Yoga Fever

D’Nadine Dupont ass eng passionéiert Globetrotterin. Säit Jore bereest hat Südostasien a genéisst et esou richteg ënnerzetauchen a Kultur a Leit hautno richteg kennenzeléieren. Esou huet hat dunn och seng Léift zum Yoga nach méi intensiv entdeckt a gëtt nieft sengem Beruff als Schouljoffer no enger Yogi-Ausbildung an Indonesien och Privatkure wou den Austausch am Mëttelpunkt steet.

 

Wéi géifs du Yoga an 3 Wieder beschreiwen?

Fir mech ass Yoga eng grouss Inspiratioun, bedeit vill Disziplin an Oppenheet. Wichteg ass et virun allem de Moment ze liewe ganz nom Motto Carpe Diem. Mir perséinlech bréngt et ganz vill positiv Energie, Zefriddenheet an Ausgeglachenheet.

 

Wat ass Yoga net?

Yoga ass op kee Fall Sport ewéi Konschtturnen oder Akrobatik. Et dierf een net erwaarde vun haut ob muer direkt dem Handstand ze kënnen, well et ass de Wee dohin deen zielt.Et ass eng Liewensastellung an eng eege Philosophie. Yoga bedeit an der Sanskrit-Sprooch Unitéit an ass de Wee fir d’Gläichgewiicht tëscht Kierper, Geescht a Séil ze fannen.

Wéini a wéi hues du Yoga fir dech entdeckt?

Ech reesen immens gären a war schonn an Indonesien, op de Philippinnen, an Thailand, am Vietnam, dem Myanmar an an Indien. Viru gutt 7 Joer hunn ech Yoga hei zu Lëtzebuerg fir mech entdeckt. Ech si lafe gaangen an an de Fitness a war op der Sich no eppes Neiem wat mech méi inspiréiert. Säit ongeféier 3 Joer ass dat awer méi ewéi nëmmen en Hobby, mee ech sinn haut e Yogi duerch an duerch an et mëscht mech vu bannen a bausse staark!

 

Du hues viru kuerzem en Trainerschäin an Indonesien gemaach. Kanns du e bësse méi erzielen?

Lëschte Summer war ech zwee ganzer Méint an Indonesien ënnerwee an hunn en intensiven „Teacher Training“ gemaach fir meng Theorie a Praxis ze verdéiwen an och kënne selwer spéider Coursen ze halen a meng Passioun mat aneren ze deelen. Ech hunn en 200 hours international registered YTT (Yoga Teacher Traning) am klasseschen Hatha-Style gemaach. Hei léiert ee beispillsweis vill Philosophie, Anatomie, Sanskrit also Yoga-Sprooch, Mantra-Sangen, etc. Dat Ganzt gouf mat enger praktescher Sequenz déi ee selwer virbereede muss an engem schrëftlechen Examen ofgeschloss, deen ech souguer am Schneidersëtz um Buedem geschriwwen hunn.

Wat kann ee geeschteg a psychesch mat Yoga bewierken?

Bekannt si jo virun allem déi verschidde Pose respektiv Kierperübungen. Hei spillt och d’Ootmung eng immens wichteg Roll. Et leiert een seng Ootmung ze kontrolléieren a gëtt doduerch automatesch och geeschtlech a psychesch vill méi zen, ausgeglach an et hëlt een alles vill méi roueg. Am Alldag mierken ech fir mech selwer, dass déi Übunge mir zum Beispill als Schouljoffer och Distanz zu heiansdo schwieregen oder stressege Situatiounen an der Schoul ginn. De Yoga an der Schoul, wierkt sech och positiv op d’Kanner aus déi immens motivéiert a begeeschtert matmaachen. De Fait Dag fir Dag sech kleng Zieler ze setze gëtt am Endeffekt mat vill Zefriddenheet an ënnerlechem Fridde belount. Dëst ass och gutt an der an der grousser Yoga-Bibel Bhagavad-Gita beschriwwen : „Yoga is the journey of the self, through the self to the self“ a gouf och scho vum Ghandi virgemaach mam bekannte Saz:

„Be the change you want to see in the world“

 

Sarah Melcher


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply