Saumon’s Häppecher

 

Zutaten :

4 Tranchë Saumon fumé

1 Zalotencornichong

1 Saft a Schuel vun der Zitroun

200g Frëschkéis

Salz a Peffer

 

 

Zoubereedung:

  • Cornichong schielen a graff op enger Rapp rappen
  • mat bëssi grafft Salz vermëschen a puer Stonnen zéie loossen
  • duerno d’Wasser dovun ofscheeden an ausdrëcken
  • Cornichong mat Frëschkéis vermëschen a mat Peffer wierzen
  • op engem ausgeluechte Plastikfilm déi 4 Tranchen, 2 an 2, iwwerlappend ausleeën
  • de Frëschkéis mat Cornichong drop verdeelen, loosst um Ënn vun der Roll wann dir se oprullt en Bord vun 3-4 cm
  • elo rullt dat Ganzt op mat Hëllef vum Plastikfilm (wei eng Bûche)
  • wéckelt nach eng Kéier de Plastikfilm ronderëm an dréint d’Enner fest zou
  • versuergt d’Roll opmannst en hallwen Dag am Frigo, kann och gär den Dag virdru preparéiert ginn

 

 

Fir ze dresséieren:

 D‘Wutze vun der Rull fir d’éischt ofschneiden, an dann de Rouleau an 8 Portioune schneiden

  • Tranchë mat bessi Kraider, Sprossen oder Zalot dekoréieren op engem klengen Teller

 

 

 

Zesumme mat Bernard-Massard proposéieren mir iech bei dëse Plat en Lëtzebuergeschen Crémant “Clos des Rochers” Dr. Frédéric Clasen Brut vun 2015. Dir kënnt de Crémant ganz einfach hei bestellen an dir kritt en souguer heemgeliwwert.

 

 

Text: Corinne Flammang


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply