Muerten-Genoss

Muerten sinn an der Lëtzebuerger Kichen als Bäilag net ewech ze denken. Dobäi kann een d’Muerten esou flott variéieren. An dësem Rezept hunn ech d’Muerten am Schäffchen gebak. Doduerch kréien se een gutt Röstaroma, dat ech perséinlech immens gären hunn. Dono sinn se mat besseren Ahornsirop karamelliséiert ginn a mat Feta iwwerbak. Ech kann iech soen, et ass ee richtegen Gaumenschmaus an den Goût vun der Muert kennt richteg gutt eraus. Fir dat ganzt ofzeronnen hunn ech aus dem Gréngs vun den Muerten nach ee leckeren Pesto gemaach. Esou ass alles vun der Muert verwäert ginn an dir wäert iwwerrascht sinn, wéi gutt dat schmaachen kann! Bei dat Gréngt vun den Muerten passen Nëss immens gutt. Virun allem Walness kommen dobäi gutt un. Ween well, kann natierlech nach ee Stéck Parmesan dobäi maachen. Mir war den Feta op den Muerten genuch an ech hunn dowéinst keen Extra Kéis an den Pesto gemaach. Den Recht vum Pesto kann een dono afréieren oder mat enger gudder Nuddel zerwéieren. 

 

Virbereedungszäit: 15 Minutten

Kachzäit: 25 Minutten

Dauer: 45 Minutten

Fir: 4 Persounen als Bäilag

 

 Ingredienten fir dMuerten

 500g Muerten

1 EL Ueleg

1-2 EL Ahornsirop

50g Feta

 

 Ingredienten fir den Pesto

 Gréngs vun den Muerten

10 geschielten Walness

75ml Ueleg

Salz a Peffer

Zoubereedung

 

  1. Den Schäffchen ob 200 Grad virhëtzen.
  2. D’Muerten wäschen an schielen. Vunder Muert dat Gréngt ewechschneiden. Dëst gëtt gehalen fir den Pesto ze maachen.
  3. D’Muerten liicht mat engem Pinsel mat Ueleg besträichen a Salz a Peffer drop maachen.
  4. D’Muerten elo fir 20 Minutten baken loossen, bis se ufänken bëssen Faarf ze kréien.
  5. Den Feta doriwwer streeën an nach eng kéier fir 5 Minutten mat baken.
  6. Fir den Pesto dat Gréngt mat den Walness an dem Ueleg püréieren. Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  7. D’Muerten nach waarm zesummen mam Pesto zerwéieren.zerwéieren.

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese leiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider. Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply