Sans gêne

De 16. Mäerz ass et nees esou wäit: déi franséisch Sängerin Zaz fënnt de Wee erëm zeréck op Lëtzebuerg! Réischt am November huet dat liicht verréckte Meedche mam Piercing am lénke Bak säin neien Album „Effet Miroir“ op de Maart bruet an domat eng ganz nei Säit vu sech offenbaart. Deels melancholesch, deels rockeg an deels mat latäinamerikaneschem Flair erzielt d’Zaz vu senge ville verschiddene Facetten a kuckt zeréck op e Liewe voller Reesen. Scho mat véier Joer wousst d’Zaz – gebuer als Isabelle Geffroy –  genau, wat et wéilt an huet zënterhier u sengem groussen Dram geschafft.

 

Vum Cabaret an d’Stroosse vum Paräisser Kënschtlerquartier Montmartre, vum klenge Café bis op déi ganz grouss Bühn – d’Zaz ass sech fir keen Optrëtt ze schued. Als „modern Versioun“ vum Édith Piaf huet d’Fransousin mat der rauer Stëmm säin Debutalbum „Zaz“ iwwer eng Millioun mol a senger Heemecht verkaf an et domat och iwwer déi franséisch Grenzen eraus zum ganz grousse Star gepackt. Ma net nëmmen säin onverkennbart Organ mëscht d’Zaz zu engem ganz spezielle Stäerchen um Chansonniers-Himmel. Et ass virun allem seng immens authentesch Aart, déi dat 38-Järegt esou sympathesch wierke léisst. Mat Aussoe wéi „Ech zéie Libellen un“ oder doriwwer, wéi hatt sech als jonk Kënschtlerin ee Joer net geschminkt huet fir net ëmmer anere gefalen ze wëllen, wierkt d’Zaz zwar oft e bëssen nieft der Rull, ma genau dat ass et, wat d’Leit un him esou gären hunn.

Et ass net eent vun deene Meedercher, déi nom éischten Hit a Party-Exzesser versenken, oder sech vun der éischter Gage en horrend deiere Fummel vun Dior uschafen. D’Zaz gehéiert éischter zu deenen, déi sech bei Interviews scho mol relax trotz Jüpp op de Buedem sëtzen oder verroden, dass hire Gaart doheem ausgesäit wéi en Dschungel, well se einfach ze chaotesch fir d’Liewe sinn. An och iwwer privat Saache schwätzt d’Fransousin ganz riicht eraus, éierlech a sans gêne. Fir hatt ass Sange wéi eng Therapie, déi him hëlleft, all Dag op e Neits säi Wee ze fannen. No dräi Joer Radiopaus zielen seng Lidder vum eleng sinn („St Valentin“) an dovun, d’Saachen einfach emol op sech duerkommen ze loossen („Qué Vendrá“) – och wann dat heiansdo schwéier fält.

 

Et schéngt ze funktionéieren, well egal wou d’Zaz hikënnt, sangen d’Leit seng Texter mat. Hikomm ass et 2012 dann och op eng ganz aussergewéinlech Plaz – op mannst, fir e Concert ze spillen. Matsamt sengem Gittarist a Kontrabassist ass hat fir de Kuerzfilm „Zaz – l’histoire d’une ascension“ op d’Spëtzt vum Montblanc gekrackselt an huet do säin Hit „Je veux“ unplugged viru versammelter Mannschaft performt. An engem Interview no dësem Trip sot d’Sängerin op d’Fro, wéi et dann ass a 4.810 Meter Héicht ze sangen: „Miserabel Akustik mee eng super Aussiicht“. Vun der Long op d’Zong also, genau esou, wéi een d’Zaz kennt.

 

“Ce n’est pas votre argent qui fera mon bonheur”

Zaz

Et erahnt een et vläicht schonn: d’Zaz ass keent, wéi en anert. A wien elo virwëtzeg ginn ass an d’Sängerin gären in persona erliewe wëll, deen dierf säi Concert an der Rockhal op kee Fall verpassen! A wie weess, vläicht päkt d’Sängerin jo och dann erëm eng vu senge ville witzegen Aussoen aus, well bei iwwer 500 Concerten an insgesamt fënnef Kontinenter huet d’Zaz definitiv méi wéi eng cool Story ze verzielen.

 

 

Laura Tomassini

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Comments (29)

  1. dans ma rue

  2. Je veux 🙂

  3. Eblouie par la nuit

  4. Je veux ?

  5. Je veux

  6. Je veux

  7. Un den Zaz-Gott: Bitte Bitte! D’Lynn an ech wieren richteg glécklech 🙂

    Je veux —-> les tickets
    Au long de la route —-> je chanterais une belle chanson de ZAZ ;)) hihi

    Meng 2 absolut Favoriten 😉

  8. Qué véndra ?? geif mech rieseg freen Zaz lauschteren ze goen

  9. Je veux

  10. ? je veux ?

  11. Je veux ???

  12. ? Qué vendrá ?

  13. Je veux
    Ce n’est pas votre argent qui fera mon bonheur

  14. On ira ?????

  15. Je veux

  16. Je veux
    ?

  17. Je veux ! Merci

  18. On ira

  19. je veux mat menger Fraa dem Céline Wagner Brillon

  20. je veux

  21. Qué Vendrá

  22. Port Cotton ?

  23. Je veux ☺️

  24. Paris sera toujours Paris

  25. Dans ma rue

  26. Je veux ?

  27. Paris sera toujours Paris ♥️

  28. « Si jamais j’oublie.. »
    Rappelle-moi qui je suis… pourquoi je suis en vie!

Leave a Reply