Summer Wafelen

Wafelen si ganz beléift als Dessert, Snack fir tëschenduerch oder beim Kaffi. Dobäi zerwéieren mir gäre Kompott. Elo am Summer eenegt sech dofir natierlech gudde Rubbarb.

De Rubbarb Kompott kann een sech och op Stock maachen, dofir einfach méi dovu kachen. An Twist-Off Glieser hält en sech wärend puer Wochen am Frigo oder bis zu 6 Méint wann een en afréiert.

Varianten: De Kompott kann och nach mat Äerdbier, Vanill oder engem Schotz Likör verfeinert ginn. Mat enger Vanills Glace zerwéiert ass et och ee super Dessert!

Tipp: D’Wafele kënne ganz einfach an Zipp Tuten agefruer ginn. Wann een da Loscht dorop huet kann een se an de Schäffchen op 150 Grad fir  10 Minutte bake loossen an dir huet erëm frësch Wafele parat.

 

Virbereedungszäit: 15 Minutten

Dauer: 15 Minutten

Fir: 6 Wafelen

 

Ingrediente fir d’Wäffelcher

200g Botter

6 Eeër

150g Zocker

500g Miel

500ml Mëllech

 

Ingrediente fir de Kompott

500g Rubbarb

200-250g Zocker

Zoubereedung

  1. Fir d’Wafelen d’Botter an enger Kasserolle schmëlzen loossen an ofkillen loossen.
  2. D’Eeër opschloen a mam Zocker vermëschen.
  3. D’Miel ënnermëschen a lues a lues mat Mëllech gutt vermëschen.
  4. Zum Schluss déi geschmolten Botter ënner réieren dobäi schëdden.
  5. Fir den Kompott den Rubbarb wäschen an a kleng Stecker schneiden.
  6. Zesummen mam Zocker fir 15 Minutten kachen loossen, den Rubbarb zerfält vum selwen a kann falls gewënscht nach püréiert ginn.
  7. D’Wafelen wärend 4-5 Minutten an engem Waffeleisen ausbacken loossen.
  8. D’Wafelen zesummen mam Kompott zerwéieren.

Beim Jill gëtt leidenschaftlech gekacht. Dobäi steet besonnesch de Genoss am Virdergrond an hat leed grousse Wäert op gutt a saisonal Ingredienten. Hat ass „fleischlos glücklich“ a well senge Lieser dat gären duerch einfach a lecker Rezepter vermëttelen. Op senge Reese léiert hat gären déi landestypesch Gerichter kennen, besicht Kachcoursen a kacht mat Eenheemechen zesummen. Niewent dem Kache beschäftegt hat sech och scho säit puer Joer mam Akachen a Konservéiere vun de Liewensmëttel. Sengt Wësse gëtt hat a Form vu Rezepter weider. 

Mëttlerweil kann een op sengem Blog www.kleineskuliversum.com schonn eng grouss Unzuel un Rezepter entdecken.


Mady is looking back on 18 years of experience in the Luxembourgish media world. She quit her job at Revue to launch an online magazine in which importance will be given to what makes us feel good – inside and out.

Leave a Reply