Champignons Zauber

Chrëschtdag loosse mir eis sou richteg verwinnen. Do dierf déi perfekt Amuse-Bouche beim richtegen Apéro natierlech nik feelen. Mir hunn fir iech en vegaant Rezept preparéiert wat ganz einfach nozekachen ass.

 

Zutaten:

(Portioun fir 10 Bouchéeë)

Fir d’Polenta:

400 ml Kokosmëllech

300 ml Waasser

1 Zéif Knuewelek

3 Prisen Salz

en bëssen Peffer

150 gr Polenta

1 Iessläffel Olivenueleg

Fir d’Champignone:

2 Iessläffel Sesamueleg

3 Branchen Thymian

2 mëttelgrouss Ennen

200 gr brong Champignons de Paris

8 Iessläffel séiss Sojaszooss

Preparatioun:

  1. Bréngt Kokosmëllechmam Waasser, Knuewelek, Salz an Peffer zum Kachen. Loosst et lues opkachen an dann huelt der Dëppen vun der Plack erof an schëtt Polenta dran. Réiert mam Schnéibiesemen, net datt et Klompen gi. Zum Schluss kennt den Olivenueleg dran.
  2. Leet en Bakpabeierop en Bakblech, an dorop maacht dir elo d’ Ech hunn se mat engem Läffel op ongeféier 1 cm verriwwen. Do leet der eng Frischhaltefolie drop an loosst dat Ganzt fir iwwert eng Stonn kal stoen.
  3. Heizt den Schäffchenop 220 °C vir (Ober – und Unterhitze), an soubal en gutt waarm ass, stellt der den Bakblech mat der Polenta eran fir 30 Minutten (se soll bëssen knuspreg gi).
  4. An deenen 30 Minutten bereeden mir Elo d’Champignone vir. Schneid se an dënn Scheiwen (virdrun engkeier wäschen, falls se knaschteg sinn). Den Sesamueleg an eng Pan machen an gutt waarm gi Lo brot dir d’Champignone dodran un, (stellt är Plack awer net ze héich, mir wëllen net datt se verbrennen). Thymian och derbäi maachen. No 5 Minutten och déi geschnidden Ennen derbäi maachen an mat ubroden fir weider 10 Minutten. Ëmmer erëm dran réieren. Dann kommen 8 Iessläffelen Sojaszooss dobäi, an lo loosst dir dat ganz nach eng gutt 10 Minutten kachen, well lo karamelliséiert sech dat Ganzt.
  5. D’Polenta aus dem Schäffchenhuelen, 5 Minutten
  6. Elo huelt der een Glas an stéchtdomadder kleng Kreesser aus der Polenta raus.
  7. Zum Schluss d’Garnitur “karamelliséiert Champignone” drop machen (ech hunnse mat engem kléngen Läffel drop gemaach). Wann dir wëllt, kennt dir och nach en Zweig Thymian drop leen als Deko.

Fir den Apéro proposéieren mir iech passend zu den Champignions Bouchéeë de Crémant « Clos des Rochers » brut : rosé vun Bernard-Massard, deen dir ganz einfach an hirem online Shop bestellen kënnt.

 

Gudden Appetit!

 

Fotoen an Text: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply