Wonner-Mix

„Hatschi!“ -„Gesondheet”, héiert een am Moment bal iwwerall, well  d’ Héischsaison vun der Schnapp-Gripp-Zäit fänkt un. Eis Bomen verroden hei hir beschten Tricks, fir déi kal Joreszäit gesond ze iwwerbrécken a fit duerch den Hierscht a Wanter ze kommen. Mee wat dovunner wierkt wierklech? De medezineschen Check gëtt et vun der Generalistin Cynthia Frana.

Tipp 1: Waarm Wéckel géint den Houscht

„Am Krich huet meng Mamm eng Lomp oder e Läppchen a waarmen Ueleg gezappt a mir dat dann op d’Broscht geluet. Dann hunn ech nach e Schal driwwer ugedoen a sinn an d’Bett gaangen. Oder et ass Schmalz waarm gemaach ginn an da krus de d’Broscht domat ageriwwen. Du bass jo net direkt bei den Dokter gaangen.“ – Irma Mallinger-Emmerich (88)

Dat seet den Doc: „Vun der medezinescher Siicht aus ass dat eenzegt wat ech mir kann erklären, dass duerch d’Wäermt d’Duerchbluddung ugereegt gëtt an dann doduerch och d’Heelung. Ech kennen dat och als Halswéckel. Bei Schmalz weess ech et net, dat richt jo net wéi zum Beispill ätheresch Öler fir anzecrèmen. Dat hunn ech nach net héieren.”

Tipp 2: Eng gutt Héngerbritt

„Wat nach gutt ass, ass e gutt Stéck Poulet, Bio wa méiglech, an dat ofkache mat Peffer an e bësse Geméis an Ingwer dobäi. Dat dann als Zopp iessen oder drénken. Bei enger Erkältung ass eng Héngerbritt mat Ingwer wonnerbar.“ – Monique Meyer (62)

Dat seet den Doc: „Dat ass medezinesch effektiv fundéiert, well wann s de krank bass dann hues de jo amfong keen Honger an du schweess vill méi, an dee Flëssegkeetsverloscht solls de kompenséieren. Dofir drénken, an dat do geet liicht erof. De Flëssegkeetshaushalt gëtt equilibréiert an d’Elektrolyter déi an der Héngerbritt sinn, an d’Salzer, dat hëlleft wierklech gutt. An den Ingwer ass jo souwisou fir alles gutt, da schued dat och näischt an enger Britt.“

Tipp 3: Opschléi géint Halswéi

„Fréier hunn se en Duch geholl hunn an dat a waarme Kamillentéi gezappt. Meng Mamm huet da Kamille gliddeg opgeschott a fënnef  Minutte stoe gelooss, passéiert an dann dee Gas do dra geschwenkt. Dat krus de da widder den Hals mat engem gudde Schal drop.“ – Ida Fardellini (84)

Dat seet den Doc: „Absolut. Einfach waarm halen, dat hëlleft ganz gutt.“

Tipp 4: Zwiwwele mat Hunneg géint den Houscht

„Wann der den Houscht hutt, dann hu mir d’Zwiwwelen an Tranche geschnidden an déi da gekacht an herno Hunneg dragemaach an dat gedronk.“ – Julie Bieda (86)

Dat seet den Doc:Jo, dat hunn ech och schonn héieren. Eng Zwiwwel soll jo antibakteriell an entzündungshemmend Eegenschaften hunn. Op Studien dat elo beleeën, hunn ech nach net esou richteg erausfonnt, mee schuede mëscht et op alle Fall näischt.”

Tipp 5 kënnt da vun der Doktesch selwer: Schlof

„Du brauchs net ëmmer vill Medikamenter, also mir schwätzen elo vu banalen Erkältungen, mir schwätzen elo net vun enger Bronchite wou s de Féiwer mëss. Mee fir viral Infekter sinn déi doten Hausmëttel ganz gutt. Bei bakterielle Geschichte brauchs de Antibiotiquen, an dann ass et och wichteg ze rouen an ze schlofen. Dat kléngt ëmmer esou banal, mee hautdesdaags si ganz vill Leit déi soen du dierfs net krank sinn, du muss weider schaffe goen. Mee wann däi Kierper schlapp ass, da gënn dir déi Rou, well de Risiko ass ëmmer vun enger Superinfektioun: du hues einfach en normale Virusinfekt a wann s de dann net oppass, da kanns de dech nach enzwousch ustiechen a Bakterië maachen awer e bësse méi Schued am Kierper.“

Bei enger Erkältung muss een also net ëmmer direkt op d’Chemiekeule zeréckgräifen, ma et gëllt ofzeweien: gëtt den Infekt méi schlëmm an d’Symptomer loossen och no längerer Zäit net no, dann ass de Gang bei den Dokter wuel awer keng schlecht Iddi. Mee och al Hausmëttele kënnen sech bei éischte Krankheetsunzeechen als heelend bewären, well soss wieren eis Grousselteren elo vläicht schonn net méi do, fir eis dovun ze erzielen. An deem Sënn: Schal un, Kraider prett, an da kann dat kaalt Wieder kommen!

 

Laura Tomassini a Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply