A la Parisienne

De Summer ass do an Terrassen endlech erëm op. Do sicht een dach dacks no der perfekter Plaz fir Moies Kaffi ze drénken, Mëttes fir ze lunchen oder den Apero ze huelen? Mir hunn eng Plaz fonnt mat engem ganz besonnesche Charme…

De Café de Paris op der Plëss zitt duerch seng zentral Lag Touristen an awer och déi Einheimech un. Ma elo huet en säi Look a Konzept komplett geännert. Eng besser Terrasse fënnt een an der ganzer Stad nik. Virun allem krut d’Kichen eng Mutz méi Pepp verpasst. Soss huet een hei éischter méi déi traditionell franséisch Platen op der Kaart fonnt, ma elo fënnt ee vun Hot Dog bis Planchetten alles wat ee Gourmants-Häerz begiert. D’Qualitéit vun de Produite steet an dësem Haus un éischter Plaz.

 

 

Moies kritt ee Leckereie beim Kaffi zerwéiert, Mëttes eng Kaart fir de groussen an awer och klengen Honger mat Schneekereien als Dessert an Owes sinn et da Planchetten an d’Tappas déi fir déi richteg After-Work Ambiance suergen. Perfekt dobäi passt eng gutt Fläsch Wäin oder Béier, ma och hir Cocktailen hunn et a sech, zemools déi Lëtzebuergesch Variant. Oder en Spritz, Hugo oder Mojito loossen en Dag ëmmer summerlech ofkléngen an dat an engem wonnerschéine Kader.

 

 

Bannen ass de Café de Paris sengem Charme à la Parisienne trei bliwwen, ma de retro Look ass ganz modern, sou och déi nei Tenue vum Personal, wat iech ëmmer wäert mat engem Laachen empfänken. Lo wësst dir wouhi wann dir déi nächste Kéier no enger gudder Adress sicht.

 

Text: Mady Lutgen Fotoen: Anne Lommel

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply