Kéis-Extase

Kéisfondue oder Raclette gehéieren zu Chrëschtdag wéi d’Chrëschtdeko vum Beemchen. Ma déi meescht huele fir d’Fondue eng fäerdeg Kéismëschnung, dobäi ass et wierklech immens einfach d’Fondue selwer ze maachen. Mir weisen iech wéi.

Zutaten fir 4 Persounen:

800 gr Kéis: eng Mëschung vun Appenzeller, Gruyère an Freiburger Vacherin (dir kënnt Iech de Kéis am Buttek scho rappen loossen)

  • 250 ml dréchenen Wäisswäin
  • 3 Zéiwen Knuewelek
  • 1 Iessläffel Maizena
  • 1-2 Iessläffel Kiischtebranntewäin
  • Muskotnoss, Peffer
  • 2 Baguetten

Äert Fonduesdëppen mat enger opgeschniddener Zéiw Knuewelek anréiwen. Dei aaner Zéiwen an kleng Stécker schneiden an bei de gerapptene Kéiss ginn. Dann de gerapptene Kéis ganz lues am Dëppen op der Kachplack schmëlzen loossen (GANZ LUES ass immens wichteg) an ëmmer erem dran réieren. No 10 Minutten de Wäin derbäi maachen an weider réieren, bis eng gebonnen Mass entsteet. Zum Schluss de Maizena mam Kiischtebranntewäin opléisen an bei de Kéis schëdden. Wierzen mat Peffer aus der Millen an Muskotnoss. Dir kënnt Baguette an kléng Stecker schneiden fir dran ze zappen. Ween well, duerf awer och aner Ingredienten huelen fir derbäi, wei z.b. Geméis, Zoossiss etc. Eng Zalot passt och nach super derbäi (fir eppes Frësches ze hunn).

Bei der Kéisfondue proposéieren mir iech zesummen mat Bernard-Massard en Chardonnay 2018 Clos des Rochers, “Petite Fleur des Rochers”. En passt wierklech perfekt dobäi an dir kënnt en ganz einfach am online Shop vu Bernard-Massard bestellen a bei iech heem liwweren loossen.

 

Text a Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply