Saumons-Tartar

Zutaten (fir 4 Leit)

Fir Cornichons-Zalot:

  • 1 Zitroun: d’Schuel ofgeriwwen a 4 Läffele Jus dovunner
  • 2 Iessläffel Rapsueleg
  • 2 Cornichen: geschielt, a ganz dënn Scheiwe geschnidden (och mam Schäler), bis bei d’Käre bannen
  • 3 Iessläffel Dill
  • 1/4 Téiläffel Salz
  • bësse Peffer

2 Läffel Zitrounejus, Zitrouneschuel an Ueleg zesummen an enger Schossel gi mat de Cornichen an Dill dobäi maachen, alles vermëschen a wierzen.

 

 

Fir de Saumons-tartar:

  • 700 g Saumon (am beschten en Lachsrückenfilet a Sashimi Qualitéit)
  • 4 Iessläffel Kaperen
  • 1 grouss rout Ënn
  • 2 Iessläffel Hunnëgmoschtert
  • 1 Téiläffel Salz
  • en bësse Peffer
  • en bësse Kresse als Dekoratioun

 

Zoubereedung:

  1. De Saumon a kleng Wierfel schneiden.
  2. D’Enn a Kapere kléng schneiden.
  3. De Saumon mam Moschtert, mat der Ënn a Kaperen a Salz/Peffer an de Rescht vum Zitrounejus mëschen
  4. Den Tartar an eng Form vun ongeféier 6-8 cm fëllen an dann op engem Teller uriichten.D’ Kresse nierfz d’Cornichonszalot placéieren.

Fir dësen Plat recommandéieren mir iech zesummen mat Bernard-Massard en Pinos Gris Château de Schengen 2018. Bestellt dësen passenden Wäin am Online Shop vu Bernard-Massard a loosst iech en ganz einfach direkt Heem liwweren.

 

Fotoen an Text: Anne Lommel

 

 

 


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply