Zréck zu mir!

Duerch Corona hunn ech ugefaange méi eraus an d’Natur ze goen, méi ze trëppelen a mech méi ze beweegen, ech hunn och nach dobäi meng Iessgewunnechten ëmgestallt. Zanter iwwert engem Joer iessen ech just owes, bei dem Wandel hunn ech méi wéi 25 Kilo verluer a fille mech besser baussen a bannen. Ma duerch de Stress am Job an och den Alldag léisst mech vun Zäit zu Zäit ewer nik ëmmer gesond iessen. Et muss meeschtens séier goen, dat bewosst Iesse kënnt ze kuerz. An och meng Ech-Zäit ass an der leschter Zäit zimlech ze kuerz komm…

Meng Frëndin Tanja de Jager invitéiert mech spontan fir seng nei Villa O zu Virton heivir an der Belscht ze entdecken an ech soen ouni ze zécken ” JO “.
D’Tanja huet d’Villa O mat sengem Mann Koen gegrënnt. Hei handelt et sech em eng Villa déi si kaaft a mat vill Häerz a Goût renovéiert hunn, wou si selwer dra wunnen an elo och nach en Gesondheetszenter wëllen draus maachen.

 

Vum éischte Moment un wou ech Buerféiss an d’Villa erakomme sinn ech verléift. D’Kombinatioun vum alen a moderne vun all deene klengen Detailer déi dës Plaz zu eppes ganz Besonnesche maachen. D’Tanja an de Koen si vill gereest an iwwerall fënnt een dëse Flair aus der Welt och an der Villa erëm. Een aneren Highlight ass de Pool dobaussen, deen een dreeme léisst. Ma och d’Zëmmer sinn all mat vill Charme ageriicht.

 

D’Tanja an de Koen bidden all Mount wärend dem Summer eng Detoxwoch un. Wéi ech si besicht hunn, war grad en Grupp do an dowéinst hunn ech spontan decidéiert 2 Deeg Detox matzemaachen.
Nieft dem kee Kaffi, keen Alkohol a keng Produite vum Déier krute mir vum Tanja wonnerbar vegan gekacht. Zousätzlech krute mir Téi, verschidde frësch gepresste Jusen oder fermentéiert Drinks zerwéiert. Lauter Produiten déi si selwer hierstellen oder uplanzen a mat vill Wëssen un hir Gäscht weiderginn.

 

 

Si erkläre bei allem wat genau et ass a firwat et gutt ass. Bei all gesondem Bësse vun dëser gesonder Nahrung kréien ech Loscht op nach méi gesond Nahrung. Vun Honger keng Spuer.
Fir d’Detox unzereegen an och einfach just eppes fir seng Gesondheet ze maachen, bidden si och nach zousätzlech Servicer an Therapien un. Wéi déi pulséierend Magnéitfeldtherapie, Hyperbare Sauerstofftherapie, Routliichttherapie an d’Bioresonanztherapie.

D’Kombinatioun vun allen Therapien ënnerstëtzt d’Gesondheet vu baussen a bannen. Virun allem huet mech d’Sëtzung vun der Bioresonanz immens faszinéiert. Dës Maschinn mësst all d’Energië vun eisem Kierper an awer och déi vun den Emotiounen. Ech war esou erstaunt wéi wouer d’Resultater waren a si mir dobäi villes bewosst ginn, vun Traumaen déi mech geprägt hunn bis zu Iessgewunnechten déi nik gutt sinn.

 

Et ass lo zwou Wochen hier dass ech déi Detox gemaach hunn an ech probéieren zanter hier manner Zocker ziessen. Kache méi gesond a virun allem méi Geméis.
Wanns Du op der Sich bass no enger Auszäit oder no engem neien Ufank oder Du wëlls dir vläicht einfach eppes Guddes maachen, da bass Du beim Tanja a Koen an der Villa O  genau richteg !

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply