Dec 10, 2023 -
Food
De Klassiker
Fir 4 Portiounen
Zäit: 2 Stonnen
Zutaten
- 1 kgRagout vum Réih
- 1 Schotz
- 1 kléngt Glas Cognac (+- 100 ml)
- 1 grousst Glas roude Wain (+-300 ml)
- 2 grouss Glieser Waasser (+- 600 ml)
- 100 g Botter
- 1 grouss Enn, an kléng Stécker geschnidden
- 3-4 EL Miel
- 6 Wacholderbeeren
- 2 Lorbeerblieder
- 2 EL Wildgewürzmischung
- 1 TL Salz
- 1 grouss Prise Peffer
Rezept
- De Botter an ee grousst Deppe leen a schmëlzen loossen. D’Miel derbai ginn a gutt verréieren. Fir 10 Minutte gudd brong gi loossen, ëmmer erëm dra réieren.
- D’Fleesch an enger Pan gudd unbroden (fir 5 Minutten) an dann mat Cognac flambéieren. (Oppassen mat der Flaam, dei kann mol héisch gin -> Onbedengt d’Hauf ausmaachen)
- D’Fleesch an d’Enn bei d’Botter-Miel-Mëschung ginn a fir 2 Minutte gutt verréieren. Mat Salz, Peffer, Wildgewürzmëschung wierzen.
- Mam roude Wäin an Waasser läschen. Alles gutt verréieren.
- Wacholderbeeren a Lorberblieder derbäi ginn. Bei gerénger/klenger Hëtzt fir 2 Stonne kachelen loossen. Ab und zu kucke fir eventuell nach Waasser derbäi ze gi.
- Alle 20 Minutten am beschten engkeier dra réieren.
- Gutt derbäi passe Spätzle, roude Kabes a waarm Bieren/Äppelkompott.
Mir proposéieren iech bei den Haptplat de Pinot Gris Grand Premier Cru 2020 Ahner Vogelsang dobäi vu Max Lahr et Fils!
Gudden Appetit!
Text a Fotoen: Anne Lommel