Fun-Brunch

Et fänkt u laang ze ginn, esou lues ass an der Kichen all Pan an Dëppen definitiv ageweit. Säit bal engem Joer heescht et elo: Bleift Doheem! Virun allem den Horesca-Secteur huet massiv mat dëser Devise ze kämpfen, well wärend all déi aner nees dierfen opmaachen, bleiwen d’Dieren vu Restaurants, Caféen an Diskoe weider zou. Ma giess ginn muss ëmmer a wann ee mat der Gloscht op Leckereien och nach déi lokal Commercer ënnerstëtzt, deet d’Frupsen dach gläich duebel gutt! Virun allem Sonndes grommelt de Mo moies ëmmer extra haart, ma d’Loscht selwer ze kachen, ass um Schluss vun der Woch meeschtens kleng. Firwat also op e gudde Sunday Brunch verzichten, wann et 2021 dach esou vill Méiglechkeete gëtt, sech trotz Corona och doheem verwinnen ze loossen?

D‘Brunch Box vum Café am Heim

Eisen aktuelle Favourite wat „brunch-to-go“ ugeet ass de Café am Heim vu Rëmeleng. Fir nëmme 45 Euro kritt een zu zwee de perfekte Sonndes-Buffet direkt virun d’Dir geliwwert, an dat am Këschteformat. Vegaant Bananebrout, Mëtsche vum Bäcker, Wafelen, Saumon fumé, Donuts, Falafel oder de Klassiker Nutella – wien hei net zu sengem kënnt, deen ass selwer Schold! Nom Succès vun de Cocktailer an Gin Packagen fir Doheem huet sech d’Ekipp vum Café decidéiert, och am zweete Lockdown nees no beim Client ze sinn a seng – sorry, mee anescht kann een et net nennen – gäil Menüen als take-away oder Liwwerung unzebidden. A fir nëmme 5 Euro méi gëtt et d’Box dann och an der fancy Versioun mat Cremant. Mir sinn definitiv Fan!

D’Escher Babbocaffè Brunch Box

Mat op de Brunch-Zuch spréngt dëse Weekend och de Babbocaffè vun Esch. An Zesummenaarbecht mat anere Commerçanten aus dem Süde bitt d’Coffee-place ab dësem Weekend eng lokal Brunch Box als pick-up un. Zwee Deeg laang gëtt et fir 56 Euro zwee special Babbo-Gedrénks au choix, Brout a Mëtsche vun der Boulangerie-Pâtisserie Gérard Cayotte, Charcuterie vum Metzler Peporte, Kéis vum Restaurant Postkutsch, Jughurte vun der Molkerei Thiry, Prosecco vun Drupisvino a frëscht Uebst vum Pretemer Haff. Wien hei akeeft, deen deet net nëmmen sech selwer eppes Guddes, mee ënnerstëtzt och nach eng ganz Rëtsch u Betriber aus dem Minett. Reservéiere muss een de Brunch ëmmer bis spéitstens een Dag am Viraus, dat heescht fir Samschdes bis Freides um 16:00 Auer a fir Sonndes bis Samschdes déi selwecht Zäit. Dat Ganzt gëtt et dann och an der veggy-Versioun, mee maacht Iech bäi, well déi éischt Ausgab vum Brunch gëtt just 50 Mol produzéiert!

Brunch matzen aus der City

D’Cathy Goedert ass elo am Graace Hotel zu Bouneweg ze fannen. Bekannt fir säi Brunch huet hatt sech eppes ganz Besonnesches afale gelooss. Hatt bitt zwou Brunch Boxen un. De Brunch classique mat Œufs brouillées, engem frësch gepressten Orangëjus, enger Granola Bowl mat Friichten, sengem frësch gebakene Brout, enger Briosch an enger Schneekerei an en Dessert fir 35 Euro. Donieft gëtt et och den Healthy Brunch mat engem frësch gepressten Orangëjus, enger Ananas Zalot mat Grenade, engem Power Müsli, engem Avocado Toast, engem Healthy Cookie aux flocons d’avoine an enger liichter Mousse aus Stoffi mat Spéculoos an Hammbier och fir 35 Euro op de Kapp. Dir kënnt iech d’Boxe ganz einfach heem liwwere loossen oder d’Boxe laanscht siche goen. En Brunch-Must op alle Fall!

Brun’Chez Vous by YWC

En agespilltent Team a Saachen „brunch@home“ ass dann d’Team vu Brun’Chez vous by Yes We Cook. Wärend anerer elo réischt op auswäerts ëmstellen, besteet d’Konzept vum Brunch-spot scho méi laang. Fir e Mindestbestellwäert vu 35 Euro gëtt geliwwert, wat de Bauch glécklech mécht – an dat vun der Stad iwwer Esch bis erof op Kayl. Brunche kann een da Samschdes a Sonndes, de Menü dierf een dobäi komplett selwer zesummestellen. Mhhh richt der se schonn, d’Pancakes, de Burrito an de Bagel? A fir d’Schneekerten ënnert eis gëtt et dann och extra lecker Mëtsche vun der Pâtisserie Strasser Nothum vu Schëffleng.

Déi vegan Kalós Brunch Box

En Dag méi fréi wéi üblech gëtt et des Variant fir all plantbased-Frupser scho Samschdes op den Dësch. Fir zwou Persoune kascht de Spaass knapp 35 Euro an ass domat eng vun de bëllegste Boxen um Maart. Den Avocado-Toast, d’Schockelasrull, de Croissant, den Chia-Pudding an de Jus vum Dag muss ee via Social Media oder WhatsApp virbestellen, ma fir de Recht heescht et just nach: Schmaachen a genéissen!

De Brunch-Menü vu Bubblies

Als take-away beim Le Chaltelet oder als home-delivery ronderëm d’Stad gëtt et all Sonnden tëscht 9:30 an 14:00 Auer de Brunch-to-go vum Bubblies. Fir z’iesse gëtt et hei déi traditionell Platen: Saache fir op d’Schmier, Omlette, Saumonstoast mat Avocado, Granola, Uebst, Mëtschen an – well deen dierf natierlech net feelen – e frësch gepressten Orangëjus. Bestallt gi muss via WhatsApp bis Samschdes, d’Bezuelung vun den 33 Euro (Schnäppchen!) funktionéiert easy iwwer Digicash.

De Brunch-Kuerf vum Weidendall

Wien elo geduet hat, dasse just déi kleng, independent Caféën sech der Zäit upassen, deen dierf elo kuerz staunen: De soss éischter méi schicke Restaurant Weidendall vu Koplescht mécht et senge Matstreider no an lancéiert ab elo de „Panier Brunch“. Fir 48 Euro dierfen sech zwou Persoune mat kulinaresche Spezialitéite verwinne loossen. Mat am Kuerf: 6 Mini-Viennoiserien, Uebstzalot, Gauffrë mat Schockela, gefëllte Gromperen, Croque-Monsieur an au choix eng lecker Tomate-Mozzarella, Saumon, Geméis mat Geessekéis oder Fleesch am Burger-Style. A fir den Extra-Flipp gëtt et dann och nach eng ganz Lëscht u gudde Schampesser fir dobäi! Bestallt gi muss hei 48 Stonnen am Viraus, ofhuelen oder sech beliwwere loosse kann een dann tëscht 11:00 an 14:00 Auer.

Homemade Brunch vu Claudine Cuisine

Vum 4. bis den 10. Januar huet sech och Claudine Cuisine eppes afale gelooss. Bei sengem Brunch-Gewënnspill gouf et e vegetareschen Breakfast-Lunch-Menü fir zwou Persounen ze gewannen, déi Glécklech dierfen sech dëse Weekend iwwer hiert Iesse freeën. Wat genau an der Këscht dran ass, bleift eng Iwwerraschung, ma d’Insta-Storye vu selwergemaachtem Granola, glutefräier Brioche, frëschem Gebeess, Quiche a Bircher Müsli loossen engem elo schonn d’Waasser am Mond zesummelafen. Well den Ee-Fra-Betrib awer keng 15 Brunche gläichzäiteg preparéiere kann, gëtt et dat Ganzt am Februar nach eng Kéier –  dann awer mat enger neier Formule.

LeCosyBrunch

French, Golden oder Diamond – dat ass d’Fro déi ee sech stelle muss, wann ee gär bei LeCosyBrunch bestellt. De Frühstücksrestaurant vu Metz ass spezialiséiert op alles, wat de Start an den Dag méi einfach mécht: Muffins, Pancakes, Eeër, Mëtschen an typesch franséisch Baguette. An der zone de livraison läit Gottseidank och de Süde vu Lëtzebuerg, esou dass een sech Sonndesmoies och net aus dem Bett ze schiele brauch, fir eppes z’iessen hannert d‘Grenz sichen ze fueren (jo, mir wëssen, dass ee virun allem déi lokal Geschäfter ënnerstëtze soll, mee mir si jo awer all gäre gutt Noperen an cheaten dierf een, soulaang et netz e oft ass!). Wien sech denkt „Wat soll de Gäiz“, deen dierf d’Deluxe-Versioun aka. Diamond-Brunch definitiv net verpassen. Mir verrode just eppes: Crêpes…

A soss?

Wien da kee Fan vu fäerdege Menüer ass, dee fënnt och weiderhi bei senge Lieblings-Coffee-places all dat, wat gutt schmaacht. Gruppetto, Glow, ChiqueoLatte, Ready Coffee Shop a Co. sinn nämlech trotz Lockdown op a preparéieren iech gudde Kaffi, lecker Mëtschen a vill aner Schneekereien – just eben to-go.

 

Laura Tomassini a Mady Lutgen


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply