Kulinaresche Summerdram

Beim Vakanz heiheem maachen an entdecke vun eisem Land, taucht dotëscht mol gär e klenge Creux op. Dofir teste mir wärend dem Summer Restaurante fir iech. Haut maache mir en Stopp zu Miersch am Restaurant “La Bohême“.

Et erwaart eis eng wonnerschéin Terrasse mat vill Grénges an engem styleschen Dekor, déi direkt bei eisem Ukomme schonn eng Summerambiance verspreet. Bei dësen hëtzegen Temperature brauche mir als aller éischt mol en gudden Apéro-Spritz fir eis ze erfrëschen. Domat fänkt eis kleng Vakanz hei un.

Op hirer Kaart fënnt ee wierklech vun allem. Vu vegetaresche Platen iwwer Zaloten, Fleesch a Fësch Platen, loossen si wierklech kee Wonsch oppe stoen.

Mir entscheeden eis fir eng Zalot mat Scampien. Bei dësen Temperature genau dat richtegt. D’Entrée ass super schéin zoubereet. D’Aen kënnen hei definitiv mat iessen. Et ass en Genoss. D’Zooss vun de Scampien huet en Touch thailännesche Pepp. Summer pur. D’Zalot ass knackeg an d’Scampie perfekt gebroden an d’Portioun ass riseg.

Mir genéissen all Maufel an dësem wonnerbaren summerlechen Ambiente.

Als Haaptplat bestelle mir eis Saumon. Dëse kënnt mat engem Mix aus Avocado an Mango. Wow, wat eng interessant a virun allem lecker Kombinatioun! De Saumon ass liicht. Eis gefält besonnesch den Aspekt, dass de Plat nik iwwerlueden ass u Bäilagen. Mir si sat an ewer nik iwwerfëllt. An déi zwee Platen ware ganz gesond a frësch zoubereed.

Et schmaacht een direkt, dass hei nëmme mat frësche Produite geschafft gëtt.

Mir si super zefridden a kënnen de Resto nëmme weider empfeelen. Iwwregens ass d’Personal och mega léif a frëndlech. De Restaurant “La Bohême” kritt vun eis 5 vu 5 MADI Kussmënner.

De Restaurant ass all Dag op ausser Dënschdes a Samschdes Mëttes a Sonndes Owes. Denkt drun en Dësch ze reservéieren um Telefon : 26 32 27 67 oder iwwert info@restaurantlaboheme.lu

 

Mady Lutgen

Fotoen: Leslie Schmit


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply