Holiday Madness

Champignons Zauber

Chrëschtdag loosse mir eis sou richteg verwinnen. Do dierf déi perfekt Amuse-Bouche beim richtegen Apéro natierlech nik feelen. Mir hunn fir iech en vegaant Rezept preparéiert wat ganz einfach nozekachen ass.

Zutaten:

(Portioun fir 10 Bouchéeë)

Fir d’Polenta:

400 ml Kokosmëllech

300 ml Waasser

1 Zéif Knuewelek

3 Prisen Salz

en bëssen Peffer

150 gr Polenta

1 Iessläffel Olivenueleg

Fir d’Champignone:

2 Iessläffel Sesamueleg

3 Branchen Thymian

2 mëttelgrouss Ennen

200 gr brong Champignons de Paris

8 Iessläffel séiss Sojaszooss

Preparatioun:

  1. Bréngt Kokosmëllechmam Waasser, Knuewelek, Salz an Peffer zum Kachen. Loosst et lues opkachen an dann huelt der Dëppen vun der Plack erof an schëtt Polenta dran. Réiert mam Schnéibiesemen, net datt et Klompen gi. Zum Schluss kennt den Olivenueleg dran.
  2. Leet en Bakpabeierop en Bakblech, an dorop maacht dir elo d’ Ech hunn se mat engem Läffel op ongeféier 1 cm verriwwen. Do leet der eng Frischhaltefolie drop an loosst dat Ganzt fir iwwert eng Stonn kal stoen.
  3. Heizt den Schäffchenop 220 °C vir (Ober – und Unterhitze), an soubal en gutt waarm ass, stellt der den Bakblech mat der Polenta eran fir 30 Minutten (se soll bëssen knuspreg gi).
  4. An deenen 30 Minutten bereeden mir Elo d’Champignone vir. Schneid se an dënn Scheiwen (virdrun engkeier wäschen, falls se knaschteg sinn). Den Sesamueleg an eng Pan machen an gutt waarm gi Lo brot dir d’Champignone dodran un, (stellt är Plack awer net ze héich, mir wëllen net datt se verbrennen). Thymian och derbäi maachen. No 5 Minutten och déi geschnidden Ennen derbäi maachen an mat ubroden fir weider 10 Minutten. Ëmmer erëm dran réieren. Dann kommen 8 Iessläffelen Sojaszooss dobäi, an lo loosst dir dat ganz nach eng gutt 10 Minutten kachen, well lo karamelliséiert sech dat Ganzt.
  5. D’Polenta aus dem Schäffchenhuelen, 5 Minutten
  6. Elo huelt der een Glas an stéchtdomadder kleng Kreesser aus der Polenta raus.
  7. Zum Schluss d’Garnitur “karamelliséiert Champignone” drop machen (mir hunns e mat engem kléngen Läffel drop gemaach). Wann dir wëllt, kennt dir och nach en Zweig Thymian drop leen als Deko.

Fir den Apéro proposéieren mir iech passend zu den Champignions Bouchéeë de Crémant « Clos des Rochers » brut : rosé vun Bernard-Massard, deen dir ganz einfach an hirem online Shop bestellen kënnt.

Walnoss-Ricotta Léift

Huet dir Loscht Chrëschtdag mol eppes Neies auszeprobéieren? Mir hunn iech en Rezept fir eng Entrée peparéiert, wat ganz einfach ass fir nozekachen an är Geschmacksnerven zu 100 Prozent verwinnen wäert.

 

Zutaten fir 4 Leit:

2 grouss Süsskartoffel, an dënn Rondelen geschnidden (0,5 – 1 cm)

Olivenueleg

1 Iessläffel Kanéil

30 g Walnëss

3-5 Iessläffel flëssegen Hunneg

250 Gramm Ricotta

1 Iessläffel Thymian

1 Iessläffel Oregano

1 Iessläffel Rosmarin

Salz, Peffer

Preparatioun:

  1. Fänkt mat der Ricotta-Mëschung un. Mixt den Thymian, Rosmarin an Oregano mat vill Salz an Peffer ënnert den Ricotta an stellt et an den Frigo.
  2. Hëtzt den Uewen op 200 °C vir (Ober-und Unterhitze).
  3. Maacht Süsskartoffel-scheiwen zesummen mat 4 Iessläffel Olivenueleg an 1 Iessläffel Kanéil an eng Schossel an vermëscht et gutt. Dann leet dir se op Bakpabeier, respektiv op en Bakblech an dann an den Schäffchen.
  4. No 20 Minutten d’Süsskartoffel-scheiwenëmdré
  5. No weideren 20 Minutten d’Walnëss derbäi leen.
  6. No weideren 10 Minutten den Backblech eraushuelen an een klengen Läffel Ricotta op all Scheif Nachengkeier 2 Minutten an den Schäffchen stellen, sou dass den Ricotta gutt waarm gëtt.
  7. Zum Schluss eraushuelen, op en Teller 2-3 Scheiwen leen an Hunneg driwwer lafen loossen. Dir kennt och nach Thymian driwwer streeën oder och gedréchent Preiselbeeren (jee no Goût).

Bei dëser Entrée propséieren mir zesummen mat Bernard-Massard iech en 2019 „Pinot Gris“ Grand Premier Cru, deen dir ganz easy bei hinnen am Online-Shop bestellen kënnt.

Kéis- Extase

Kéisfondue oder Raclette gehéieren zu Chrëschtdag wéi d’Chrëschtdeko vum Beemchen. Ma déi meescht huele fir d’Fondue eng fäerdeg Kéismëschnung, dobäi ass et wierklech immens einfach d’Fondue selwer ze maachen. Mir weisen iech wéi.

Zutaten fir 4 Persounen:

800 gr Kéis: eng Mëschung vun Appenzeller, Gruyère an Freiburger Vacherin (dir kënnt Iech de Kéis am Buttek scho rappen loossen)

  • 250 ml dréchenen Wäisswäin
  • 3 Zéiwen Knuewelek
  • 1 Iessläffel Maizena
  • 1-2 Iessläffel Kiischtebranntewäin
  • Muskotnoss, Peffer
  • 2 Baguetten

Äert Fonduesdëppen mat enger opgeschniddener Zéiw Knuewelek anréiwen. Dei aaner Zéiwen an kleng Stécker schneiden an bei de gerapptene Kéiss ginn. Dann de gerapptene Kéis ganz lues am Dëppen op der Kachplack schmëlzen loossen (GANZ LUES ass immens wichteg) an ëmmer erem dran réieren. No 10 Minutten de Wäin derbäi maachen an weider réieren, bis eng gebonnen Mass entsteet. Zum Schluss de Maizena mam Kiischtebranntewäin opléisen an bei de Kéis schëdden. Wierzen mat Peffer aus der Millen an Muskotnoss. Dir kënnt Baguette an kléng Stecker schneiden fir dran ze zappen. Ween well, duerf awer och aner Ingredienten huelen fir derbäi, wei z.b. Geméis, Zoossiss etc. Eng Zalot passt och nach super derbäi (fir eppes Frësches ze hunn).

Bei der Kéisfondue proposéieren mir iech zesummen mat Bernard-Massard en Chardonnay 2018 Clos des Rochers, “Petite Fleur des Rochers”. En passt wierklech perfekt dobäi an dir kënnt en ganz einfach am online Shop vu Bernard-Massard bestellen a bei iech heem liwweren loossen.

Wat wier Chrëschtdag ouni d‘Bûche? Mir weisen iech wéi dir de Klassiker doheem kënnt backen. Mir hunn fir iech d’Geheimrezept vum Anne senger Bomi Jacqueline kritt.

Biscuitrull:

-4 Eegiel

– 4 Iessläffel waarmt Waasser

– 100 gr Zocker

– 1 Pack Vanillszocker

– 4 Eewäiss

– 25 gr Zocker

– 75 gr Miel

– 50 gr Maizena

– 1 klengen Läffel (glaat gestrach) Bakpolver

4 Eegiel mat 4 waarm Iessläffel Waasser schaumeg réieren mam Mixer. Lo déi 100 gr Zocker mam Vanillszocker lues derbäi gi an stänneg weider mixen. (ongeféier 10 Minutten)

An der Tëschenzäit 4 Eewäiss mat 25 gr Zocker zu engem Schnéi klappen. Den Schnéi zu der Zocker-Eeermass derbäi gi an d’Miel drop sieben. Alles mat engem Schnéibiesem drënner hiewen.

En Bakblech anuelegen an Pergamentpabeier drop leen. Do drop eisen Biscuitsdeeg schëdden an glat verreiwen mat engem Messer sou datt se gläichméisseg ass. Bei 180 °C Ober-und Unterhitze fir 10-15 Minutten baken. Den Biscuit soll just liicht brong sinn, dat geet duer, well soss gëtt se ze haart an léisst sech net gutt rulle.

Dono den Biscuit aus dem Bakblech tippen, an op eent mat Zocker bestëbst Kichenduch leeën.

Dann op den Biscuit eent fiicht Duch leeën an mam ënneschten Duch (zesummen) rullen. Mat Lastiker op den Ecker zou strecken an d’Rull Biscuit kal (Zëmmertemperatur) gi loossen.

 

 

 

Bottercrème:

-375 gr Botter (gutt mëll, Zëmmertemperatur)

-3 Eeër (net kal)

-150 gr Zocker

De Botter mam Mixer réieren fir eng hallef Minutt. D’Eeër mam Zocker um Bain-marie fir 10 Minutten klappen mam Mixer bis déi Mass bal wäiss ass. Erof huelen an kal (Zëmmertemperatur) gi loossen.

Lues an lues d’Eeër-Zocker Mass bei den Botter derbäi gi an mat engem Schnéibiesem glat réieren.

Elo ass d’Bottercrème “wäiss”.  Mir hunn en bëssen dovun erausgeholl (2 Iessläffelen) fir herno als Dekoratioun ze benotzen. Dat Meescht hunn mir mat Kaffi gemëscht. Dofir einfach 2 Iessläffel Nespresso Gold mat Waasser opléisen an ënnert Bottercrème mëschen.

En plus wann een wëll gréng Blieder formen, kann een en bëssen d’Bottercrème mat Liewensmëttelfaarf fierwen.

Garnitur:

D’Biscuitrull erëm aus dem Duch huelen an ausrullen sou datt se platt do läit. Elo ongeféier en halwen Zentimeter déck mat der Kaffi-Bottercrème besträichen. Nees zesummen rullen. Déi zwee Ecker (Enner) schif ofschneiden. Op den Enner hunn mir déi wäiss Bottercrème benotzt, an mir hunn eng Tranche benotzt fir op Bûche ze leeën fir eng Aart Bamstamm ze kreéieren. Do kënnt dir awer machen wéi dir wëllt. Déi ganz Bûche mat Bottercrème besträichen an lo kënnt dir ärer Fantasie fräien Laf loossen fir d’Dekoratioun.

Et kann een op den Enner vun der Bûche och sou eng Aart vun Bamstamm drop molen. An zwar huelt dir dofir verschidden Gréissten vun Glieser an zappt déi an Kakaospudder. Dat gi sou “Rondelen” op der Bottercrème.

Bei der Bûche proposéieren mir iech zesummen mat Bernard-Massard en Gewürztraminer 2018 vun Domaine Thill, deen dir ganz einfach am online Shop vu Bernard-Massard bestellen kënnt a heemgeliwwert kritt. MADI Memberen kreien iwwrigens 10 Prozent Reduktioun op hirer Bestellung.

Mir wënschen iech all schéi Feierdeeg an ee gudde Rutsch!

D’ganzt MADI Team

 

 

Text a Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply