Wunnen als Gefill

Wann een d’Interior Designerin Anja Rixen an sengem „La Maison“ Einrichtungshaus zu Neumagen-Dhron an Däitschland direkt hanner Tréier besicht, fillt een sech wéi an enger anerer Welt. Hei stëmmt einfach alles.

D’Anja huet bei verschidden Interior Design-Butteker geschafft, wou hatt vill iwwert prestigiéis Marken konnt léieren. Virunallem déi skandinawesch, italienesch a franséisch Marken hunn him et ungedinn. An den 90ger mécht d’Wunnexpertin säin eegene Buttek an der Géigend vu Stuttgart op. Dono grënnt hatt säin „La Maison“ zu Tréier a schlussendlech goung ee groussen Dram an Erfëllung mat sengem „La Maison“ Haus zu Neumagen-Dhron, wat hatt zesummen mat sengem Partner Robèrt a sengem Mupp Lobbes opgebaut huet.

 

 

Op dëser Plaz kann een dem Anja seng Aarbecht direct live gesinn an erliewen. D‘Haus, säin Haus fir genau ze sinn, wat hatt selwer komplet renovéiert, geplangt an angeriicht huet. Ausserdem kann een och verschidde Dekosaachen sur Place kafen. D’Anja ass vill méi wéi just eng Interior Designerin. Hatt geet d’Plaz déi et soll gestalten kucken a léist se op sech wirken. D’Gefill spillt fir d’Anja eng enorm grouss Roll. Dono erstellt et en Moodboard mat sengen Virschléi vum Design vum Raum, vun enger Wunneng oder engem ganzen Haus. D’Anja kann dech ewer och beroden wanns Du einfach mol ëmdekoréieren wëlls an Du wees nik wéi. Et ass wéi wann hatt der Location hir Séil an deng kinnt kucken an doropshin designt hat däin Doheem.

 

 

 

 

Nievenbäi huet d’Anja och seng Leidenschaft fir d’Gesaltung vu Vakanzenhäiser entdeckt. Bei dësem Chalet konnt hatt senger Kreativitéit fräien Laf loosen. Et mierkt een direkt, dass hei en Profi fir den Design an Dekoratioun zoustänneg ass. Sou en Interieur fënnt een nämlech soss just nach a Wunn-Magaziner.

 

 

Sichs Du Punkto Anrichtung, Design oder Dekoratioun dat Speziellt, dat Exrat, dat Gefill dech irgendwou wuel ze fillen? Dann géi onbedéngt bis bei Anja lanst kucken oder ruff him un. Du wärs sëcher nik enttäuscht ginn.

 

 

Text: Mady Lutgen

Fotoen: La Maison an Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply