WOW-Effect

Ech hat am mengem ganze Liewen nach keng laang Hoer. Als Kand wollt ech ëmmer eng Nicky Frisur an dono ass déi kuerz Coupe bliwwen. Zanter Ufank August hunn ech dank den Hairdreams Extensions laang Hoer an ech fille mech elo ganz anescht…

Dir kennt mech warscheinlech och just mat engem kuerze blonde Carré. Souguer de MADI Logo huet déi Coupe déi a sech geduecht war fir sou ze bleiwen. Ma lescht Joer hunn ech mäi ganze Liewensstil verännert. Hunn mech méi beweegt, anescht giess an zanter hier 20 Kilo ofgeholl. Ech hunn mech bannen a bausse verännert an och iwwerluecht meng Coiffe der Verännerung unzepassen. Ech wosst ewer ni wéi…

Duerch Decoloratioun si mir ëmmer méi Hoer ofgebrach. Mäi Coiffeur den Tun ass dunn mat der Iddi vun den Hairdreams Extensions komm. De Plang stoung fest : Ech kreie laang Hoer.

 

 

D’Extensions vun Hairdreams sinn aus richtegen Hoer gemaach a mat hirer innovativer Bonding Method gi meng Hoer duerch Wiermt a Keratin mat den Hairdreams Echthoer Extensions verbonnen. Keratin ass souwisou schonn een Haaptbestanddeel vun eisen Hoer. Sou ginn d’Hoer nik futti gemaach. Déi ganz Prozedur dauert en puer Stonnen. Den Tun kuckt jee nodeems ob een dënnt oder déckt Hoer huet, fir déi ideal Quantitéit un Extensions ze definéieren. Och bei der Längt beréit de Profi mech perfekt. Mir decidéieren eis fir se laang ze maache mee nik ze laang. Natierlech wielt hien och d’Faarf passend zu menger Hoerfaarf aus.

 

Ech sinn total begeeschtert vum Resultat. D’Hoer fillen sech un wéi wann se meng wieren a si ganz liicht. Ech kann domat alles maache wat ech wëll. An bei de Leit hannerloossen ech en “WOW-Effekt” well kee mech mat laangen Hoer kennt. Ech fille mech mat de laangen Hoer vill méi weiblech a wéilt se am léifste fir ëmmer halen.

 

 

Extensions ware fir mech ëmmer Hoer déi no Plastik ausgesinn. Ma et fält kengem op, dass dat nik meng Hoer sinn sou echt gesinn se aus. Wann et dir och no enger Verännerung ass, da gei bis bei den Tun, www.bytun.com,  laanscht, hie kann dir laang Hoer schneiden oder dech soss super beroden.

 

Text: Mady Lutgen mat Bytun

Fotoen: Tammy Schuh


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply