Gromperlicious

Den Hierscht ass elo do, ma dofir muss een awer net op eng lecker Zalot verzichten. Lues a lues fänkt dem Grünkohl seng Saison un an dat ass eng wäertvoll Vitamin- a Mineralstoffquelle. Net ëmsoss ass en och als „Supperfood“ bekannt.

De Grünkohl gëtt eréischt richteg gutt, wann en mat e bëssen Zitrounen- oder Limettenjus a Salz zéie gelooss gëtt. Doduerch gëtt d’Geméis méi mell. Zousätzlech kann een dat ganzt awer och nach knieden a méi spéit déi waarm Séissgromper dobäi maachen. Mir hunn d’Séissgromper ganz ofkille gelooss, esou huet den Zalot méi Struktur behalen.

D’Séissgromper kann am Schäffchen oder an der Pan gebak ginn. Fir datt se schéi knuspereg gëtt, soll een se virdru fir mindestens eng Stonn geschnidden a kalem Waasser leie loossen an dono gutt ofdréchnen. Doduerch gëtt der Gromper d’Stäerkt entzunn et dir hutt herno schéi knuspereg Wierfelen.

 

Virbereedungszäit: 15 Minutte plus 1 Stonn fir d’Séissgromperen

Kachzäit: 30 Minutten

Fir: 4 Persounen als Bäilag oder 2 Persounen als Moolzecht

 

Ingredienten

4 Séissgromperen

500 ml Waasser

1 EL Olivenueleg

Salz a Peffer

500 g Grünkohl

1 TL Salz

1 Limette, Jus

150 g Pois Chiches, gekacht

1 TL Garam Masala

1 EL Olivenueleg

1 TL graffe Moschter

2 TL Moschter

6 EL Äppelesseg

3 EL Olivenueleg

Salz a Peffer

Zoubereedung

 

  1. D’Séissgrompere schielen an a Cuben schneiden. Dann fir eng Stonn a kalem Waasser stoe loossen. Dono gutt ofdréchnen a mat Olivenueleg, Salz a Peffer mëschen. An der Pan ubroden oder bei 180 Grad 30 Minutte bake loossen.
  2. Wärend d’Séissgrompere baken de Grünkohl wäschen an dreschnen. De Strunk an der Mëtt erausschneiden an d’Blieder a mondgerecht Stécker rappen oder schneiden. Alles, ausser de Strunk an eng Schossel ginn a mat Salz a Limettenjus gutt vermëschen. Dat ganzt fir 30 Minutten zéie loossen. Tëschenduerch kann een och eng Kéier gutt mat den Hänn knieden.
  3. D’Pois Chiches mat Garam Masala an Olivenueleg mëschen a fir 10 Minutte mat bei d’Séissgromperen an de Schäffche maachen.
  4. Fir d’Vinaigrette de Moschter mam Esseg an Ueleg vermëschen, mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  5. Jee no Goût kann alles waarm zesumme gemëscht oder ofkille gelooss ginn.

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese léiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider.

Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply