Himmlesch Entrée

Riesling-Kréiderzopp mat Zander-Tartar

Zutaten fir 4 Léit:

Zopp:

250 ml Riesling

2 Schallotten, kleng gehackt

1/2 Bond glat Péiterséileg, gewäsch a grob gehackt

1/2 Bond Schnittlauch, gewäsch a grob gehackt

900 ml Geméisfond/brühe

200 ml Ram

5 Gromperen, geschielt an a kleng Stécker geschnidden

1 Knollensellerie, geschielt an a kleng Stécker geschnidden

Salz, Peffer

e Stéck Botter

Tartar:

200 g Zanderfilet

1 EL Sesam

Salz, Peffer

Dekoratioun: e bëssen Dill

Fir dZopp: 

Den Uewen op 120°C Ober- und Unterhitze virhëtzen.

Fir Zopp, d’Schallotten am Botter broden. Mam Riesling no 5 Minutten ofläschen an et e bëssen akachen loossen. (5 Minutten)

Geméisfond, Gromperen, Zellerie derbäi ginn an opkache loossen. Gutt mat Salz a Peffer wierzen. Péiterséileg a Schnittlauch och dra maachen. Dat Ganzt fir 20 Minutten op klenger Flam kache loossen.

Elo d’Ram dra schëdden a fir weider 10 Minutte kache loossen.

Schéi fei püréieren an op 1 (op der Kachplack) stellen, sou dass d’Zopp gutt waarm bléift.

Tartar:

Fir den Tartar, de Fësch mam Sesam mëschen. Wierzen.

Fir 10 Minutten an den Uewe stellen.

Pro Zoppenteller ee bis zwee Iessläffel Tartar an d’Mëtt maachen an d’Zopp virsiichteg ronderëm schëdden. Mat bëssen Dill dekoréieren a servéieren.

 

 

 

 Fir bei eis Entrée proposéieren mir Iech de Riesling Göllebour 2020 vu Max Lahr et fils.

Bestellt den Wäin ganz einfach hei :Riesling Göllebour 2020 – jetzt kaufen | Max-Lahr et Fils

 

 

Fotoen an Text: Anne Lommel

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply