Panna Cotta mat Glühwäinkiischten

Zutaten (fir 4-5 Persounen)

  • 1/2 Téiläffel Kanéil
  • 150 ml roude Glühwäin
  • 200 g Sauerkiischten aus dem Glas (entstengt)
  • 1 Packung Gelatine oder 5 Gelatineblieder
  • 250 ml Vollmëllech
  • 250 ml Ram
  • 100 g Zocker
  • 1 Téiläffel Vanillszocker
  • 1 Orange
  • 50 ml Kiischtejus
  • 2 Iessläffele Maizena
  • Rosmarin (als Dekoratioun)

 

 

Zoubereedung:

  1. Gelatinpolver an en bësse Waasser fir 5 Minutten opquëllen.
  2. Mëllech, Ram, Kanéil, d’Hallschent vum Zocker an Vanillszocker an engem Dëppe ganz kuerz opkache loossen.
  3. Vun der Plack erofhuelen a Gelatine dra verréieren.
  4. Kal bis wotlech gi loossen an dann a kleng Glieser ëmfëllen an an de Frigo stellen.
  5. Glühwäi mat Kiischten a Jus vun der Orange opkache loossen.
  6. Kiischtejus mat Maizena verréieren a bei de Glühwäi schëdden. Dat Ganzt fir 10 Minutte lues kache loossen.
  7. Wann d’Glüwainkiischte kal sinn, op de Panna Cotta ginn an alles am Frigo loosse fir opmannst 3 Stonnen.
  8. Virum zerwéiere klengt Stéck Rosmarin als Dekoratioun drop leeën.

 

Beim Dessert proposéieren mir iech zesummen mat Bernard-Massard en Gewürztraminer 2018 vum Domaine Thill. Bestellt iech dëse Wäin ganz einfach Heem via den Online Shop vu Bernard-Massard.

 

D’Ganz MADI Team wënscht iech en gudden Appetit a ganz schéin Féierdeeg!

 

Text a Fotoen: Anne Lommel


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply