Äppel Verféirung

Tarte Tatin mat Vanillsglace

Zutaten fir 1 Taart:

200 g Miel

150 g Botter

3 Iessläffel Waasser

1 Prise Salz

1 Ee

120 g Zocker

50 g Botter

750 g Äppel (Mir hunn Boskoop geholl), geschielt an an Tranchë geschnidden

Fir den Deeg, d’Miel mam Botter vermëschen. Am beschte kleng Stécker Botter mam Messer schneiden an da mat den Hänn ënnert d’Miel mëschen a gutt verreiwen.

E Lach maachen, an do dran d’Ee ginn an d’Waasser. An elo dat Ganzt mam Miel mësche mat der Maschinn oder mat der Hand (geet am schnellste fannen ech)

Eng Kugel formen an dëst fir 30 Minutten an de Frigo stellen.

Bakuewen op 200 °C viirheizen.

Fir de Karamell den Zocker mat engem Schotz Waasser an eng Pan gi. Op mëttlerer Hetzt wiermen, an ab und zu d’Pan schwenken. Et dauert nawell e bëssen bis den Zocker liicht méi brong gëtt. Wann en da bis mëttel brong ass, dei 50 g Botter a klenge Stécker derbäi gi an da kennt dir och dra réieren. Just oppassen, well Karamell ass ultra waarm.

Eng Taartenbaackform huelen, dodran Bakpabeier leen. Virsiichteg de Karamell dra schëdden a gutt verdeelen. Dorop leet een dann d’Äppel.

Den Deeg dënn ausrullen, an op d’Äppel leen. De Rand e bëssen erof drécken.

An den Uewe stellen a fir 25 Minutte baacken loossen (an der Mëtt).

Nom eraushuelen, fir opmannst 15 Minutte stoe loossen ier een Taart emdreint.

D´ Taart kann ee gutt mat enger Bull Vanillsglace servéieren.

 

 

 

 

Mir recommandéieren iech den Charta Gewürztraminer vu Max Lahr et Fils bei den Dessert. Bestellt en direct online hei: https://www.max-lahr.lu/weinshop/gewuerztraminer-charta/

 

 

Text a Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply