huet him dee néidege Raum gelooss, deen de jonke Mann fir seng Ëmwandlung gebraucht huet.

Dräi schwéier Joer sollten ab do op hien duerkommen. Dat éischt mat reegelméissegen Therapiesëtzungen zu Köln, duerno koumen d’Hormoner. Keng einfach Saach am Grand-Duché, well deemools wousst nach quasi keen Dokter am Land eppes mat Transsexualitéit unzefänken. Ma den Olivier hat seng Decisioun geholl, hie wollt endlech eng Fra ginn. Baartepilatioun, Hairfree-Behandlungen, Laser – ab do gouf et keen Zréck méi. Vu sengen Eltere krut den Olivier zwar finanziell Ënnerstëtzung, ma Akzeptanz gouf et vun doheem awer ni.

No dräi Joer koum dunn d’Noriicht: Den Olivier konnt sech an Asien ëmoperéiere loossen. “An Europa gouf et des Method zwar och, mee vill Leit hu missen zwou OPen maachen an d’Chirurge woussten hei och net esou richteg, wéi se de G-Punkt verleeë sollten.”

Et war also beschloss. Seng Elteren hunn den Olivier op de Fluchhafe bruet, den eenzege Kontakt sur place hat hien mat sengem Stéifbrudder per Skype. Ma d’Zäit an Thailand huet d’Caroline awer als schéin an Erënnerung: “Ech sinn dohanne super behandelt ginn. En plus war ech an enger Privatklinik an um Niveau Hygiène war alles top, einfach grandios.” Den Dag vun der Operatioun war den Olivier euphoresch. Ganzer siwe Stonne gouf dunn un him ronderemgeschnëppelt, fir aus dem männleche Kierper eng Fra ze formen.

“Meng Scheed war eng ganz Woch laang agepaakt, ouni dass ech se konnt gesinn. Duerno hunn ech se missen dräi mol den Dag mat engem Plexiglas-Dildo dilatéieren”, erkläert d’Caroline de Prozess.

De feu vert fir aus der Klinik eraus gouf et eréischt, wou hatt déi éischt Kéier erëm konnt Waasser loossen.

Ma wien elo denkt, ab do wier der jonker Fra hiert Liewen endlech wéi et soll sinn, den iert sech. “Dohanne war et ok, mee wou ech bis erëm op Lëtzebuerg komm sinn, war nix mat Friede Freude Eierkuchen.” Bis haut hunn sech dem Caroline seng Elteren net un déi nei Identitéit gewinnt a nennen hatt weiderhin Olivier. An och seng Frënn konnte säin neie Liewensofschnëtt net all mat Empathie begréissen:

“Vill vu menge Bekannte ginn net eens domat a wëlle kee Kontakt méi mat mir. Et gouf eng Periode do war et méi lëschteg wéi momentan, mee elo grad sinn ech an engem risege schwaarze Lach”

E Grond fir dat alles ass de Fait, dass d’Caroline eréischt esou spéit operéiert gouf: “Et soll e schonn an der Jugend Hormoner huelen, ier een an de Stëmmbroch kënnt. Dat ass duerno soss e grousse Problem.” Virun allem awer ass et den Entourage, deen alles ännere kann. “Lëtzebuerg ass kee Kaddo. Well hei all Mënsch all Mënsch kennt”, seet d’Caroline.

Fir hatt bleift d’Thema Transsexualitéit och weiderhin eng grouss Baustell, déi esouguer Organisatiounen aus der LGBTQ+-Communautéit nach ëmmer net ganz erfaasst hunn.

“Et ass een ëmmer iergendwéi à part, de Gros dréint sech nach ëmmer em Schwuler a Lesben. Déi meescht vun eis si bisexuell a liewen eleng, oder bestueden sech eréischt wann een Elterendeel net méi do ass”

Eng Ausso, déi traureg mécht, awer leider a ville Fäll wouer ass. Well och wann dat Äusserlecht bis bei d’ënnerlech Identitéit passt: D’Akzeptanz vun deene Léifste ka leider och 2019 nach kee Chirurg vun der Welt modelléieren.

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply