Nougat glacé à la Krëschtdag

Zutaten (4 Persounen)

 

3 Eewäiss

2 Zl Hunneg

2 dl Ram

1 Zl gehackte Mandelen

1 Zl Pinienkären

50 g Marzipan

2 gedréchent Figen

2 Dattelen

2 gedréchent Quëtschen

1 Zl gehackte Pistazien

Zutaten fir Zooss:

½ L Mëllech

4 Eegiel

40 g Zocker

½ Vanillsstaang

1 Neelcheskapp

1 Stärenanais

  Muskotnoss

Zoubereedung vum Nougat glacé:

  • Mandelen a Pinienkären an der Pan réischteren an ofkille loossen
  • de Marzipan, Figen, Dattelen a Quetsche kleng hacken
  • Ram zu Schmant schloen a kal stellen
  • Eewäiss zu Schnéi schloen
  • den Hunneg erhëtze bis en flësseg ass a lues ënnert den Eeschnéi hiewen
  • all aner Zutaten ausser de geschloene Schmant ënnert den Eeschnéi hiewen
  • zum Schluss de Schmant ënnerhiewen
  • dat Ganzt an eng mat Plastikfolie ausgeluechte Form ginn
  • mat der Folie ofdecken an an der Tiefkühltruh iwwert Nuecht fréiere loossen

Zoubereedung vun der Zooss:

  • Mëllech, Hunneg, a Gewürzer an engem Dëppen un Kache bréngen
  • Eegiel schaimeg réieren
  • kachend Mëllech ënnert stännegem Réiere bei Eeegiel schëdden
  • dat Ganzt rëm zeréck an Dëppe schëdden an zeréck op Kachplack
  • lo mat engem Bräiläffel stänneg dra réiere bis dat et ufänkt liicht déckflësseg ze ginn, däerf op kee Fall kachen (à la rose)
  • déi fäerdeg Zooss duerch eng Passette schëdden a kalstellen
  • vun Zäit zu Zäit dra réieren

 

Zesummestellung:

  • 5 Minutte virum Zervéieren de Nougat Glacé aus dem Tiefkühler huelen, aus der Form stierzen an a Tranchë schneiden
  • déi Tranchen op engem Teller mat der Zooss uriichten
  • dekoréieren

 

 

 

Zesumme mat Bernard-Massard proposéieren mir iech bei dëse Plat en Lëtzebuergeschen Gewürztraminer  “Domaine Clos des Rochers” vun 2020. Dir kënnt de Gewürztraminer hei bestellen an dir kritt en souguer heemgeliwwert.

Text: Corinne Flammang


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply