Happy Zucchini

Bei dëse summerlechen Temperaturen ass et engem éischter no eppes liichtem an einfachem. Mat dëser Courgettë Galette mat Ricotta an Zitroun  kënnt dir näischt falsch maachen!

D’Galette ass ganz schnell fäerdeg, virun allem wann een fäerdegen Bliederdeeg keeft. D’Hierstellung vun dësem ass nämlech bëssen méi komplizéiert an et dauert och laang, bis een ee Resultat huet. Natierlech kann een och nach aner Deegzorten huelen, wéi zB een häerzhaften Mürbedeeg (ouni Zocker). Ma den Bliederdeeg gëtt deem ganzen eng gewëssen Liichtegkeet.

Courgette, Ricotta an Zitroun harmonéieren ganz gutt mateneen an et schmaacht schéin erfrëschend. Dowéinst ass se och ideal fir een liicht Owesiessen mat enger gudder Zalot oder als Entrée geduecht.

Tipp: Courgetten kënnen och duerch Tomaten, Rout Rommelen oder Auberginne ersat ginn. Ausserdeem kann een schnell doraus och eng séiss Variant zauberen an se mat Nektarinen, rouden Friichten oder Mirabellen beleeën. An deem Fall kann een dat ganzt nach mat engem Läffel Hunneg verfeineren.

Virbereedungszäit: 15 Minutten

Kachzäit: 25 Minutten

Fir: 4 Persounen mat enger Zalot oder als Entrée

Ingredienten

•1 Courgette

•1 TL Salz

•250g Ricotta

•Salz & Peffer

•1 Zitroun (Jus an Zeste)

•1 Pack Bliederdeeg

•1 Eewäiss

•1 EL Olivenueleg

Zoubereedung

  1. Courgette a Scheiwen huwwelen a mat 1 TL Salz fir 30 Minutten zéien loossen.
  2. Den Ricotta mat Salz, Peffer, Zitrounejus an -zeste vermëschen.
  3. D’Ricottameschung op den Bliederdeeg verdeelen a mat den Courgette beleeën. Dobäi een Rand vun ca 3 cm fräi loossen.
  4. D’Säiten vum Bliederdeeg aklappen an mat Eewäiss besträichen.
  5. D’Courgette mat dem Olivenueleg bepinselen.
  6. D’Galette fir 25 Minutten bei 200 Grad Umluft backen loossen.
  7. Bëssen ofkillen loossen an a véier Stecker schneiden.
  8. Mat Zalot oder sou zerwéieren.

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese léiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider. 

Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply