Mieresfriichte mat Papayaszooss
Zutaten fir 4 Persounen :
100g Moulen
8 geschielte Scampien
4 Jakobsmuschelen
Ueleg an/oder Botter fir Unzebroden
Salz a Peffer
Zutaten fir Zooss:
1 räif Papaya
1 Schallotte
1 Knuewelekszéif
1 rout Chilischote
2dl Wäisswäin
3dl Fëschfong
2dl Ram
Salz, Peffer aus der Millen
1 El Botter
Zoubereedung:
Mieresfriichte wäschen an drëchentupfen
- Scampie bis zum Schwanz an der Mëtt duerchschneiden, net bis zum Schluss doduerch kréngele Scampie’en sech beim Ubroden
- wierzen an alles kuerz am Ueleg/Botter ubroden an op d‘Säit stellen
Zoubereedung vun der Zooss:
Papaya schielen, an zwou Halschechte schneiden a Käre mat engem Zoppeläffel auskrazen, an a Stécker schneiden
- déi gehackte Schalotte an di gepresste Knuewelekszéif am Botter undënsten
- mat dem Wäin ofläschen an akache loossen
- de Fëschfong, Papayastécker an opgeschnidde Chilischote dobäi gi
- wierzen akache loossen
- dann dat Ganzt duerch e Sieft sträichen
- Ram dobäi gi, an nach eng Kéier bis op Hallschent akache loossen
- nowierzen
Zesummesetzung:
Gromperepüree preparéieren
- Eng Hallschent vun enger StJaques Muschel, soss eng kleng Schossel fir an de Schäffchen
- De Püree an e Sprutzsack fëllen an eng kleng Rosette an Muschel sprëtzen
- Mieresfriichten dra verdeelen a mat der Papaya’s Zooss nappéieren
- Am Schäffche bei 180* 15 Minutte goe loossen
- Virum Zervéieren nach mat puer Kraider dékoréieren
Zesumme mat Bernard-Massard proposéieren mir iech bei dëse Plat en Lëtzebuergeschen Pinot Blanc “Clos des Rochers” vun 2019. Dir kënnt de Pinot Blanc hei bestellen an dir kritt en souguer heemgeliwwert.
Text: Corinne Flammang