Dram vum Pärelshong

Zutaten  (4Persounen)

4 Pärelhongstrempele (suprême de pintade)

1 Zl Ueleg fir unzebroden

50 g Marzipan

1 Eewäiss

50 g Mascarponen

250 g Pouletsfilet

½ Apel

1 Zl gehackte Péiterséileg

1 klenggeschnidde Schallotten

4 Tranchë réi Ham

Salz a Peffer

Zutaten fir Zooss :

 800 ml Pouletsbritt

1 dl Calvados

1 klenggeschnidde Schallotten

20 g Botter

Zoubereedung :

  • Pärelshong wäschen, dréchen tuppen an d‘Haut vun dem méi breeden Deel vun de Strempelen délicat vum Fleesch lassmaachen

Zoubereedung vun der Fëllung:

Pouletsfilet kleng schneiden a kalstellen

  • den Apel wäschen, entkären an a kleng Wierfel schneiden
  • an engem Mixer Pouletsfleesch klengmixen
  • Schallotten, de Mascarpone, Marzipan an Eewäiss dobäi ginn a mixen
  • wierzen an dat Ganzt an eng Schossel ginn
  • de Péiterséileg an d‘Äppelwirfel ënnermëschen

 Zesummesetzung:

  • de Strempel mat der ofgeleisentener Haut op engem Briet ausleeën a mat Peffer wierzen
  • Ham mëtteg tëschten d‘Haut an dem Fleesch leeën
  • Bessi Fëllung op dem Fleesch verdeelen
  • dann dat Ganzt mat der iwerlappender Ham zouklappen
  • mat engem Zahnstocher befestegen oder mat engem Kichenfuedem ëmwéckelen
  • an enger Pan am Ueleg kuerz ubroden
  • am Schäffche bei 180C 30-40 Minutte fäerdeg kachen
  • virum Zervéieren  Zahnstocher oder Fuedem ewechhuelen
  • op engem waarmen Teller mat de Bäilagen an der Zooss dresséieren

 

Zoubereedung vun der Zooss:

  • déi fein gehackte Schallotten am Botter undënsten
  • mat dem Calvados oflöschen an akache loossen
  • Pouletsbritt dobäi ginn
  • Zooss op Hallschent reduzéiere loossen an duerch eng fein Passette schëdden
  • ofschmaachen a wierzen

 

 

Gromperendaler

 (4 Persounen)

 Zutaten :

 6 mëttelgrouss Gromperen

75 g gemuelene Parmesan

1 Zl gehackte Péiterséileg

1 dl Ram

1 ZL Botter

Salz, Peffer, Muskotnoss

Zoubereedung:

  • 3 Grompere mat der Schuel mëll kachen an op Säit stellen
  • mat de restleche Gromperen e Püree maachen
  • de Parmesan, de Botter, d’Ram an de Péiterséileg ënnermëschen
  • wierzen
  • dat Ganzt an ee Sprutzsack fëlle mat engem gezackten Opsaz
  • déi 3 gekachte Gromperen an Daler schneiden
  • op all Daler eng Rosette mat Püree sprëtzen
  • dat Ganzt op engem mat Bakpabeier ausgeluechte Plack leeën an am Schäffche bei 180 C 15-20 goe loossen

 

Käschten an Kaabes  Struddel  (4 Persounen)

Zutaten:

4 Blieder Deeg ( Feuille de brique )

1 klenge grénge gekrauselte Kabes (Wirsing)

100 g Käschten

100 g Mascarpone

50 g Botter

1 klenggeschnidde Schalotten

1 gepresste Knuewelekszéiwen

2 Eeër

50 ml Ram

 Salz, Peffer a Muskot

 

 

Zoubereedung:

  • de Kabes botzen, wäschen an a Sträife schneiden
  • an engem Dëppen, d‘Halschend vum Botter ginn
  • Schalotten an de Knuewelek am Botter undënsten,
  • dann de Kabes derbäi ginn a weider mat dënnsten
  • mat dem Ram ofläschen an nach eng hallef Stonn weider goe loossen an dann de Kabes op Säit stellen
  • wann de Kabes bëssi ofgekillt ass, de Mascarponen an Eeër ënnermëschen
  • Käschte graff klenghaken an derbäi mëschen
  • wierzen
  • 2 Deegblieder openeeneenleeën an da Kaabesgemësch drop verdeelen
  • oprullen an Änner no ënnen ëmschloen a mat dem Rescht Botter bepinselen
  • op engem mat Bakpabeier ausgeluechte Plack am Schäffche béi 190°C ca. 30 Minutte baken

 

 

 

 

Zesumme mat Bernard-Massard proposéieren mir iech bei dëse Plat en Lëtzebuergeschen Pinot Noir “La petite Fleur des Rochers” vun 2016. Dir kënnt de Pinot Noir hei bestellen an dir kritt en souguer heemgeliwwert.

Text: Corinne Flammang


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply