Queen of Chocolate

Eng Knippchen, zwou Knippecher… allez, just nach eng – a schonn ass d’Këscht eidel. Wat déi meescht als Schneekerei owes beim Fernsee kennen, ass fir d’Lola Valerius eigentlech Chinesesch, well esou richteg séiss war hatt nach ni. Ëmsou méi witzeg fannen seng Kolleegen de Fait, dass d’Lola – dir liest richteg – Chocolatier ass. De Willy Wonka vun Esch, wéi d’Minetter Meedchen sech selwer mat engem Laachen nennt, huet seng Léift zum Schockela net wéinst dem Goût entdeckt, ma wéinst der Matière, well déi sech esou schéi formen, fierwen a verännere léisst.

Eigentlech am Studium fir Architektur, mierkt déi jonk Studentin am zweete Joer Bachelor, dass dat dauernd virum Bildschierm hocken net esou wierklech Senges ass. Ma ophalen ass fir d’Lola awer keng Optioun, also gëtt op d’Zänn gebass a seng Zäit nieft der Uni zu Wien mat bake verbruet. De Kuch ass dat, wat d’Lola ursprénglech faszinéiert, och wann hatt vun Doheem eigentlech net esou wierklech d’Schneeke geléiert gouf: “Bei eis gouf et keen Dessert oder eppes Séisses. Ech hu mat véier Joer déi éischte Kéier a mengem Liewen e Stéck Schockela giess an et mega eekleg fonnt.” Mol net den Teller vum Kleesche konnt d’Lola begeeschteren:

“De Schockela ass ëmmer schlecht ginn, ier ech e giess hat. Dofir seet meng Famill haut nach am Geck, dass mäi Beruff eigentlech guer net bei mech passt.”

Ma e Bléck an dem Lola seng kleng boîtes de chocolats verréit de Géigendeel, well dem 29-Järegen seng Kreatioune sinn on fleek. Faarwverleef, e bësse Glitzer a virun allem vill Schichte verstoppen sech am Lola senge ronne Knippercher, déi engem direkt eng Gloscht op Séiss hirzauberen. Geléiert huet d’Creatrice den Ëmgang mam “liquid gold” an engem Intensivcours vun dräi Deeg a mat vill YouTube-Tutorials a Bicher, well eigentlech war nom Bachelor eng Ausbildung als Patissier drun.

“Ech hunn e puer Méint hei an enger Patisserie geschafft an dunn zu Paräis eng Formation adulte gemaach, ier ech dunn op Taiwan gaange si fir do an enger franséischer Patisserie ze schaffen. Dohanne flippen d’Leit mega dorop a sti moies scho Schlaang, ier de Buttek iwwerhaapt opmécht.”

Déi éischter rau Aarbechtsbedingungen am Osten si fir d’Lola e krasse Kontrast zu de chice Patisserien, déi hatt vu Lëtzebuerg a Paräis kennt, ma Spaass mécht him d’Aarbecht awer trotzdeem – wier do net e klengen Hoken:

“De Problem zu Lëtzebuerg ass, dass hei all Bäcker alles mécht an doduerch oft näischt esou wierklech gutt. Plus haassen ech fréi schlofe goen, wat an enger Patisserie net ze evitéieren ass. Wann s de awer Chocolatier bass, da mussen net Moies um 7.00 scho frësch Croissanten do leien.”

Et ass decidéiert: d’Lola fiert zeréck op Paräis a fänkt un beim bekannte Chocolatier Patrick Roger ze schaffen. Ma hatt wëll awer eppes maachen, wat méi speziell ass wéi “normal” Knippercher. “Et ginn dräi Plazen, eng a Schweden, eng an der Belsch an eng an Holland, wou ech gär geschafft hätt, mee déi hunn all zu deem Moment keng Leit gesicht a fir op New York bei ‘Stick With Me Sweets’ krut ech kee work permit, also hunn d’Ëmstänn dozou gefouert, dass ech mech méi schnell selbststänneg gemaach hunn, wéi ech dat eigentlech geplangt hat”, esou d’Lola. Virun allem seng Léift fir d’Handwierk am allgemenge pusht d’Escher Meedchen, säi Plang wierklech ëmzesetzen:

“Ech sinn der Meenung, dass een och Jonker soll motivéieren esou Beruffer ze léieren. Hei am Land kriss de an der Léier zua vläicht d’Technike bäibruecht, mee awer net d’Passioun fir de Beruff an déi ass et, déi herno déi richteg gutt Chocolatieren ausmécht.”

Seng éischt eege Knippercher fabrizéiert d’Lola Chrëschtdag fir d’Famill, knapp 24 kleng Schockelasknuppe stinn de 24. Dezember bei de Valerius’en um Dësch. Duerno fänkt hatt un ze experimentéieren, eppes Modernes soll et si mat Goût-Kombinatiounen, déi ee nach net onbedéngt esou kennt. “Fir Valentinsdag hunn ech verschidde Blummenzorten ausgewielt an déi da mat Friichtegelee kombinéiert. Ech maachen immens gär gemëschte Këschte fir dass och Zorten dra sinn, déi ee vläicht selwer net gewielt hätt, mee duerch déi een da nei Saachen entdeckt.” A seng Knippercher kënnt dobäi just, wat frësch ass, well beim Lola steet d’Qualitéit un éischter Stell: “Ech wëll dass d’Leit verstinn, dass et net normal ass Knippercher zwee Méint bei Zëmmertemperatur leien ze loossen, ouni dass sech eppes dru verännert. Schockela ass eppes immens Kriddeleges a wann s de keng Conservateure benotz, da kanns de dat och net éiweg halen.”

Fir seng zukünfteg Kreatioune plangt d’Lola verschidde Gammen, déi dauernd wiesselen a sech de véier Saisonen upassen. Inspiratioun fënnt hatt hei bei Chocolatieren aus dem Ausland: “Wann et em de Goût bannendra geet, da sinn dem Patrick Roger seng Rezepter mega. Vum Ausgesinn hir sinn dem Andrey Dubovik seng Knippercher au top. Bei him a senger Fra hat ech d’lescht Joer am Juli zu Porto e Cours gemaach a seng Kreatioune sinn all mat engem immensen Opwand verbonnen. An natierlech d’Saache vu Stick With Me Sweets, do gesäis de déi verschidde Schichten an dat ass dat wat ech och maan.” Zousätzlech zu de renge Knippercher wëll d’Lola iergendwann dann och säin eegene Nutella kreéieren – quasi Karamel fir op d’Schmier, wéi hatt et nennt.

Dofir muss d’Lola awer fir d’éischt emol e Lokal mat enger passender Kiche fannen: “Ech plangen geschwënn en Onlineshop ze hunn a PopUps ze maachen a wäert meng Saachen iwwer de Site Letzshop.lu verkafen. De Moment leeft nach alles iwwer Instagram.” Ma och do hunn dem Lola seng Knippercher schonn decke Succès an d’Plange vun der Ouschterkollektioun leeft op Héichtouren. A wien weess, vläicht begéint een d’Kreatioune vun der jonker Escherin och geschwënn an der eng oder anerer Vitrinn doruechter d’Land, well beim Lola huet de Schockelasfloss grad eréischt ugefaangen.

 

 

Laura Tomassini


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply