Zu sech fannen

D’Judith Teusch-Schmit huet 1995 säi Jong den Donovan op d’Welt bruecht mat engem Kaiserschnitt ouni dass d’Péridurale gewierkt huet. Eng Situatioun déi säi ganzt Liewe verännert huet.

Haut gleefs du dorun, dass dës Situatioun dir souzesoen d’Liewe gerett huet?

No dësem Horrorzeenario goung et mir guer net gutt. Mee en huet meng Recherche ugekuerbelt, wisou erliewe mir oder musse mir Verschiddenes erliewen ? Wisou gi mir krank? Firwat déi Krankheet an net eng aner ? Firwat elo an net méi frei oder méi spéit ? Alles Zoufall ? Dass ech dëse Wee an di Recherche ageschloen hunn huet mir Joren duerno d’Liewen effektiv gerett. Ech sinn erkrankt un enger onheelbarer Krankheet vir d’Medezin a keen Dokter konnt mir hëllefen. Ech hat dunn schonns zënter Jore vill Ausbildungen hannert mir an etleche Leit kennen hëllefen. Dunn goung et drun mir selwer ze hëllefen, wat jidderee weess, am Schwieregsten ass. Mee no 3 Joer hat ech et gepackt an zënter deem ni méi eppes kritt. Et goung mir duerno besser wie jee zuvor soen ech gären, et gouf en virdrun an en duerno. Wann een alles éierlech an déif opschafft dann ännert een, an et deet gutt. Et war mir dunn kloer, aus Dankbarkeet, wollt ech de Leit eng Ausbildung bidden di hinnen och géif erlaben d’selwecht ze iwwerleeën a virzegoe vir sech ze befreie vun onerwënschte Situatiounen oder egal wien enge Problemer.

D’Stamm Bam Analysen an domadder onst Zellgedächtnis beaarbechten, d’Wuerzel erkenne vun all onse Problemer an dat Erlieften opschaffe vir dat physescht nees auszegläichen ass duerch d’Aart a Weis vun der Hypnose Humaniste ofgeronnt a respektvoll an Zeene bruecht ginn.

Du gees dovun aus, dass een nik einfach sou eng Krankheet huet?

Ech kann nëmme vun deem schwätze wat ech selwer och studéiert an erlieft hunn. Ech kucken zesumme mat menge Client‘en hiert ganzt Liewen un an och hier momentan Situatioun. Doropshi fanne mir eraus firwat si hiert Iwwel hunn. Verschiddenes ass virprogramméiert, aneres kënnt duerch de Stammbam an der Kandheet. Meeschtens ass et eng prezis Equatioun vun deenen dräi Ursaachen. D’Hypnose Humaniste hëlleft ons dann op eng schéin, liicht an erléisend Aart a Weis de Knuet opzeléisen. Dat geschitt well mir nees zu eis fannen an zu der Natur selwer. Natierlech brauche mir och d’Medezin, mir si just ee Begleetwee deen zu der Wuerzel vum Erliefte fënnt an déi zitt. Et ass wichteg dass mir alles zesumme kucken an evoluéieren, den Erfolleg kennt no enger anerer Aart d’Liewen ze betruechten.

Du bilts Leit an der Hypnose Humaniste aus, well dat denger Meenung no eng ganz effikass Methode ass a bei ville Problemer kann ugewannt ginn?

Déi Humanistesch Hypnose gouf 2001 vum Olivier Lockert zu Paräis erfonnt. Bei dëser Zort vun Hypnose bleift ee bei vollem Bewosstsinn. De Kontrollverloscht an d’Manipulatioun mécht nämlech ville Leit Angscht, si hunn se schonns ze oft erlieft am Alldag a mussen net nach emol doduerch goe vir däerfen zu sech ze fannen. Anescht wéi bei deenen üblechen Zorte wou d’Trance a Richtung Schlof geet, hëlleft dës Trance engem méi bewosst a waakreg ze gi wéi normal. Mir erwächen zu ons an och vun all deem wat mir bäibruecht an op de Réck operluecht kritt hunn.

An der humanistescher Trance begéint een den Ursprong vu sengem Problem ganz schnell. Et spiert an empfënnt ee säi Problem a Form vun engem Symbol. D’Symbol ass d’Spëtzt vum Äisbierg, an andeems dat beaarbecht gëtt, gëtt all Informatioun déi de Problem erschafen huet déi Péng di een an deem Zesummenhang erlieft huet, verschafft. Bei dem ganze Verlaf begleet den Hypnotherapeut een an hëlleft dem Client d’Symbol op déi richteg Aart a Weis ze veränneren oder ze läschen. Dëst ass méi déif, schnell a befreiend wien all aner Zort vu Begleedung. Et muss een net alles nach eng Kéier erliewen, fir dierfen säi Gläichgewiicht ze fannen. D’Zäiten änneren sech, d’Aart vun der Hëllef och.

Dem Mady seng Remark:

Ech war scho puermol beim Judith a kann nëmme bestätegen, dass hat vill vu menge Problemer direkt konnt definéieren a mir hunn zum Beispill meng Schlofproblemer, déi ech iwwert 10 Joer hat, domat staark verbessert.

 

Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply