Basilikum-Schnecken

Zutaten: (fir 4-5 Léit)

 

  • 1 Bouquet frësche Basilikum (100 g)
  • 2 Pâte feuilletée (dei ronn)
  • 5 Iessläffel Olivenueleg
  • 3 Zéiwe Knuewelek
  • 100 g gemuelene Parmesan
  • Miersalz

 

Zoubereedung:

  1. D’Basilikumblieder mam Knuewelek, Ueleg a Kéis an en Mixer gi, an alles esoulaang mixe bis eng “leefeg” Mass entsteet.
  2. De Bliederdeeg ausrullen an d’Basilikum-Mass gläichméisseg doriwwer sträichen.
  3. Den Deeg genau 5 mol de breede Wee fale bis dir eng laang Rull hutt. Déi wéckelt der an de Kichepabeier an a leet se fir 20 Minutten an d’Tiefkühltruh.
  4. Uewen op 200 °C Ober-und Unterhitze virhëtzen
  5. No 20 Minutten aus der Tiefkühltruh huelen an aus dem Pabeier huelen. Dir schneit den Deeg an 1 cm déck Tranchen an leet déi op en Bakblech. (5 cm wäit auseneen). Dir bestreet alles mat Salz.
  6. No 15 Minutte kennt dir d’Schnecken eraushuelen a waarm zervéieren

 

Dir kënnt och aner Zutaten huele fir drop, wéi zum Beispill en anere Kéis. Loosst ärer Fantasie do fräie Laf.

 

Fir bei d’Basilikum-Schnecken proposéieren mir iech de Crémant Cuvée 1921 vu Bernard-Massard. Denkt drun, dass dir ganz onkomplizéiert am Online-Shop vu Bernard-Massard kënnt bestellen an dir de Crémant a Wäin ganz easy heem geliwwert kritt.

 

Text a Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply