Rouden Dram

Ee Rout Rommele Carpaccio ass eng wonnerbar Iddie wann dir äre Gäscht eng vegetaresch Entrée wëllt zerwéieren. Dobäi ginn et puer Champignonen, Drauwen, Pinienkären a wonnerbar cremege Burrata! Burrata bei der rouder Rommel? Jo dat passt souguer ganz wonnerbar zesummen! D’Rout Rommel ass an enger Mëschung aus Äppelesseg a Cidre ageluecht a kritt doduerch ee wonnerbare séiss-sauere Goût. De Cidre kennt dir och ganz einfach duerch Äppeljus austauschen. 

Et ginn nach puer aner Varianten, dëse Carpaccio ze verfeineren. Wann dir Burrata net esou gären huet, kann een dëse ganz einfach duerch Feta oder Mozzarella austauschen. Fir de klenge Crunch passen Hieselnëss oder Nëss ganz gutt dobäi. Domat de Carpaccio ee klenge fruchtegen Aroma dobäi kritt passe bei d’Rout Rommel ganz gutt Drauwen, Äppel oder Clementinen an d’Mauséiercherszalot kennt dir einfach duerch Ruccola ersetzen. Dir gesitt, dir hutt ganz vill Méiglechkeeten, dëse Carpaccio ze variéieren.

Wann dir net esou vill Zäit hutt, kennt dir natierlech och fäerdeg gekachte Rout Rommele benotzen an dës dann an dënn Scheiwe schneiden an aleeën. D’Rout Rommel gëtt den Daach virdru schonn an enger Mëschung aus Äppelesseg a Cidre ageluecht a kritt doduerch ee wonnerbare séiss-sauere Goût. De Cidre kennt dir och ganz einfach duerch Äppeljus austauschen.

Virbereedungszäit: 30 Minutten 

Kachzäit: 1 Stonn

Dauer: 1 Stonn 30 Minutten

Fir: 4 Persounen

 

Ingredienten

  • 4 Rout Rommelen
  • 100 ml Äppelesseg
  • 100 ml Cidre
  • 1 Lorberblat
  • 1/2 TL Salz
  • 1/2 TL Pefferkären, gemëscht
  • 150 g Mauséiercherszalot
  • 1 Champignon
  • 4 Bulle Burrata, à 100g
  • 1 EL Pinienkären
  • 12 rout Drauwen
  • 2 EL wäisse Balsamicoesseg
  • 1 EL Olivenueleg

Zoubereedung

  1. D’Rout Rommel fir ca. eng Stonn a kachendem Waasser kachen, bis se duerch ass. Dono gëtt se geschielt an a fein Scheiwe geschnidden. Den Äppelesseg zesumme mam Cidre, dem Lorberblat, Salz a Peffer an ee grousst Glas fëllen, gutt zoumaachen a fir een Dag am Frigo zéie loossen.
  2. Drauwe wäschen an a kleng Scheiwe schneiden. D’Champignone schielen a genau wéi d’Drauwen a fein Scheiwe schneiden.
  3. D’Mauséiercherszalot botzen an ofdrëpse loossen. D’Vinaigrette aus Balsamicoesseg an Olivenueleg maachen. Mat Salz a Peffer ofschmaachen a bis en zerwéiert gëtt am Frigo stoe loossen.
  4. D’Pinienkären an enger Panouni Ueleg urösten an ofkille loossen. Bis se zerwéiert ginn op der Säit stoe loossen.
  5. D’Rout Rommelen op engem Teller uriichten, dorop Champignonen an d’Drauwe verdeelen. De Mauséiercherszalot mat der Vinaigrette mëschen an drop leen. D’Pinienkären doriwwer verdeelen an de Burrata an d’Mëtt leen. Direkt zerwéiert.

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese leiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider. Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply