Wiichtel-Spaass

Leider falen dëst Joer all Chrëschtmäert an och all Eventer ronderëm déi schéinsten Zäit vum Joer aus. Fir awer trotz Corona e bësse Luucht an déi däischter Zäit ze stralen, huet den Ettelbrécker City Tourist Office sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss…

Fir de Leit aus der Regioun e bësse Freed ze schenken an de Veräiner déi normalerweis op dem Ettelbrécker Chrëschtmaart e Stand hunn ënnert d’ Ärem ze gräifen, gouf d’Wiichteltut-Aktioun an d’ Liewe geruff. D’ Geschäfter déi matmaache bidde Wiichteltute fir 15 oder 30 Euro un. De Prinzip vun der Wiichteltut kenns Du bestëmmt, et ass wéi eng Virwëtztut bei där een nik weess wat dran ass, et soll eng schéin Iwwerraschung sinn.

D’ Geschäfter fëllen dës Wiichteltute mat Geschenker déi si am beschte representéieren. Vun all verkaafte Wiichteltut gi jeeweils entweder 5 oder 10 Euro un d’ Veräiner aus der Ettelbrécker Regioun, déi beim Chrëschtmaart sollte mat maachen, a sech fir d’ Jugend asetzen. Dat heescht Du méchs dir oder denge Léifsten e flotten, originelle Kaddo an Du ënnerstëtz domat och nach d’ Jugendaarbecht.

Zousätzlech hues Du d’ Méiglechkeet op Dräikinneksdag nach en Akafsbong am Wäert vun 150, 100 oder 50 Euro ze gewannen. Dräi Gewënner ginn deen Dag am Ettelbrécker City Tourist Office gezunn an den Tirage gëtt gefilmt. Op de Wiichteltuten ass nämlech eng Kaart ze fannen déi numeréiert ass. Déi muss Du halen an hues domat de 6. Januar dann d’Chance op ee vun dëse super Akafsbongen, déi’s Du a 60 Geschäfter an Ettelbréck aléise kanns. D’Wiichteltut-Aktioun leeft nach bis den 31. Dezember.

Wann dat kee Grond ass mol op Ettelbréck an d’ Geschäfter luussen ze goen, déi wierklech fir jiddereen eppes ze bidden hunn a bei dëser schéiner Aktioun matzemaachen. Iwweregens sinn d’Geschäfter Sonndes den  20. Dezember vu 14.00-18.00 fir iech op.

Oder spill beim MADI Adventskalenner mat a gewann en Akafsbong oder Wiichteltut fir zu Ettelbréck.

Mady Lutgen mat ECTO

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply