Pumpkin Love

Am Hierscht dierf eng gutt Kürbiszopp net feelen . Dobäi kann ee ganz kreativ sinn an d’Zopp mat verschidden Kraider, Gewürzer an Ueleger verfeineren. An dësem Fall hunn mir d’Zopp mat Kokosmëllech gekacht. Dobäi kënnt een aromateschen Salbei Pesto an geröstet Kürbiskären, déi deem ganzen de gewëssen Pepp ginn.

 

Virbereedungszäit: 30 Minutten

Kachzäit: 30 Minutten

Fir: 4 Persounen als Entrée

Ingredienten

Kürbiszopp

1 Knuewelekszéif

3 Schallotten

2 EL Olivenueleg

1 Butternut Kürbis

4 Gromperen

500ml Geméisbritt

400ml Kokosmëllech

1/2 TL Piment d’Espelette

Salz & Peffer

Salbei Pesto

2 Knuewelekszéiwen

1 Bond Salbei

100g Walness

100ml Olivenueleg

50g Parmesan

Salz & Peffer

Kürbiskären

ca 70g Kürbiskären (aus dem Butternut Kürbis)

1 EL Olivenueleg

1/2 TL Salz

1/4 TL Paprikapolver

Fir ze zerwéieren

1 TL Kürbiskärenueleg pro Teller

Zoubereedung

 

  • Knuewelekszéif an d’Schallotten schielen an a Stécker schneiden.
  • Den Olivenueleg an engem Dëppen erhëtzen an den Knuewelek a Schallotten doran ubroden, bis se Faarw unhuelen
  • Den Kürbis schielen an d’Kären eraushuelen. Dës op d’Säit léen fir méi spéit. Den Kürbis a Stécker schneiden an bei de Knuewelek a Schallotten ginn
  • D’Gromperen schielen an och a Stécker schneiden
  • D’Geméis mat enger Britt oofläschen an wärend 20 Minutten kachen loossen.
  • Alles fein püréieren an Kokosmëllechmat ënnerginn sou datt d’Zopp ganz cremeg gë
  • Mat Piment d’Espelette, Salz a Peffer ofschmaachen.
  • Fir den Salbei Pesto den Salbei mat den Walness an ee Mixer ginn a fein püré
  • Den Parmesan fein hobelen a mat Olivenueleg ënnermë
  • Mat Salz a Peffer ofschmaachen.
  • Kürbiskären gutt wäschen an dreschen.
  • Kürbiskären zesummen mam Olivenueleg, Salz a Paprikapolver më
  • Am virgehetzten Schäffchen bei 170 wärend 12 Minutten baken, dobäi all 4 Minutten Kären engkeier ré
  • D’Zopp zesummenmam Pesto, den Kürbiskären an engem Schotz Kürbiskärenueleg zerwéieren

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese léiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider.

Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply