Blinis mat Pep

Blinis mat Saumon fumée a Scampi

Zutaten (fir 4 Leit)

  • 32 Blinis (déi kann ee fäerdeg kafen oder och selwer maachen)
  • 150 g Saumon fumée oder Truite saumonée
  • 1 Packung Scampi Bio
  • 200 g Sauerram
  • e Bond Dill
  • e Bond Schnittlauch
  • eng Prise Salz a Peffer
  • Sauerrahm mat bëssi Salz a Peffer wierzen.
  • Op all Blini e bëssen Sauerrahm mat engem Läffel drop maachen.
  • De Saumon a kleng Tranchë
  • Ofwiesselend Saumon an/oder Scampi op de Blini/Sauerram
  • Schnittlauch an 1 cm kleng schneiden. Den Dill kann ee mat den Hänn zupfen.
  • Jeeweils all Blini entweder mat Schnittlauch oder Dill dekoréieren.

Dest Rezept kann ee roueg scho e puer Stonnen am viraus virbereeden, einfach am Frigo lageren.

Rezept fir Blinis (32 Stéck ongeféier):

  • en hallwen Téiläffel Salz
  • en hallwen Téiläffel Zocker
  • 10 g frësch Hief, zerbréckelt
  • 1,5 dl Mëllech (net kal)
  • 30 g Botter (Zëmmertemperatur)
  • 50 g Sauerram
  • 1 Ee (Eegiel an Eewäiss trennen), aus Eewäiss Schnéi maachen
  • 50 g wäisst Miel
  • 100 g Buchweizenmiel
  • Miel, Salz an Zocker mëschen, an e Lach an der Mëtt maachen.
  • Hief mat Mëllech opléisen.
  • Elo d’Hief mat der Mëllech an d’Mëtt schëdde vum Miel. Sauerram an Eegiel och dra schëdden.
  • Alles mat engem Holzléffel oder Schnéibiesem zu engem glaten Deeg verréieren.
  • Fir 2 Stonne bei Zëmmertemperatur zoudecke mat engem Duch an opgoe loossen. Den Deeg soll sech verkoppelen.
  • Elo no deenen 2 Stonnen, den Schnéi drënner mëschen.
  • Botter an eng Pan maachen a gutt waarm gi loussen sou datt de Botter schmëlzt.
  • Pro Blini 1 Iessläffel Deeg a Pan gi. Vun béiden Säiten sollen se schéin hellbrong gi.
  • Op d’Säit stelle bis een se servéiert an dekoréiert.

 

Fir bei den Amuse Bouche recommandéieren mir iech den Crémant Brut Rosé Gold vu Max Lahr et Fils. Bestellt den Crémant ganz einfach via deen heiten Link : https://www.max-lahr.lu/weinshop/cremant-brut-rose-gold/

 

Mir wënschen iech ee gudden Appetit!


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply