Coq au vin

Zutaten (fir 4-5 Leit):

  • Stecker vu Poulet: Broscht, Strämpel, Flillek etc (1,5 kg)
  • 80 g klore Speck (wäisse Speck oder Gréiwe genannt)
  • 80 g moren Speck (duerchwuessene Speck)
  • Salz
  • Peffer
  • Paprikapolver
  • 750 ml Riesling
  • 300 ml Waasser
  • Péiterséileg (en Büschel)
  • en Glas kleng Ennen (Perlzwiebeln)
  • zwee Glieser Champignonen
  • 250 ml Ram
  • 3 Iessläffel Miel

Zoubereedung:

  1. Kloren Speck an dënn Stecker schneiden an an enger Pan ubrode bis en duerchsiichteg ass. Doran d’Pouletstécker kräfteg ubrode vun allen Säiten.
  2. De Poulet mat Salz, Peffer a Paprikapolver wierze vun all Säit.
  3. Wäin, Ënnen, a Péiterséileg (geschnidden) dobäi gi. Kuerz opkache loossen.
  4. Alles zesummen an en grousst Dëppe schëdden a fir 45 Minutte bei 200 Grad zougedeckt an an de Schäffchen.
  5. An der Tëschenzäit an enger Pan de moren Speck ubrode fir 5 Minutten. D’Champignonen dobäi gi a fir 2 Minutte mat ubroden.
  6. Miel driwwer stréëen a gutt méchen (am beschte mat engem Holzläffel)
  7. Ram dobäi schëdden a réiere bis alles engkeier liicht kacht.
  8. No 45 Minutten d’Ram-Champignonsmëschung bei de Poulet gin a gutt verréieren. Lo nach eng Kéier 25 Minutten am Schäffchen zougedeckt loossen.
  9. Entweder am groussen Dëppen zervéieren oder a puer Schosselen emschëdden.

 

 

 

 

Zutaten fir Nuddelen a Bounen am Speck:

  • ee Pack Band Nuddelen
  • 300 g frësch gréng Bounen oder Tiefkühlbounen
  • 12 Tranchë moren Speck

Zoubereedung:

  1. Nuddelen 10 Minutte virum zervéiere kache bis se al dente sinn.
  2. Boune wäschen an déi zwee Enner ofschneiden. Fir 6 Minutten a Waasser kachen, an da mat kalem Waasser ofschrecken (blanchéieren).
  3. 5-8 Bounen an eng Tranche Speck awéckelen.
  4. Bounen am Speck op en Bakblech(mat Bakpabeier bedeckt) léien an fir 15 Minutten an de Schäffche bei 180 °C Ober-und Unterhitze stellen (bis de Speck cross ass).

 

Fir den Haptplat proposéieren mir iech zesummen mat Bernard-Massard en Clos des Rochers Riesling 2018. Bestellt dëse Wäin ganz einfach am Online Shop vu Bernard-Massard a loosst iech en Heem liwweren ouni Stress.

 

Fotoen an Text: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply