Yoni Eggs

Gewann haut op der Adventskalennerdier 11 Yoni Eggs vum Lapidibus-Shop zu Péiteng.

Yoni bedeit op Sanskrit “Ursprong” an bezitt sech op d’Vulva. Schon seit méi wéi 2000 Joër gëtt d’Yoni an der taoistescher Traditioun veréiert. Sie ass den zentralen Uert fir Gesondheet, Kraaft, Wuelstand a Jugend. D’Yoni Éer sin eng aal Technik, déi entweckelt gouff, fir d’Beckenbuedemmuskulatur ze traineieren. Dess, aus verschiddenen Edelsténg geschlaffen Éer gin an d’Yoni angefouert. Duerch d’Stimuleiereung vun den Beckenbuedemmuskelen, hun d’Taoistinnen hiert ganz Potential vun der weiblecher Sexualitéit konnten ausschöpfen. Dess aal Traditioun ass och haut nees ganz beleiwt an helleft ons Fra’en net nemmen kierperlech mee och spirituell, andeems mer ons matt onsem hellegen, schöpfereschen Deel auserneen setzen, an sou mei zu ons selwer an eiser helleger Weiblechkeet fannen. Dir kënnt een Set vun 3 Yoni Éer gewannen. D’Stengzort kënnt dir iech am Lapidibus-Shop zu Péiteng selwer raussichen.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply